Search

You may also like

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
Kultur Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

Giel Gileten Akt XX: „Verhältnesméisseg roueg“
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XX: „Verhältnesméisseg roueg“

Si bleiwe mobiliséiert: fir den 20 Samschdeg a folleg solle

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet
Kultur Neiegkeeten

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet

Zanter ee Freideg 19. Mäerz a nach bis den 29.

La Forestinne „Blonde“ – Eng nohalteg „Nopesch“ mat Charakter

La Forestinne „Blonde“ – Eng nohalteg „Nopesch“ mat Charakter

D‘Brauerei vun Ebly (déi huet hire Sëtz zu Léglise, kuerz hanner Arel) huet virun zwee Joer d‘Brauerei „La Forestinne“ iwwerholl, an dësem Numm zur Nohaltegkeet verhollef. Mat all verkaafte Fläsch, geet een Eurocent an den Ardenner Naturschutz. Eng ganz flott Initiativ fir d‘Schwëster vun der „La Corne du Bois des Pendus“.

Dat ass allerdéngs net de Grond firwat dëse belschen IPA et an de Béieradventskalenner era gepackt huet, och wann et ee ganz wäertvolle Kritär ass. Dëse blonden IPA, deem säi Rezept vum Gaëtan Patin – dat ass de Braumeeschter – nach emol op de Leescht geholl ginn ass, huet et mat 5,6% Alkoholgehalt elo net esou Fauschtdéck hannert den Oueren, wéi ee dat géif erwaarden, an awer…

Et ass esouguer erlaabt, well eis „Blonde“ nëmme mat Geeschtmalz, Hief an Happ gezwafft gëtt, dësen net als echten IPA unzëerkennen, well do jo eigentlech Weess sollt dra kommen. Dat géif dësem Béier allerdéngs net gerecht. Zum engem verléint de Geescht dëser „La Forestinne Blonde“ eng schéin a fir en IPA eenzegaarteg liichte Kierper, an den Akzent läit däitlech um Happ.

En ass deemno „Vollmundeg“ mee ganz intelligent equilibréiert. Zu kengem Ament stéiert ee sech um Wiesselspill vun den Aromaen, déi – wann een en elo net einfach erofschëtt – sech am Mond lues entfalen a beim Ofgang d‘Kappnout nach emol ervirhiewen. Liicht dréif ass säi Bléck an erfrëschend seng Séil, an dat ouni sech opzedrängen. An dës „Nopesch“ dierf ee sech verléiwen.

Dann ass nach ze ënnersträichen, datt „La Forestinne Blonde IPA“ op eppes Lokalkolorit huet. Dat bezitt sech op d‘Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer wéi och dem Bësch vun Anlier, vun deem mir zanter der „Black“ wëssen, datt ee Wupp dovunner bei eis am Land geleeën ass. Et ass net schwéier an dësem erfrëschenden IPA genuch Attributer ze fannen déi en eligibel maachen.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Brasserie d‘Ebly, Gaëtan Patin, La Forestinne, La Punta
Next post Previous post