75 Joer Retour vun den Tambower Jongen

1945 – 2020 / 75 Joer zeréck an d’Heemecht

De 5. November 1945 sinn déi zwangsrekrutéiert « Tambower Jongen » mam groussen Transport zeréck op Lëtzebuerg komm.

Fir dës Erënnerungen oprecht ze erhalen, huet d’Amicale des Anciens de Tambow ee Buch vun 286 Säiten an 2 DVDen iwwert dat russescht Gefaangenelager 188, wou 1.000 Lëtzebuerger tëscht 1943 an 1945 internéiert waren, mat Informatiounen iwwert d’Lager, wäertvollen Interviewe vun den Zäitzeien, d’Geschicht vun der Amicale selwer, d’Relatioune mat Tambow, d’Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg a jonken Historiker, Muséeën an hire Kontakter zum Elsass an zu Lothringen, erausbruecht.

Et ass eng  wichteg Erënnerungsaarbecht. D’Buch mat 2 DVD ass fir 60 € an de gängege Librairien zu Lëtzebuerg ze kréien.

Dernières nouvelles