De Lëtzebuerger Lacrosse feiert 5 Joer!

De 4. Dezember 2016 gouf an der Kiche vum aktuelle President Pit Bingen de Luxembourg Lacrosse gegrënnt. Mee spulle mir nach e bësse weider zeréck zu de Wuerzele vu Luxembourg Lacrosse …

Alles huet domat ugefaangen, datt sech e puer Frënn, déi scho Lacrosse-Erfarung am Ausland gesammelt haten, iwwert Facenook fonnt a beschloss hunn, sech ee Mol d’Woch ze treffen fir de Sport, dee si esou gären hunn, zesummen am Park auszeüben.

Nodeems si d’sozial Medie genotzt hate fir nei Spiller ze gewannen, hu si un dësem Dag, dem 4. Dezember 2016, Neel mat Käpp gemaach an esou gouf de Verband Luxembourg Lacrosse offiziell an d’Liewe geruff. Am Kader vun der Verbandsgrënnung goufen déi zwou Ekippe BlackLynx (fir d’Fraen) a Blacksmiths (fir d’Männer) gegrënnt.

5 Joer Luxembourg Lacrosse
© Luxembourg Lacrosse

Mat dëser Decisioun konnt sech Luxembourg Lacross endgülteg an der Lëtzebuerger Sportswelt etabléieren a krut fest Trainingszäiten a Spillfelder. Dat huet zu den éischten Turnéier a Frëndschaftsspiller ënnert de Veräinsnimm BlackLyns a Blacksmiths gefouert.

Wat du koum, domat hätt deemools kee gerechent

No der Demande op eng Memberschaft am Europäesche Lacrosse-Verband a seng Bestätegung, wärend engem selwer organiséierten Turnéier zu Lëtzebuerg, koum just e puer Deeg drop d’Ufro vum Welt-Lacrosse-Verband, ob Luxembourg Lacrosse Member wéilt ginn.

Nach eng grouss Iwwerraschung koum mat dëser Ufro, nämlech op Lëtzebuerg un der WM 2018 zu Netanya (Israel) deelhuele wéilt. Eng Chance, déi sech den nach jonke Verband net entgoe loosse wollt. Ënnerhalb vu just 8 Méint huet Lëtzebuerg seng Nationalekipp zesummegestallt an huet am Summer 2018 un der Weltmeeschterschaft deelgeholl.

5 Joer Luxembourg Lacrosse
© Luxembourg Lacrosse

D’Erfarungen, déi d’Spiller an de Verband bei dësem Turnéier sammele konnt, sollt sech an Zukunft ausbezuelen.

No der Weltmeeschterschaft ass d’Decisioun gefall den nächste grousse Schrëtt am Veräins-Lacrosse ze maachen. Zu dësem Zäitpunkt hat d’Härenekipp just un Turnéier a Frëndschaftsspiller deelgeholl. Esou gouf beschloss, un der belscher Meeschterschaft deelzehuelen.

Domat war Luxembourg Lacrosse endlech do, wouvun d’Grënnungsmember am Joer 2016 gedreemt haten. An de folgende Joren goufen déi éischt Victoiren an der belscher Liga gefeiert.

5 Joer Luxembourg Lacrosse
© Luxembourg Lacrosse

Mee och mat der Nationalekipp goung et no zuelräichen Trainingslageren weider mam Erfolleg, a bei engem Turnéier zu Prag géint Polen a Kroatien goufen déi éischt Victoiren akasséiert. Et koume weider Turnéier, Frëndschaftsspiller an d’Grënnung vun der Lacrosse Academy, zur Fërderung vun Nowuesstalenter.

Nodeems déi belsch Liga duerch Corona zwee Joer huet missen ofgesot ginn, gouf de Kampf ëm d’Meeschterschaft an dësem Joer nees opgeholl. Wärend der Pandemie huet Luxembourg Lacrosse awer net geschlof, mee weider esou vill wéi méiglech trainéiert, ob zesummen oder jiddereen eleng fir sech Doheem.

D’Geleeënheet gouf genotzt, e weidere Programm ze starten: Lacrossefit. Dëse Programm war fir nei Spiller geduecht, déi nom ganze Lockdown no eppes Neiem gesicht hunn. Dat huet vill nei Spiller ugezunn, besonnesch Sportlerinnen fir d’Blacklynx-Dammenekipp.

5 Joer Luxembourg Lacrosse
© Luxembourg Lacrosse

D’Erfarung vun de leschte 5 Joer huet sech am Ufank vun der neier Saison bemierkbar gemaach. Mat 3 Victoiren aus 3 Spiller steet de Veräin aktuell op der éischter Plaz a senger Grupp.

E Grond méi dës 5 Joer zesumme mat alen an neie Frënn vum schnellste Spill op 2 Been haut ze feieren!

Weider Informatiounen zum Luxembourg Lacrosse kritt Dir op www.lacrosse.lu, Facebook an Instagram.

En Abléck an d’Geschicht vum Lacrosse zu Lëtzebuerg, geschriwwe vu Luxembourg Lacrosse

Dernières nouvelles