Amnesty rifft zu Solidaritéit op

Zanter bal engem Mount gi mir waakreg a kontrolléieren d’Noriichten. D’Situatioun an der Ukrain läit eis schwéier um Mo, mir wëssen net, wéi eng Auswierkungen dëst op Europa wäert hunn.

Mënschen stierwen a mir kënne just nokucken. Un se denken an onbekannterweis traueren. Déi russesch Zaldoten attackéieren Zivilisten, Klinicken an aner wichteg Infrastrukturen. Et ass allerhéchsten Zäit, Russland nach eemol un eis Fuerderungen ze erënneren.

An dësem Kader invitéiert Amnesty Lëtzebuerg de 24. Mäerz um 17:45 Auer op eng « Demonstratioun » virun der russescher Botschaft. (Chateau de Beggen, L-1719 Luxemburg).

Den Datum ass net grondlos ausgewielt ginn – e markéiert den éischte Mount zënter der russescher Invasioun.

Fir d’Ënnerstëtzung an d’Solidaritéit ze ënnersträichen, wär et schéi Sonneblummen an egal wéi enger Form matzebréngen. Dës Blumme sinn een traditionellt Symbol vun der Ukrain. Et ass d’Symbol vum Widderstand. Dobäi ginn all Blummen un den Drot gehaangen.

Russland muss dësen Aggressiounen een Enn setzen, all Parteie sollen sech un d’Vëlkerrecht halen. D’Liewen, d’Haiser an Infrastrukture vun Ziviliste mussen geschützt ginn.

Dës weidere mussen humanitär Organisatiounen an der Lag sinn, betraffen Zivilisten ze schützen a medezinesch ze versuergen.

Dëse Krich muss een Enn hunn!

Dernières nouvelles