Télétravail: Et huet en Accord mat de Fransousen

De Sozialversécherungsministère deelt mat, datt Lëtzebuerg a Frankräich sech drop verstännegt hunn, déi besonnesch Dispositioun, betreffend den Télétravail vun de Frontalieren (am Kontext vum Covid19) bäizebehalen. Et ginn also net d‘Deeg vum Télétravail consideréiert, et gëtt esou keng Dissonanzen am Bezuch op d‘Sozialversécherung fir d‘Frontalieren, bis den 31. Dezember.

Hei muss drop higewise ginn, datt dat franséischt Parlament jo d‘Gesetz „Vigilance Sanitaire“ ugeholl huet, firwat déi Dispositioune kënne weidergefouert ginn. Mat eise belschen an däitschen Noperen hat sech jo eng änlech Situatioun erginn, an och hei goufen d‘Dispositioune bis zum Joreswiessel verlängert. Ob een dat 2022 nach emol wäert musse verlängeren, dierft vun der pandemescher Evolutioun ofhänke, den Ament wier awer nach keng weider Verlängerung geplangt.

Illustratioun: © Alexandar Todov / unsplash

Dernières nouvelles