Oktav 2020: Eng digital Schlussprëssessioun
Nom Erfolleg vun der digitaler Eemaischen gëtt elo och d’Oktav
Nom Erfolleg vun der digitaler Eemaischen gëtt elo och d’Oktav
Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun
Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz
Aus LSAP-gefouerte Ministère kommen – dat war an der läscht leider net oft de Fall – endlech nees gutt Noriichten. De Ministère fir Gläichheet tëscht Fra a Mann, gefouert vum Taina Bofferding, wéi och de Wirtschaftsministère, geleet vum Franz Fayot, iwwerschätze wuel liicht hiren Afloss, et ass awer schonn ze begréissen, wéi sech d‘Gläichstellung entwéckelt.
Béid Sozialiste mat enger ausgepräagt liberaler Ausriichtung, behaapten datt hir Engagementer fir d‘Gläichheet tëscht Fra a Mann an der ekonomescher Entscheedungsfindung, Friichten droen. Esou wier et also de Verdéngscht vum Taina Bofferding an dem Franz Fayot, datt den Undeel vun de Fraen an de Verwaltungsréit vun den ëffentlechen Etablissementer notabel konnt erhéicht ginn.
Woubäi nach festzehalen ass, datt sech d‘Regierung selwer operluecht hat, mindestens 40% vun de Mandater an de Verwaltungsréit vun den ëffentlechen Etablissementer, wéi och an den Entreprise wou een Aktionär ass, un Dammen ze verginn. Op gëschter huet dësen Taux bei effektiven 41,19 % geleeën. Et ass also mëttlerweil schonn ee Verdéngscht, d‘Zil erreecht ze hunn. Zumindest wann et esou kräfteg muss betount ginn, wéi dat mat dëser politescher Charmoffensiv grad ënnerholl gëtt.
Et géif gutt Grënn dës Evolutioun ze begréissen, esouguer dann, wann et de Privatsecteur éischter marginal betrëfft, an et keng Nimm hannert de Prozenter gëtt. Ouni Fro ass et wichteg a richteg Fraen un den Decisiounen ze bedeelegen, firwat och sollt onsoziaalt Verhalen de Männer virbehale bleiwen? Hei geet et jo awer emol an éischter Linn ëm d‘verdeele vu Jetonen a Privilegien…
Dozou de Wirtschaftsminister Franz Fayot: „Ech sinn erfreet datt d‘Efforte vun der Lëtzebuerger Regierung zugonschte vun der Gläichheet tëscht Fra a Mann hir Friichten droen“. Hie géif sech a senger Funktioun als Wirtschaftsminister och weiderhi fir dës positiv Dynamik asetzen. Datt et fir de Bierger am allgemengen, d‘Fraen am besonneschen, keen Ënnerscheet mécht wien zu wellechem Zweck eng Positioun an engem Verwaltungsrot zougeschoustert kritt, steet net zur Diskussioun.
Ob d‘Welt eng besser gëtt, wann déi 1% hire Fraen a Maîtressen am Herrscherolymp eppes Plaz fräi maachen? Bestëmmt net, an et huet genuch Beispiller an der rezenter Geschicht, aus deenen ze enthuelen ass, datt Muechtmëssbrauch, Gewaltausübung, Friemefeindlechkeet a reliéise Wahnsinn, net de Männer virbehale sinn. Et stierft sech net besser just wëll ee vun enger Fra veruerteelt gouf…
Illustratioun: Gläich Rechter, Chancen, a Perspektive fir all Mënsch, onbeuecht sengem Geschlecht, Hierkonft, soziale Statut oder méigleche Behënnerungen. Wann et net verkéiert ass, datt Frae sollen dierfen iwwert eng Quot a Verwaltungsréit nominéiert ginn, esou misst dat gläichfalls fir Mënsche mat spezifesche Besoinen an/oder aus der LGBTQI-Communautéit gëllen. © The Creative Exchange / unsplash