Search

You may also like

De Luc Frieden weess wéi et muss lafen
Neiegkeeten

De Luc Frieden weess wéi et muss lafen

Um Samschdeg war de fréiere CSV-Justiz-, Budget- a Finanzminister Luc

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

Eng mat der Schëpp fir de nationale Stadion
Neiegkeeten

Eng mat der Schëpp fir de nationale Stadion

E grousse Projet fir grouss Ambitiounen! Um Méindeg huet de

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…

Ee gudde Rot vun der Police, deen allerdéngs och vun de Beamte selwer „esou“ net gedeelt gëtt, dierft nees fir eppes Polemik am Ländche suergen

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…

Am Zäitalter vun de Fraerechter, der Emanzipatioun an dem Recht op Selbstbestëmmung, de Fraen ze roden nuets net eleng ausser Haus ze goen, dat ass eng mindestens esou gewoten Ausso, wéi et engem bewosst mécht, dat mir an eiser „fräier“ Gesellschaft nach zolidd Problemer hunn. A wéi et oft de Fall ass, wann et ëm d‘Frae geet, sinn et déi onmanéierlech Männer schold.

Vill Frae ginn duerch domm-frech Bemierkunge belästegt, et gëtt hinnen offälleg nogepaff, an et sollt ee scho Versteesdemech dofir hunn, datt et do Mënschen huet déi et mat der Angscht ze di kréien. Dëse Phenomen, fënnt allerdéngs net eréischt statt, wann d‘Sonn ënnergaangen ass. Och dagsiwwer, gi Fraen op oppener Strooss verbal molestéiert an drangsaléiert, esouwäit d‘Fakten.

Sech dogéint zur Wier setzen ass juristesch eigentlech kaum méiglech. Zu Lëtzebuerg gëtt dës Aart a Weis (dat nennt sech CatCalling) Fraen ze belästegen, net vum Gesetz bestrooft. Eigentlech kann ee géint esou ee beholl nëmmen da virgoen, wann et zur Beleidegung, dem direkte „Kontakt“ oder Gewalt kënnt. Do sinn aner europäesch Länner schonn ee ganze Schrëtt méi wäit, a bei eis esou?

Am Géigesaz zu eisen direkten Noperen aus der Belsch a Frankräich, wou eng zolidd Geldstrof ka verhaange ginn, feelt et bei eis un engem entspriechende Gesetz. Et gouf an et gëtt an der Chamber ëmmer vill vu Respekt, Gläichberechtegung an Antidiskriminéierung gebraddelt. D‘Rechter vun de Frae sinn am héijen Haus ee grousst Uleies… mee un déi kleng alldeeglech Suergen denkt keen.

Kann eng Petitioun hëllefen?

Fir dësem juristesche „Vide“ eppes entgéintzesetzen, hat den Tom Zeimet Enn November decidéiert eng Petitioun (1721) „Kreatioun vum Delikt vun der sexistescher Belästegung“ agereecht. Am Fong goung et dem Petitionnaire drëms, eng „strofrechtlech Definitioun fir verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum“ ze schaffe, fir datt d‘Täter sech och viru Geriicht ze veräntwerten hätten.

D‘Zil vun der Petitioun:

„Verbal sexuell Belästegung (informell: “catcalling”) an der Ëffentlechkeet ass net nëmmen irritéierend, mee e Verhalen, dat den Affer psychesche Schued undoe kann a psychologesch Problemer wéi en niddregt Selbstwäertgefill a Trauma verursaacht. Esou ee Verhalen trëtt dacks am ëffentleche Raum, am ëffentlechen Transport an op der Strooss op. Fir méi Täter vun esou Belästegunge viru Geriicht ze bréngen, ass et néideg eng separat strofrechtlechen Definitioun fir verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum ze schafen, wei et schonn de Fall ass a verschiddenen europäesche Länner wéi Frankräich, d’Belsch a Portugal. Esou eng gesetzlech Bestëmmung sollt et och zu Lëtzebuerg ginn, fir den Affer vu Sexuelle Belästegung an der Ëffentlechkeet besser rechtlech Léisungen unzebidden“.

Eigentlech eng gutt Initiativ, vun där ee sech hätt erwaarden dierfen, datt se eppes méi wéi déi sabbeleg 124 Ënnerschrëfte géif zesummekréien. Si mir gesellschaftlech nach net esou wäit, datt Respekt a frëndschaftlechen Ëmgang och juristesch kann agefuerdert ginn? Dem Erfolleg a Punkto Ënnerschrëften no ze urteele wuel net. Mee gutt et ass och bannent der Regierung keen Thema… D‘Argument aus dem Justizministère: „Dat ass esou net am Koalitiounsprogramm virgesinn“.

Datt elo grad d‘Justizministesch Sam Tanson (déi gréng), selwer Juristin an eigentlech erkläerte Feministin, sech net derzou äussere wëll, firwat esou ee Gesetz „iwwerflësseg“ sollt sinn, dat ass eng Fro déi d‘Fraen am Land der Ministesch per e-Mail oder ganz almoudesch, per Bréif stelle sollten. Méiglech ass natierlech, datt mat der politescher Verantwortung eng gewëssen Unzuel u moralesche Bedenke bannent der Gesellschaft, net méi de Stellewäert hunn, déi se emol haten.

Ass et iwwerhaapt ee Problem?

Well et keen Delikt – also eng strofbar Handlung – ass, hu weder Police nach Parquet Zuelen zu dësem Phenomen. A wann et keng Zuelen huet, d‘Affer déi sech bei der Police mellen ofgewise ginn an et leider nach méi Affer huet déi sech net emol trauen d‘Police ze ruffen oder sech ze beschwéieren, hunn dës Form vum gesellschaftlechen Zesummeliewen nach eng laang Zukunft.

Ouni rechtlech Handhab steet natierlech och d‘Police mat erofgeloossener Box do, wat ville Beamte scho géint de Stréch geet. Säitens der Direktioun – déi och net Schold huet, datt et kee Gesetz dofir huet – dann de Wee vum geréngste Widderstand ze goen, an d‘Ausso „Verloosst nuets net eleng d‘Haus“ an „bei Iwwergrëffer soll een haart jäizen“ an de Raum ze stellen, ass net Hëllefräich.

Dobäi brauch keen (och d‘Polizisten net) wäit ze lafe fir sech vum Ëmfang vun dësem Problem e Bild maachen ze kënnen. Eigentlech geet et duer déi eege Liewenspartnerin, seng Kanner an/oder op der Schaff mat den Aarbechtskolleginnen ze schwätzen, fir ze wëssen, datt dës Belästegung all Dag stattfënnt. Datt d‘Manéieren oft dem Bildungsniveau entspriechen, ass keng Entschëllegung.

Annex: hei ee ganz interessante Beitrag vum „Womens Media Center“, dee mir besonnesch eise Lieserinne wëllen empfeelen:How I Took A Stand Against Catcalling

Illustratioun: Eng Belästegung déi net bekämpft ka ginn, well et net am Koalitiounsaccord steet? Awer grouss rieden iwwer Integratioun, Respekt a sozial Kohäsioun halen. Regierung a Chamber sollten sech eppes Schummen. © Samantha Sophia / unsplash

Related topics CatCalling, Feminismus, Fraen, Petitioun 1721, sexuell Belästegung
Next post Previous post