Sea-Watch: Dem Sarah seng Geschicht

Ech sinn d’Sarah a kommen aus Syrien. 2015 hu meng Schwëster Yusrah an ech, eis Heemecht misse verloossen. Mir sinn an Europa geflücht, deemools hat ech 20, meng kleng Schwëster 17 Joer.

Et war stackdäischter, ewéi mir d’Mier vun Izmir op engem iwwerfëllte Schlauchboot a Richtung Griicheland eriwwergefuer sinn. Iergendwann ass de Moto stoe bliwwen. Waasser ass an d’Boot komm, d’Mënsche goufe panesch. Dunn huet iergendeen virgeschloen, an d’Waasser ze sprangen an d’Boot ze zéien. Als professionell Schwëmmerin war fir mech kloer, datt ech hëllefe muss.

Wann een an engem Schlauchboot sëtzt, huet een keng Zäit fir Nozedenken. Et muss een einfach handelen.

Also sinn ech an d’Waasser gesprongen, hunn d’Seel ergraff an hunn ugefaangen ze zéien. Fënnef Minutte méi spéit ass meng Schwëster hannendru gesprongen. Ech mengen, dat war fir mech dee schlëmmste Moment fir mech. Datt mir eppes passéiere kéint, domat hat ech mech offonnt. Awer menger klenger Schwëster? Kee Mënsch sollt ëm d’Liewe vun der eegener Schwëster fäerten. Hatt huet mech seriö gekuckt a gesot:

„Wann s du dat kanns, kann ech et och.“

Dat war dee Punkt, wou ech d’Realitéit ganz kloer viru mir gesinn hunn:

Ech muss esou staark ewéi méiglech sinn, dat ass eis eenzeg Méiglechkeet ze iwwerliewen.

Dëse Wee iwwert d’Mier ass nëmmen ee vun de schlëmmste Momenter eiser Flucht. Et war net schéin eis Heemecht an d’Plaz op där mir opgewuess sinn, hannert eis ze loossen.

Ewéi mir Woche méi spéit mam Bus an Däitschland gefuer sinn, si mir d’Tréine komm. Ech hu gekrasch, well ech mech zanter laangem erëm ewéi ee Mënsch an net ewéi ee Flüchtling gefillt hunn.

Wat ech erlieft hunn, huet mech dozou bruecht, erëm a Griicheland (Lesbos) ze goen. Ech hunn éierenamtlech als Séinoutretterin an Iwwersetzerin geschafft. Well keen däerf aner Mënschen am Mier erdrénke loossen – egal wéi, egal wou.

Ech hu mäi Bescht ginn, de Mënschen ze hëllefen, déi do mat de Booter ukomm sinn. Déi genee dee selwechten Albdram erlieft hunn, ewéi ech. 2018 gouf ech, zesumme mat anere Kolleege verhaft – wéinst Mënschenhandel, Member vun enger krimineller Vereenegung, Geldwäsch a Spionage. Ech war 107 Deeg am Prisong.

Mir hunn näischt Illegales gemaach. Mir stoungen um Ufer an hunn Decken a Waasser un Iwwerliewend verdeelt. Anscheinend sinn ech a Griicheland bis elo eng « Bedreeung vun der nationaler Sécherheet ». Et ass absurd, wéi Aktivisten a Flüchtend zur Zilscheif vun den Autoritéite ginn. Ewéi kann ee Mënsch dofir verhaft ginn, well hien aneren hëlleft?

Dëst Joer sinn ech als Deel vun der Sea-Watch-Crew zeréck um Mier. Ech wäert ni ophalen, mech mat Mënschen op der Flucht ze solidariséieren. Mee Solidaritéit bedeit net nëmmen op enger Rettungsmissioun dobäi ze sinn, Solidaritéit bedeit déi eege Komfortzon ze verloossen. A mir mussen ophalen, Mënschen ze froen, firwat si aus hirer Heemecht geflücht sinn.

Ech hunn es genuch, dës Fro ze beäntwerten. Ech wëll liewen, schlofen an iesse kënnen, ouni Bommen ze héieren. Dat ass mäi Recht.

Dem Sarah a senge Kolleegen dreeë Prisongsstrofen, well si Mënschen an Nout gehollef hunn. Liewe retten ass kee Verbriechen. Wann Dir och där Meenung sidd, kënnt Dir hei fir Geriichtskäschte spenden.

*mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch a vum Jessica Mersch iwwersat

Dernières nouvelles