Kranaarbechten an der Avenue de la Faïencerie (04.12.2021)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Samschdeg, de 4. Dezember 2021 vu 6:30 bis 17:00 Auer Kranaarbechten an der Avenue de la Faïencerie ustinn. Heivir gëtt den Ofschnëtt tëscht der Allée Scheffer an der Rue Melchior Bourg-Gemen gespaart.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung fir Automobilisten. An dësem Kader kënnt et och zu enger Rei Ännerungen fir d’Linnen 8 an 30 am ëffentlechen Transport:

  • D’Arrêten Faïencerie – INL (Quai 1 an 2), Henri VII (Quai 1 an 2), Ermesinde (Quai 1 an 2), Uni Campus Limpertsberg (Quai 1 an 2) a Batty Weber (Quai 2) entfalen;
  • A Richtung Stadzentrum gi béid Buslinnen ëmgeleet iwwert d’Avenue Pasteur a fueren do e provisoreschen Arrêt op der Héich 115-199 Avenue Pasteur un, sou wéi d’Arrêten N.S. Pierret, Alfred de Musset, Allée Scheffer an Theater Quai 2 vun der Linn 19;
  • A Richtung Lampertsbierg fuere béid Buslinnen duerch d’Avenue Victor Hugo mat enger provisorescher Desserte laanscht d’Haltestellen Theater Quai 1, Lycée de Garçons Quai 1 an Alen Tramsschapp Quai 1.
Dernières nouvelles