Abezéie vun Atomkraaft a Gas: En Iwwerfall op déi europäesch Energiewende

D’Europäesch Kommissioun huet gëschter offiziell säin ëmstriddene Virschlag verëffentlecht, fir Atomenergie a fossilt Gas als nohalteg Aktivitéiten an déi europäesch Taxonomie opzehuelen. Dës Entscheedung kann dozou féieren, datt privat Investitiounen an Héicht vun Honnerte Milliarden Euro amplaz a propper an erneierbar Energien, an d’Atomkraaft oder fossilt Gas fléissen, wouduerch d’Klimakris beschleunegt gëtt.

Atomreaktere produzéieren net just geféierlech a schwéier ze entsuerge radioaktiv Offall. Opgrond vun hirer laanger Bauzäit kënne si net rechtzäiteg a Betrib geholl ginn, fir zur Erreechung vun de Klimaziler vun der EU bis 2030 bäizedroen. Gas ass ausserdeem den ëmweltschiedlechste Brennstoff an der EU, dem seng explodéierend Präisser zu enger Energiekris an Europa gefouert hunn.

„Dëse Virschlag, dee géint wëssenschaftlech Recommandatioune geet, ënnergrieft d’Glafwierdegkeet vun der EU, den den Usproch erhieft, eng féierend Roll a Klima- an Ëmweltfroen ze spillen“, seet d’Ariadna Rodrigo, Finanzkampaignerin bei Greenpeace EU. „Fir Greenpeace ass d’Opnam vu Gas an Atom an d’Taxonomie net anescht z’erklären wéi e Kaddo un zwou Industriebranchen, déi ëm hiert Iwwerliewe kämpfen. Dëst stellt wuel de gréisste Fall vu Greenwashing vun allen Zäiten duer.“

D’Plattform fir nohalteg Finanzen (Platform on Sustainable Finance), e Gremium vun iwwer 50 Experten aus Wirtschaft, Wëssenschaft an Zivilgesellschaft, dat d’Europäesch Kommissioun am Bezuch op hir nohalteg Finanzpolitik beréit, kënnt an hirer offizieller Stellungnam zum Schluss, datt d’Bestëmmungen zur Atomenergie a senge radioaktiven Offäll, géint e Schlësselprinzip vun der Taxonomie verstoussen, dat sécherstelle soll, datt all abezunnen Technologie „keng signifikant Ëmweltauswierkunge mat sech bréngen.“

De Grupp vun institutionellen Investisseuren zum Klimawandel, deenen hir Memberen e verwalt Verméigen vun iwwer 50 Billiounen Euro representéieren, sinn och der Usiicht, datt de Virschlag vun der Kommissioun betreffend Gas „Kapital an Aktivitéite guidéiere géif, déi mat der Verflichtung vun der EU, bis 2050 klimaneutral ze sinn, net ze vereene sinn.“

No der Opfaassung vun den Ëmweltjuristen vun der NGO ClientEarth ass d’Opnam vu fossillem Gas, déi gréisst Quell vun Energieemissiounen an Europa, an d’Taxonomie mat méi EU-Gesetzer onvereenbar, besonnesch mam Klimaschutzgesetz vun 2021. Divers Regierungen an Organisatiounen hunn ugekënnegt, d’Opnam vu Gas an Atomkraaft an d’Taxonomie rechtlech unzefechten.

Déi nächst Schrëtt

Et gëtt erwaart, datt d’Membere vum Europäesche Parlament, déi bis ewell vum Prozess ausgeschloss goufen a bis elo net d’Méiglechkeet haten, den ëmstriddene Virschlag ze préiwen, direkt op de plang vun der Kommissioun reagéiere wäerten. Greenpeace fuerdert si op, géint de Virschlag ze stëmmen. Eng Majoritéit vum Parlament, also 353 Deputéiert, sinn noutwenneg fir de Virschlag ze refuséieren.

Greenpeace fuerdert och all Finanzinstituter vun der EU op, Investitiounen an Atomkraaft a Gas als net ekologesch nohalteg ze betruechten a bei hiren Entscheedung Transparenz a wëssenschaftlecht Denken anzesetzen.

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg

Dernières nouvelles