Search

You may also like

Sea-Watch fërdert d’ SEA-EYE 4: Wie Guddes mécht, kritt Guddes zeréck
International Meenung Neiegkeeten Sport

Sea-Watch fërdert d’ SEA-EYE 4: Wie Guddes mécht, kritt Guddes zeréck

Tëscht de Séinoutrettungsorganisatioune Sea-Watch a Sea-Eye gëtt et eng grouss

T’kann een se net all an en Dëppe geheien
International Meenung Neiegkeeten Sport

T’kann een se net all an en Dëppe geheien

Wärend den Tourismusminister Lex Delles der Lëtzebuerger Bevëlkerung an de

Esou net Madamm Familljeministesch!
International Meenung Neiegkeeten Sport

Esou net Madamm Familljeministesch!

Nodeems en Dënschdeg d‘Familljeministesch Corinne Cahen, zesumme mam Direkter vun

Champions- & Europa-League: d‘Privilegie fir verwinnte Bouwen

(kommentéiert Analys)

Champions- & Europa-League: d‘Privilegie fir verwinnte Bouwen

Ob UEFA oder FIFA, esouvill Muecht kennt een eigentlech nëmmen aus der Finanz- a Wirtschaft, mee de Foussball ass natierlech och een héich politesche „Sport“. Wa Länner net esou „entscheede“ wéi datt vun de genannten „Häre“ gewënscht gëtt, gi Sanktiounen/Strofen ausgeschwat, an alles an d‘Wee geleet, déi „politesch Decisiounen“ ze ëm- an Hannergoen. Si sinn d‘Cheffen…

Wärend engem intelligente Mënsch kéint afalen, datt et net nëmme Fussball gëtt an folgerichteg hei scho bannent dem Sport Moossstief ugewannt ginn, déi un den indesche Kastesystem erënnert, esou hunn déi mafiéis Gestionnaire vun der Foussballwelt dat néidegt Geld, Afloss an allgemeng eng net geréng, dofir maximal gewaltbereet „Clientèle“, fir déi all Spilldag eng Krichssituatioun duerstellt.

E Gesetz dat och fir déi vun der UEFA organiséierter Champions-League gëllt. Wa Länner also aus Grënn vun der sanitärer Sécherheet – egal ob een dat elo gutt fënnt oder fir falsch hält – dohinner hinn, an Oplage beschléissen: keng Zuschauer am Stadion; Areesbeschränkunge fir Mannschaften aus Héichrisikogebidder, Isolatioun, asw. an dat net mat der „Direktioun“ gekläert gouf, ass Stress.

Stress am finanzielle Sënn, well et geet ëm Milliarden. Mee och Stress am politesche Sënn, wëll et gëllt jo awer den Hooligans a méi allgemeng de Frënn vum „ronne Lieder“, ze beweisen, wien hei wat a wéini bestëmmt. D‘UEFA huet dann elo och déi lescht Zweiwel aus de Féiss geraumt: et sinn net d‘Regierungen déi ze befannen hunn, datt d‘Foussballwelt sech u Pandemiereegelen hale muss.

Et ass an dësem Kontext och immens interessant feststellen ze dierfen, wéi selbstverständlech dat fir Fussballfans – jo och zu Lëtzebuerg – ass. Fir also de Sécherheetsbedenke vun de Regierungen entgéintzekommen, huet d‘UEFA dann elo decidéiert, d‘Mätscher ze verleeën. Also vun engem uert wou et „domm Politiker“ huet, zu engem Uert, wou et dann déi „verstänneg Politiker“ huet.

Fussball a Faschismus… eng Hand wäscht déi aner

Dem Viktor Orban säi faschisteschen Imperium ass sech fir näischt ze schued, wann et iergendwéi derzou bäidréit, den Zesummenhalt an der Europäescher Unioun a Fro ze stellen. Et ass natierlech och méiglech, datt de Coronavirus, änlech wéi d‘Flüchtlingen ee grousse Bou ronderëm Ungarn mécht. Et ass jo bekannt, datt déi ungaresch Grenzschützer eng onduerchlässeg Mauer sinn.

Esou hunn d‘Ungarn wuel weder an der Champions-League, nach an der Europa-League eng Ekipp déi géif matspillen, mee si hunn eng Regierung déi weess, datt Geld a Muecht wesentlech méi héich ze bewäerten si wéi d‘Gesondheet. An esou huet Budapest säi Stadion fir zwee héichkaräteg Spiller aus der sougenannter Kinneksklass, an ee Spill vu der Europa-League, zur „Verfügung“ gestallt.

Dat kéint ee veriergeren, muss et awer net, well alles leeft korrekt a strikt no de Reegele vun der europäescher Foussballentreprise UEFA of. D‘Reegele vun dësem mafiéise Konzern besoen dann och, datt bei „méiglechen Areesbeschränkunge fir de Géigner, d‘Heemmannschaft een alternative Spilluert fanne muss. Geléngt dat net, verléiert d‘Heemmannschaft quasi automatesch mat 0:3.

Och dobäi geet et natierlech an alleréischter Linn ëm de Goss. Spiller si jo Athleten an esou per se net esou ufälleg fir Krankheeten. A falls awer emol ee géif erkranken… un Nowuess feelt et bekanntlech net. Kee veräin huet en Interêt eng Renconter um gréngen Dësch ze verléieren. Vill Stied ausser Budapest, kënnen sech dann iwwert de „Besuch“ freeën, deen eppes Goss abréngt.

Esou kritt een awer eppes vun der Welt ze gesinn

Zu de glécklech Stied zielen nach: Bukarest, Roum, Turin, Piräus a Villarreal. A kenger vun dëse Stied hat sech eng Ekipp fir déi genannten UEFA-Pokaler qualifizéiert, mee zesumme mat Budapest profitéiere si dovunner, datt hir Stadione Covid19-Sécher sinn. Eng Sécherheet, déi awer fir eppes méi Reesdistanz suergt. Ass net wichteg, well eigentlech sollen déi aner so generell net reesen…

Nodeems also Däitschland de Britten d‘Arees verbueden huet, an och beim Foussball keng Ausnam wëll maachen, treffen sech de Rasenball Leipzig an den FC Liverpool zu Budapest. Richteg ass och datt et besonnesch déi brittesch Mannschafte sinn, déi ausweeche mussen. An dat kann zuweilen zu ganz interessanten, wann och absolutt idiotesche Konfiguratioune féieren. Et dierf gelaacht ginn.

Esou de Fall Arsenal vs Benfica: hei huet et géigesäiteg Areesbeschränkunge, well d‘Britten net a Portugal areesen, an d‘Portugisen net a Groussbritannien areesen dierfen. Gutt elo kéint een dann unhuelen, datt sech op een Ausweechstadion verstännegt hinn ass. Natierlech net, nach ass hei jo awer rieds vu Foussball an dem finanzielle Begier deen dësen nach ëmmer bei ale Männer ausléist.

Hei gëtt den Aller-Match zu Roum, an d‘Réckspill zu Piräus ausgedroen. Béid Mannschafte komme mat dësem Arrangement op ronn 11.000 Kilometer „Ëmwee“, déi am normale Programm net ugefall wieren. An dat ass just ee Beispill. Insgesamt fale bei der Champions-League 13.100 Km, bei der Europa-League18.200 Km zousätzlech Fluchdistanz un. Net wierklech ekologesch, oder?

Remark:

Elo kann et engem egal Sinn, wat Fussballfederatiounen, Verbänn oder kriminell Associatioune wéi d‘FIFA an d‘UEFA mat hirem an dem Geld vun de Veräiner ëmginn. Déi iwwer 30.000 Km, déi méi geflu ginn, sinn och net de grondsätzleche Problem. Sécherlech ass deene meeschte wuel och egal, ob sech ee Fussballspiller infizéiert oder net, et ass een an deem Fall jo net perséinlech betraff.

Firwat muss dat op dëse Plaz betount ginn. Ma an ee puer Woche gëtt den neien nationale Stadion mam Lännermatch Lëtzebuerg vs Portugal ageweit. Sécher musse d‘Inspektere vun der UEFA nach kucke kommen op alles stëmmeg ass, a virun allem op och all vereenbaart Schäiner am Ëmschlag befëndlech sinn. Och dës – sportlech irrelevant Renconter – weist wéi mächteg Fussball ass…

All déi aner Sportaarte mussen sech ënneruerdnen. De Fussball ka Fuerderunge stellen a bestëmme wat leeft, woubäi et schonn emol zu Iwwerraschunge komme kann. Federatioun an d‘Veräiner vun der Nationaldivisioun, wollten sech als „Hären“ opspillen, a goufe vun der Gemeng Déifferdeng op d‘Plaz gesat. Dat sinn erfreelech Signaler, mee ganz do Uewen, do géif dat sech net duerchsetzen.

mat indymedia/gva

Illustratioun: © Jannik Skorna /unsplash

Related topics Champions-League, Covid19-Pandemie, Elitär, Europa-League, FIFA, UEFA
Next post Previous post