Search

You may also like

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft
Auto Neiegkeeten Sport

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft

D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst
Auto Neiegkeeten Sport

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst

An der Nout erkennt ee seng Frënn, heescht et a

Laurel oder Yanny? Esouguer am Wäissen Haus wëssen se net, wat hei ze héieren ass!
Auto Neiegkeeten Sport

Laurel oder Yanny? Esouguer am Wäissen Haus wëssen se net, wat hei ze héieren ass!

Sidd dir éischter am Lager Laurel oder am Lager Yanny?

D‘Formel 1 deemnächst op RTL

D‘Formel 1 deemnächst op RTL

Wéi säitens Bertelsmann/RTL matgedeelt gouf, ass dem semi-ëffentlech-private Mediekonzern gelongen, sech d‘Iwwerdroungsrechter fir d‘Formel 1 vun der FIA™ ze sécheren. Dësen Deal ëmfaasst dräi Saisonen.

Ab dem 21. Mäerz 2021 gëtt d‘Integralitéit vun de Renne live op de Sender RTL-Zwee an RTL-Play iwwerdroen. Fir déi motorsportbegeeschtert Lëtzebuerger, déi sech un der Kinneksklass vum Motorsport erfreeën, dierft besonnesch de Fait, datt all dës Rennen a Lëtzebuerger Sprooch kommentéiert ginn, lackeleg sinn. Als klenge „Plus“ ginn och d‘Course vum Porsche Supercup, deen d‘F1-Championnat zanter Joren als „Virprogramm“ begleet, live vun de Sender iwwerholl.

Mam Akaf vun der Kinneksklass am Motorsport, huet den däitsche Mediekonzern mat staatlecher Participatioun (Konzessiounsvertrag) op en Neits seng Positioun als mediale Leader vum Sport zu Lëtzebuerg ënnerstrach. Bertelsmann/RTL féiert esou seng Entwécklung vun enger eenzegaarteger Offer am fräien TV weider. D‘Lëtzebuerger erhalen esou, nieft dem Cyclissem (Tour vu Frankräich an aner grouss Klassiker), dem Fussball (Championsleague, Nationsleague an den europäesche Qualifikanten) elo aslo och Zougang zum beschte wat de Motorsport ze bidden huet.

Et gëtt awer och Récksiicht op den nationale Sport geholl. Esou hunn se sech um Kierchbierg elo virgeholl, d‘Ofdeckung vum nationale Sport wesentlech méi breet opzestellen. Dofir gouf den „RTL Sport-Live-Arena“ op hirer digitaler Plattform rtlsport.lu virgesinn, deen onmëttelbar sollt aktivéiert ginn. Hei ginn dann – esou den däitsche Mediekonzern – d‘Spiller vun den ieweschten Divisiounen am: Basket, Fussball, Handball a Volleyball live an an der Widderhuelung ugebueden.

Citatiounen:

„Mir wëllen dem Lëtzebuerger Public ee Maximum u Sport ubidden. Fir unzefänken op nationalem Niveau, mee och bezunn op déi gréissten international sportlech Kompetitiounen. An dësem Geescht si mir Stolz d‘Diffusioun vun der Formel 1 an eis Offer abannen ze kënnen an esou déi passionéiert vum Automobilsport zefriddestellen“, Steve Schmit Direkter fir Inhalt, RTL-Lëtzebuerg.

„Déi ganz Ekipp vu RTL Sport kann et kaum erwaarden dësen neie Challenge, deen d‘Retransmissioun vun der Formel 1 Weltmeeschterschaft duerstellt unzehuelen. D‘Iwwerdroung gëtt vun engem Team vu passionéierte Kommentatoren, déi vun Experten ëmgi sinn, assuréiert, fir esou ee spannend a käischend Produkt ofzeliwweren“, Tom Flammang, Kapp vum Sport.

Illustratioun © Sam Loyd / unsplash

Related topics Bertelsmann, CLT-UFA, F1, FIA, Formel 1, RTL
Next post Previous post