Search

You may also like

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
Kultur Neiegkeeten

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

Editorial: De verluerene Benevolat
Kultur Neiegkeeten

Editorial: De verluerene Benevolat

Et war dës Woch vill rieds vum Mangel u Benevollen

Clausel IPA – Dat ass dee mat den décken Äerm
Kultur Neiegkeeten

Clausel IPA – Dat ass dee mat den décken Äerm

Déi „kleng“ Brauerei aus Clausen ass nach eng jonk Entreprise,

FOX „red fruits“ – De „liichtfankege“ Genoss

FOX „red fruits“ – De „liichtfankege“ Genoss

Fox Beers Lëtzebuerg ass nach ëmmer eng „jonk“ Entreprise, an eigentlech misst een dem Jargon no d‘Betounung op „Start-up“ leeën, wat awer der Excellenz vum Produktassortiment net wierklech gerecht géif ginn. Bei eng Start-Up denkt een éischter un eng experimentell Phas, wou de Betrib op der Sich no senger Plaz ass, bezunn de Maart an d‘Konkurrenz déi do virherrscht.

D‘Mark mam Fuuss dierf een awer zu Recht als „etabléiert“ betruechten. D‘Catherine Hoffmann an de Pierre Beck, déi hannert dësem Projet stinn, hunn eng Nisch gesicht a fonnt. Si wollte fir sech an hir Matbierger och ee Béier maachen, deen sech net esou offensichtlech „bemierkbar“ mécht, awer trotz allem duerch säi Goût a seng Qualitéit ervirhieft. Dat alles ass hinne beschtens gelongen.

Et geet hei also ëm ee Béier mat wéineg Kalorien (-33%) dee figurbetounte Mënsche sollt entgéint kommen. Wéi gesot, datt war d‘Ausgankssituatioun an et huet sech erginn, datt alles wat se bis ewell esou „erfonnt“ hunn, ganz allgemeng Zousproch fënnt. „Manner ass Méi“ trëfft dann och zou.

Mam „FOX red fruits“, dee sech mat 4,7% Alkoholgehalt am Spektrum vun den éischter klassesche Béierzorte befënnt, ass der Ekipp vu Fox Beers Lëtzebuerg ee ganz interessante Worf gelongen, dee voll a ganz seng Plaz an der haiteger Gesellschaft verdéngt huet. Maximal erfrëschend, a sëffeg wéi all näischt Gutts, ass hie scho bal ee „must have“ fir ee gutt gelongene Party-Owend.

Seng kinneklech rout Faarf, déi dem „red fruits“ duerch déi natierlech Aromae (Rout Friichten – Hambier – Hielenner) vergënnt gëtt, esou wéi den Asaz vu „Yeast“ Happ, deen him eng ganz douce Kappnout verléint, maachen dëse Béier esou bekëmmlech wéi genësserlech. Hie freet sech ganz kill (4-5°C) ugebueden ze ginn, an et dierf insistéiert ginn datt et een ass fir aus der Fläsch ze drénken.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Fox Beers Lëtzebuerg, La Punta, Red Fruits
Next post Previous post