De Xavier Bettel am Gespréich mam Putin

Um haitege Samschdeg (19. Mäerz), hat de Premierminister Xavier Bettel een Telefonsgespréich mam russesche Präsident Wladimir Putin. Et ass schonn déi zweete Kéier an dëser Woch – dëst ënnersträicht, ewéi uerg d’Situatioun an der Ukrain ass.

Dobäi huet de Premierminister sech ganz kloer iwwert d’Ziler vum Gespréich geäussert.

« Dir kennt meng Motivation fir meng Uriff. Et geet drëms eng Deeskalatioun ze vermeiden an zu engem Waffenstillstand, esou wéi engem Verhandlungsprozess bäizedroen.“

Beim leschte Gespréich hat de Wladimir Putin riets, datt hie Verhandlungen net ofgeneigt wier, ma dat waren awer falsch Hoffnungen. D’Situatioun huet sech verschlechtert, zemools an der Stad Mariupol.

« Ech sinn immens schockéiert iwwert d’Attacken op zivil Ariichtungen. D’Biller, déi eis erreechen, si kaum ze erdroen, » sot de Xavier Bettel an dësem Zesummenhang. Hien huet ënnerstrach, datt d’Verhandlungen tëscht den zwou Parteien perséinlech gefouert musse ginn.

« Dës Tragedie muss een Enn hunn, d’Attacken op d’Ukrain sollen direkt gestoppt ginn. Keen ka vun dëse Konfrontatioune profitéieren; weder Russland, nach Europa a schonn guer net d’Ukrain. »

Déi zwee hunn decidéiert a Kontakt ze bleiwen. De Premierminister wäert déi ukrainesch Säit iwwert dësen Austausch informéieren.

Dernières nouvelles