Search

You may also like

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!
International Neiegkeeten

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!

Gëschter Owend war an der Philharmonie eng méi lass. Bei

Et gëtt nees verschäerfte Grenzkontrollen
International Neiegkeeten

Et gëtt nees verschäerfte Grenzkontrollen

Nodeems leschten Donneschdeg, déi franséisch Autoritéite wéinst der Zounam un

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
International Neiegkeeten

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht

Um Mëttwoch huet déi amerikanesch Entreprise SpaceX deen éischte lëtzebuergesche

Éischt Foto vu schwaarzem Lach als Beweis fir d‘Relativitéitstheorie

Éischt Foto vu schwaarzem Lach als Beweis fir d‘Relativitéitstheorie

Eng kleng wëssenschaftlech Revolutioun oder nëmmen eng schlicht Feststellung? Bis ewell konnt d‘Existenz vun de sougenannte „Schwaarze Lächer“ nëmme rechneresch, a folgerichteg theoretesch „bewise“ ginn. Mat der Verëffentlechung vum éischte Bild, wier elo de Beweis dokumentéiert.

Cool seet de Krappert an de Student kraazt sech de Kapp, mat dësem Bild ass dem Albert Einstein seng Relativitéitstheorie mat engem weidere Beweis bekräftegt ginn. Hannert dem Bild steet awer eng Equipp vu globalem Ausmooss: d‘Fuerscher vum Projet „Event Horizon Telescope“ (EHT) an hir Kollegen. Astronomen hunn op sechs Plaze ronderëm d‘Welt zäitgläich Opname gemaach.

Konzentréiert gouf sech heibäi op zwee kosmesch Objeten: esou de „Sagittarius A“ e massiivt schwaarzt Lach, vun deem auszegoen ass, datt et matten an der Mëllechstrooss geleeën ass. Ënner „massiv“ verstinn d‘Fuerscher: 4 Millioune Sonnemassen. Gemengt ass de Scheinwerfer deen do um Himmel hänkt, just 4 Millioune mol méi grouss. Gutt dat et 26.000 Liichtjoer wäit ewech ass.

Wie selwer gäre mat der Spektiv oder engem fir Privatleit erschwénglechen Teleskop nuets de Stärenhimmel observéiert, kann dëst schwaarzt Lach leider net gesinn. Grond dofir ass de Fait, datt dat fir Mënsche siichtbart Liicht duerch d‘Mëllechstrooss muss reesen an hei därmoosse vu kosmeschem Stëbs verniwwelt gëtt, datt net emol de Weltraumteleskop Hubble eng Chance huet.

Radioteleskopen decodéieren dat onsiichtbart

Fir dann awer endlech ee brauchbart Bild vun engem schwaarze Lach presentéieren ze kënnen, hu sech d‘Fuerscher mat hire Radioteleskopen op d‘sich gemaach, an sech op den Zentrum vun eiser Mëllechstrooss konzentréiert. A fir déi Sich effektiv ze gestalten, sinn d‘Radioteleskope matenaner vernetzt ginn. Mat bedeelegt: d‘ESO (dat ass den europäesche Süd-Observatoire bei München).

Den zweeten Himmelsobjet deem sech d‘Wëssenschaftler zougewennt hunn, läit matten an der riseger Galaxie „M87“. Hei soll et sech ëm e schwaarzt Lach handelen, dat nach emol 1.500 mol gréisser ass, wéi „Sagittarius A“ ass. Et ass riseg, fir net ze soe gigantesch, mee mat 55 Millioune Liichtjoer eppes méi wäit vun eis ewech, an awer gutt vun den Astronomen ze beobachten.

Eng Opnam vun engem schwaarze Lach gëllt dann och net nëmmen a Fachkreesser als Sensatioun. Dat well schwaarz Lächer net nëmmen alles „verschwannen dinn“ wat an hir Noperschaft geréit, mee och d‘Liicht riichtewech „opsuckelen“. Wéi eng nei Erkenntnisser dank dësen Opnamen elo méiglech sinn, dat ass nach net gewosst, mee cool ass et datt den Abbes eis keng gekréckelt huet.

Bild: Hei d‘Bild vum „schwaarze Lach“ am „Messier 87“ enger elliptescher Risegalaxis déi een och ënnert der Bezeechnung „NGC 4486“ erëmfënnt. M87 gëllt trotz senger Distanz zur Äerd – gutt 55 Millioune Liichtjoer – als „aktiv Galaxis“ déi eng gréisst tëscht 2 an 3 Billioune Sonnemassen Opweises huet. © ESO

Related topics Astronomie, Event Horizon Telescope, M87, Relativitéitstheorie, Sagittarius A, Schwaarzt Lach
Next post Previous post