Adaptatiounen am regionalen ëffentlechen Transport mam Bus

Dës Ännerungen u bestëmmte Buslinnen (RGTR) trieden den 12. Dezember a Kraaft

Et ass am Kader vun enger neier Uerdnung am Busnetz, déi eng gutt Unzuel vu Busser betrëfft. Dëse Projet ass mëttlerweil an der 6. Phas ukomm, d’Ännerungen sinn noutwenneg fir d’Mobilitéit vun de Notzer laangfristeg ze verbesseren.

Folgend nei Buslinnen ginn a Betrib geholl:

  • 404: Miersch – Haler
  • 611: Lëtzebuerg – Näerzeng
  • 629: Tratten – Ëlwen
  • 669: Maarnech – Baaschtnech

Bei dëse Buslinne kënnt et zu Ännerungen, dobäi profitéieren d’Routen vun zousätzlechen Arrêten oder Fuerpläng: 107, 108, 110, 111, 118, 128, 133, 140, 155, 157, 159, 170, 177, 185, 194, 200, 202, 203, 205, 207, 212, 215, 218, 222, 226, 230, 248, 267, 298, 299, 300, 301, 309, 315, 319, 321, 325, 403, 445, 461, 470, 502, 507, 510, 515, 529, 537, 545, 552, 575, 586, 590, 591, 595, 605, 608, 610, 618, 622, 624, 636, 640, 665, 677, 685, 689, 808, 815, 819, 994.

Grouss Modifikatioune vu bestëmmte RGTR-Buslinnen: 162, 258, 265, 272, 275, 304, 313, 324, 400, 518, 519, 556, 619, 628, 670, 800, 810, 983.

Och bei de Schoulbusser goufen e puer Ännerungen an nei Buslinnen organiséiert:

  • 589: Maartel – Réiden un der Attert-Lycée

Folgend Schoulbuslinnen profitéieren vun zousätzlechen Arrêten oder Fuerpläng:103, 126, 131, 141, 164, 176, 181, 187, 214, 219, 266, 271, 343, 415, 480, 489, 508, 511, 514, 517, 521, 531, 547, 548, 553, 554, 600, 601, 609, 613, 614, 615, 616, 630, 631, 633, 634, 638, 639, 643, 644, 647, 650, 654, 662, 816, 831, 944, 950, 965, 968, 970, 982.

Grouss Modifikatioune vu bestëmmte RGTR-Schoulbuslinnen: 942, 946, 951, 983.

Wien duerch dës Zuelen den Iwwerbléck verléiert, deen kann natierlech ganz einfach op d’Websäit www.mobiliteit.lu zeréckgräifen a sech do renseignéieren.

Fir all weider Fro kann ee sech un d’Telefonsnummer 352 24 65-24 65 wenden.

Dernières nouvelles