Search

You may also like

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen
Kultur Stories

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen

Zanter dem 22. Februar 2021 kann een online un enger

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher
Kultur Stories

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher

Leschte Freideg, de 7. Juni 2019, huet den FC Avenir

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?
Kultur Stories

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?

Organiséiert vum Service vum natierleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg,

Food For Your Senses – e Festival fir d’Sënner

Et goufe vill Héichpunkten

De Weekend vum 4. bis de 6. August war um Kierchbierg um Boulevard Pierre Frieden eng gréisser lass, de Food For Your Senses Festival huet Freides owes seng Dieren opgemaach an den Zuschauer e volle Programm offréiert. Mat engem klenge Schülerband Festival am Keller vum Club des Jeunes, organiséiert vun onerfuerenen awer motivéierte jonke Leit, wéi deemools bei der éischter Editioun zu Tënten, hat déi Veranstaltung de Weekend net méi vill gemeinsam. Se ass mat de Jore gewuess a ka mat verschiddenen internationale Festivallen nawell gutt mathalen.

Ze vill versprach haten se net, all Sënner si stimuléiert ginn, fir d’Gehéier gouf et gutt Musek op véier verschidde Bühnen ze héieren, nei Gruppen huet een entdeckt, et konnt een eng Hand mat upaken a bastelen an den diversen Ateliers déi proposéiert gouffe wéi zum Beispill Blummekränz bastelen, Seid bemolen, Postkaarten drécken, op Leinwand molen, Bicher liesen an ausléinen oder sech op eng Ronn Yoga aloossen.

Et gouf ee verwinnt

Am Iessberäich gouf et frëscht Iessen fir all Goût, vun der klassescher Frittebud bis zu exotesche Spezialitéiten. Angenehm war et datt  ee vill Plazen hat fir sech z’entspanen an de Site selwer huet gutt ausgesinn, mat senge villen Installatiounen an Urban Garden an d’Leit ware friddlech a gutt drop. Seelen erlieft een op engem Festival esou eng gutt Stëmmung ouni Gepöbels an dommt Geschwätz. Souguer d’Wieder huet matgespillt! Et huet ee vill verschidde Leit gesinn, vu ganz jonk bis eeler, vu gediege bis extravagant, et war fir all Mënsch eng interessant Aktivitéit dobäi. Eng gesond Mëschung war dat an et war schued mee nëmmen hallef esou schlëmm, datt d’Alice Murton seng Stëmm verluer huet a leider net optriede konnt. Kleng Pannen si nu mol net ze vermeiden.

No enger klenger Paus war des Editioun erëm een Erfolleg an e puer Impressiounen dovu kann een an eiser Fotosgalerie erëmfannen. Food For Your Senses, bis nächst Joer, mir freeën eis schon!

Related topics Event, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad
Next post Previous post