Search

You may also like

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr

Fir d’adr steet fest: De Minister Romain Schneider hätt d’Leit

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum

Aktioun Bambësch fir Ouschteren
Kultur Neiegkeeten Stories

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

Säit elo méi wéi véier Joerzéngten, bitt d‘Stad Lëtzebuerg de

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“

Op d'Uerteel äntwert hie mat „Freeturnup“

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“

Mat sengem Lidd „FCK LXB“ huet de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun Ufank Mäerz fir mächteg Diskussioune, Kritik a beleidegt Geeschter gesuergt. Haut de Mëtteg ass hie vum Geriicht fräigeschwat ginn. D’Kënschtlerech Fräiheet soll, laut dem Riichter, bestoe bleiwen. Der Géigepartei bleiwen elo 40 Deeg fir géint d’Uerteel a Revisioun ze goen.

Nodeems seng satiresch Räpp-Musek, duerch déi kreativ amusant, awer och stëppelech Ëmgangssprooch vu verschidde Leit als net politesch korrekt duergestallt ginn ass, huet de Museker, deen eigentlech Tun Tonnar heescht, viru Geriicht missen ëm déi kënschtleresch Fräiheet kämpfen. Fir hien ass et elo gutt ausgaangen, e gouf nämlech an alle Kloe fräigesprach. Bei der Verkënnegung waren allerdéngs weder de Rapper, nach d’Kleeër present.

Virun allem de Joe Thein a seng Partei vun „déi Konservativ“ hu sech duerch d’Lidd immens ugegraff gefillt. Mat der Text-Passage „Féck de Joe Thein a féck och seng Konservativ. Fir eng Clowne-Partei sidd der esou onkreativ“ hat de Museker et wuel ze wäit gedriwwen. Mee och Leit, wéi de Fred Keup an Tom Weidig, Parteie wéi den ADR oder och de Wee 2050 sollen sech, laut dem Turnup Tun, „fécken“. Hei op hefteg Kritik ze stousse war ze erwaarden.

Meenungsfräiheet

Ee Réckbléck op de Prozess vum 28. Mäerz

De Joe Thein vun déi Konservativ, de Fred Keup vum ADR an den Dan Schmitz haten eng Plainte gemaach, woubäi et ëm ee Kampf tëscht Beleidegung an artistesch Fräiheet gaangen ass. Dem Turnup Tun säin Affekot, de Me Philippe Penning huet op Meenungs- an artistesch Fräiheet plaidéiert. Jiddwerengem wier de Sproochgebrauch am amerikanesche Rap bekannt, woubäi een elo zu Lëtzebuerg wéinst dem graffen a vulgären Text net esou schockéiert reagéiere sollt.

Den Auteur vum Lidd huet deemools erkläert, datt hie kee perséinlech ugräife wollt, mee et wier virun allem ëm d’Ideologie gaangen, fir déi, déi ernimmte Persoune stinn. Et sollt ee Lidd sinn fir een Thema, dat dem Museker selwer um Häerz läit a géint eng Politik fir déi hien net steet. „Ech war mir de Moment, wou ech d’Lidd gemaach hunn op alle Fall kenger Insulte bewosst“, sou den Turnup Tun, 25 Joer jonke Fils vum Serge Tonnar, an engem Interview mat RTL Lëtzebuerg.

Bei der Géigepartie hat ënnert anerem de Fred Keup 5000 € Schuedensersatz gefrot, wëll hie perséinlech ugegraff gëtt a säi Ruff a Gefor gesinn huet. Och de Joe Thein stëmmt heibäi zou. Demokratie a Meenungsfräiheet hätten natierlech hir Plaz an eiser Gesellschaft, mee Satir a Fräiheet hätten hir juristesch an tolerabel Grenzen. Déi drëtt Persoun hat zudeem 10.000 € Schuedensersatz gefrot. Zudeem sollt och d’Lidd vum Internet geläscht ginn.

Freeturnup – d’Problematik opgräifen

Pünktlech zum Uerteel huet den Turnup Tun säin neit Lidd „Freeturnup“ erausbruecht. Direkt am Ufank gëtt den Artikel 19 ageblend, bei deem et ëm Expressiounsfräiheet geet. Gekleet an engem Pullover mam #fcklxb gëtt hien, zesumme mat sengen Ënnerstëtzer, duerch d’Stroossen bis bei d’Geriicht. „Stinn zu menge Wierder an do stinn ech net eleng“, sou de Museker a sengem neie musikalesche Wierk.

Folgend Persoune, Museker a Kënschtler stinn dem Museker bäi:

Serge Tonnar, Lucien Czuga, Max Thommes, Philippe Ernzer, Yann Tonnar, Sylvia Camarda, Amy Watson, Eugénie Anselin, Ben Olinger, Nora Koenig, Djuna Bernard, Luc Spada, Maz, Luk., Skinny J, John “Ragga” Wolter, Gana, Mateus Wojda, The Disliked, Versus You, All The Way Down, Edsun, Skibi, Seed To Tree, Tom Gatti, David Fluit (De Läb), Pol Belardi, Marc Demuth, Dj Dee, Yaya Van Chique, Yacko, Laurent Prim, Pit Dahm, Daniel Balthasar, Véronique Kolber, Cheak!, Chaild, Amir Vesali, Marly Marques, Moof, Bandana, Fusion Bomb, Exemo, Brebo, Dj Nosi, Bill Yard, C’est Karma, Alain Welter, Kd1, Zeptah, District 7, Communicaution, Only 2 Sticks, Mambo Schinki, Raphael Gindt, Idder Boukhcha, Quiz Aka Cmp, Misch Feinen, Jerome Klein, Fernando Alves, Tohid Tohidi, David Giacomini, Nicolas Calmes, Tuys, Rat Oktober, Larisa Faber, Gianfranco Celestino Konstantin Rommelfangen

Related topics FCK LXB, Freeturnup, Geriichtsuerteel, Joe Thein, Tun Tonnar, Turnup Tun
Next post Previous post