People not Profit!

eng Demonstratioun fir d'Zukunft vun der nächster Generatioun ze sécheren

Mir, Youth for Climate Luxembourg zesumme mat Greenpeace, organiséiere Freides de 25. Mäerz eng Maniff ënnert dem Slogan #PeopleNotProfit.

Dës riicht sech un all Mënsch, egal op jonk oder al, dee wëll, datt Lëtzebuerg am Kampf géint de Klimawandel seng gesaten Zieler erreecht, an och nach méi wäit geet.

Mir starten um 2 Auer op der Place de Clairefontaine. Eise Fokus läit um Lëtzebuerger Finanzsecteur an dem Lëtzebuerger Pensiounsfong, dem Fonds de Compensation (FDC). Dësen ass am gaangen, seng Investitiounsstrategie fir déi nächst 5 Joer ze bestëmmen. D’Marche start beim Finanzministère a fënnt hiert Enn virum Gebai vum Pensiounsfong an der Avenue de la Porte-Neuve.

Lëtzebuerg ass zwar geographesch gesi kleng, huet als Land awer ee groussen Impakt op d’Klimakris, besonnesch am Beräich vun de Finanzen. De Lëtzebuerger Finanzsecteur generéiert ⅓ vum Lëtzebuerger Bruttoinlandprodukt.

D’Industrie vun den Investmentfongen zu Lëtzebuerg ass déi gréisste Fongeplaz an Europa, an déi zweet gréisst op der ganzer Welt. Enorm Zomme ginn all Joer investéiert, vill dovun an fossil Brennstoffindustrien. Déi wéinegst Fongen investéieren am Aklang mam Paräisser Klimaschutz-Ofkommen.

Sougenannte “gréng” Fonge maache just em déi 10% vun alle Fongen hei am Land aus, a wéi “gréng” dës wierklech sinn, ass ze bezweiwelen. Eng Analyse vu Greenpeace huet opgedeckt, datt “gréng” Fongen kaum méi Kapital an eng nohalteg Wirtschaft lenke, wéi konventionell Fongen. Hei gëtt virum allem Greenwashing bedriwwen.

Op staatlechem Niveau gesäit et net besser aus. Den FDC, den eenzege Pensiounsfong fir de Privatsecteur zu Lëtzebuerg, investéiert all Joer em déi 500 Milliounen Euro an Kuel-, Pëtrols- a GasIndustrien. Mir fuerderen, vun de staatleche Fongen, a virun allem vum Lëtzebuerger Pensiounsfong:

  • Hir Investitioune mussen am Aklang mam Paräisser Klimaschutzofkommes sinn, also en Ligne mam 1,5°-Ziel. Momentan leien d’Investitiounen vum vum Lëtzebuerger Pensiounsfong nämlech am Beräich vun enger 2-3°C Äerderwiermung amplaz vun enger maximaler 1,5°C Äerderwiermung.
  • Den FDC muss ophalen, d’Suen, déi d’Aarbechter*innen aus dem Privatsecteur abezuelen, a fossil Brennstoff-Industrien ze investéieren.
  • Den FDC muss direkt domat ophalen a Firmen z’investéieren déi sech a punkto Paräiss Kompatibilitéit net kënnen ëmstellen, wéi z.B. d’Kuelindustrie. Och d‘Investitounen a Firmen, déi besonnesch kritesch Aktivitéite wéi zum Beispill Arctic Oil, Fracking, Uelegschifer, etc. bedreiwe, mussen direkt ophalen. Och d’Investitiounen an d’Nuklearindustrie mussen zu engem Enn kommen.
  • Den FDC dierf net weider mat ëffentleche Gelder ëmweltschiedlech investéieren. D’Aarbechter*inne vum Privatsecteur musse bei der Investitiounspolitik vum FDC matschwätze kënnen. Besonnesch well ëmweltschiedlech Industrien net nëmmen de Mënsch an d’Natur gefäerden, mee och déi zukünfteg Pensiounen.

Dowéinst fuerdere mer komplett Transparen:

D’Investitiounspläng vum FDC solle fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn.

Déi Verantwortlech vum FDC (Vertrieder*inne vun der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat) mussen hirer Verantwortung vis-à-vis den zukünftege Generatioune gerecht ginn.

De neie verantwortleche Minister fir d’sozial Sécherheet Claude Haagen muss onbedéngt verhënneren, dass des ëmweltschiedlech, an domat och mënscheschiedlech Investitioune mat ëffentleche Gelder a soziale Cotisatiounen weiderginn.

Hei steet der Regierung hier Kredibilitéit a punkto Klimaschutz a Nohaltegkeet um Spill: d’Regierung an d’Parlament mussen dringend handelen!

Aus dësem Grond ruffe mer jiddereen*t dozou op mat eis Freides, de 25. Mäerz op d’Strooss ze goen an een Enn vun den Investitiounen a fossil Brennstoffer, grad duerch eng ëffentlech Instanz wei dem Pensiounsfong, ze fuerderen! Lëtzebuerg kann a muss méi maachen! Et dierf net a kaf geholl ginn, datt eis Suen an Industrien investéiert ginn, déi duerch hiren negativen Afloss op d’Ëmwelt och Mënscheliewe gefährden.

People not Profit!

*matgedeelt vu Youth for Climate Luxembourg

Dernières nouvelles