Search

You may also like

Esou geet sech dat Ganzt net op
International Neiegkeeten

Esou geet sech dat Ganzt net op

Nodeems schon déi chrëschtlechsozial Gewerkschaft, déi der Familljeministesch vum EuGH-Urteel

Geständnes no Brandstëftung an der Kathedral vun Nantes
International Neiegkeeten

Geständnes no Brandstëftung an der Kathedral vun Nantes

Nom Feier an der Kathedral hat et séier de Verdacht

Washington verhänkt Sanktioune géint d‘Genereel am Myanmar
International Neiegkeeten

Washington verhänkt Sanktioune géint d‘Genereel am Myanmar

Nom Militärputsch am Myanmar, hunn d‘USA sech fir Sanktioune géint

#ForNature – T’ass Weltëmweltdag!

#ForNature – T’ass Weltëmweltdag!

Et ass Zäit ze erwächen, ze handelen a sech fir d’Natur an d’Ëmwelt anzesetzen. Zënter 1974 gëtt all Joer um 5. Juni de Weltëmweltdag zelebréiert, fir esou op d’Problemer dobaussen opmierksam ze maachen, déi och eist Iwwerliewe bedreeën.

An dësem Joe steet de Weltëmweltdag ënnert dem Motto „Biodiversitéit – eng dréngend an existenziell Suerg“. Vu Bëschbränn a Brasilien, iwwert déi global Pandemie, hin zu Heespréngerploen an Ost-Afrika, d’Impakter op eis Ëmwelt si gravéierend. An awer schéckt d’Natur eis ee Message: Mir mussen se schätze léieren an eis ëm se këmmeren.

Weltëmweltdag

An dësem Kader mécht d’Plattform worldenvironmentday.global och op den Agenda fir nohalteg Entwécklung 2030 opmierksam. Zil vum kollektive Plang ass Fridden a Wuelstand fir jiddwereen. Heivir si 17 nohalteg Ziler opgestallt ginn, déi ronderëm global Erausfuerderungen, wéi Aarmut, Ongläichheet, Klimawandel oder och Zerstéierung vun der Ëmwelt dréien. Wärend dem Progrès, dee gemaach gëtt, dierf d’Biodiversitéit net vergiess ginn. Vun hir hänkt Villes of.

Et sollt ee bedenken, datt mir d’Natur net nëmmen fir eist generellt Wuelergoen, den Ubau vun eisem Iessen oder als Source fir Waasser brauchen. Si gëllt als essentiell Quell fir déi modern Medezin. Planzen, Déieren a Mikroben loossen d’Wëssenschaftler déi mënschlech Physiologie verstoen a soumat no Medikamenter an/oder Traitementer fir Krankheete sichen. Aktuell solle ronn 4 Milliarde Mënschen an éischter Linn op natierlech Medezin zeréckgräifen. Ëm 70 % vun alle Medikamenter zur Behandlung géint Kriibs sinn natierlech, respektiv inspiréiert un der Natur.

Dobäi kënnt, datt den Ekosystem d’Klima op der Welt reguléiert a sech ëm d’CO2-Emissioune këmmere soll. E gesonden Ekosystem kann d’Erhéijung vun der globaler Temperatur ëm 37 % verréngeren. Zerstéiere mir eis Bëscher, Reebëscher, Mooren an aner Elementer, déi essentiell am Ekosystem sinn, da kann den CO2 net méi opgeholl a gespäichert ginn.

Op der Säit worldenvironmentday.global fannt Dir weider Argumenter, wisou d’Biodiversitéit an d’Erhale vun eiser Ëmwelt an Natur esou wichteg fir eist Iwwerliewen ass. Donieft gitt Dir eppes zur Geschicht vum Aktiounsdag gewuer, kënnt u Quizen deelhuelen, vum Videomaterial profitéieren a villes méi.

Related topics Amazonas, Bëschbränn, CO²-Emissiounen, Ekosystem, Ëmwelt, Gesondheet, Heespréngerplo, Natur, Weltëmweltdag, Wuelbefannen
Next post Previous post