Search

You may also like

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

Vulkanausbroch op Java
International Kultur Neiegkeeten Stories

Vulkanausbroch op Java

Op der indonesescher Insel Java ass de Merapi ausgebrach –

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien

Duerch déi aktuell Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet Groussbritannien eng

Food For Your Senses: Den zweeten Dag!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet un. Um vergaangene Weekend huet déi allerlescht Editioun vum legendäre Food For Your Senses Festival stattfonnt, an dat um Kierchbierg. A fir dëst Funeral Feast, wéi d’Organisateuren d’Evenement genannt hunn, hu sech dausende begeeschtert FFYS-Fans freedeg op de Wee gemaach, fir nach emol esou richteg ze feieren!

Och um Sonndeg, a leider de leschten Dag vun dësem wonnerbare Kulturerliefnis fir all d’Sënner, ass nees op 3 Bühne musikalesch Ënnerhalung gebuede ginn. National an international Kënschtler hu sech zesummefonnt, fir hir Fans vu sech ze iwwerzeegen oder sech einfach emol de Visiteure virzestellen.

Vun Der Brass-Band Hunneg-Strëpp, iwwert eis melancholesch Lëtzebuerger Museker vu Seed to Tree, bis hin zu lëschtege Sounds vu Malaka Hostel war alles mat dobäi. Donieft stoungen nach folgend Bands a Museker um Programm:

Hannah Ida (LU), Stayfou (LU), Chaild (LU), Tomberlin (US), Juniore (FR), Sons (BE), Serge Tonnar & Legotrip (LU), Like Lovers (DE), Thisisforevermore (LU), Namdose (BE), Kate Tempest (UK), Faces on TV (BE) a Boticelli Baby (DE).

Gänsehautmomenter…

Nach eng allerlescht Kéier – dat huet ee sech wuel um vergaangene Weekend oft um Kierchbierg geduecht. Nach emol iwwert dëse Site lafen, nach emol déi selwer gemeeten Installatioune bestaunen, nach emol esou geckeg ronderëm lafen, wéi soss ni. An esou hat ee scho liicht fiicht Aen, wou bemol ee Cortège iwwert den Terrain komm ass, fir eise Festival ze begruewen. A wéi et sech gehéiert, wann een engem ale Bekannte fir ëmmer Äddi seet, ass och eng richteg Zeremonie ofgehale ginn.

Uschléissend war et dunn um Serge Tonnar, zesumme mat Legotrip, fir een aus der melancholescher Stëmmung nees eraus ze zéien. Zesumme mat de Perkussionisten, déi de Cortège geleet hunn, ass dat éischt Lidd gespillt ginn. Et muss ee scho soen, datt et wierklech ee coolen a gelongenen Optrëtt war!

A besonnescher Erënnerung wäert mir perséinlech awer de spéiden Optrëtt vum Mambo Schinki, dee mat senger Uergel an engem hannerluechte Beat d’Hits vu gëschter an haut nei interpretéiert. Et koum engem vir, wéi wann all d’Visiteuren sech op der klenger Plaz tëscht dem Container Village zesumme fonnt hätten, fir zesummen ze feieren. Zemools d’Lidd „Ein Kompliment“, wat eigentlech vun de Sportfreunde Stiller ass, huet wierklech jiddwereen zum matsangen a matdanze bruecht. Och den Text zum Lidd hätt net besser zur Atmosphär passe kënnen, an esou ass den Owend lues a lues op een Enn gaangen…

Related topics Concert, Festival, Food For Your Senses, Kierchbierg, Konscht, Musék, Seed To Tree, Serge Tonnar & Legotrip
Next post Previous post