Search

You may also like

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck
Neiegkeeten

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck

Den Donald Trump hat eegemächteg Entscheet den iranesche Generol Quassem

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)
Neiegkeeten

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)

D‘Presidentin vun der Vereenegung „Femmes pour le dire, Femmes pour

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Eng Kéier war ech een drénken. Eigentlech alles gutt bis

Fraestreik 2021: D’Fuerderung no Gerechtegkeet an alle Beräicher a fir all Geschlechter

Fraestreik 2021: D’Fuerderung no Gerechtegkeet an alle Beräicher a fir all Geschlechter

Um internationale Fraendag gouf och zu Lëtzebuerg d’Geleeënheet genotzt, fir ënnert anerem op Gläichberechtegung a Chancëgläichheet opmierksam ze maachen. Fir d’Plattform JIF waren d’Evenementer vun dësem Aktiounsdag, a virun allem de Fraestreik mat sengen iwwer 1.000 Participanten, ee risegen Erfolleg. Ma, dës Zeechen u Solidaritéit a politeschem Engagement sinn awer eréischt den Ufank vun engem ganze Prozess.

Ob symbolesch oder aktiv, op der Plaz oder och iwwert den digitale Wee, den zweeten nationale Fraestreik huet divers Méiglechkeete presentéiert, wéi een Asaz beweise kann. Alldeeglech Flichten vun der onbezuelter Care-Aarbecht (kachen, Akafe goen, botzen, …) sollt een fir een Dag si loossen. Op der Aarbecht konnt ee sech solidaresch weisen, andeems een ee mooft Kleedungsstéck oder Accessoire u sech dréit, respektiv emol d’Paus an d’Längt zitt. An da gouf et do och nach en Online-Evenement, ee Skate Workshop an natierlech déi grouss Demo.

Den 8. Mäerz
Fraestreik 2021 © Martine de Lagardère/moien.lu

Wisou e Fraestreik zu Lëtzebuerg?

Ass d’Situatioun am Beräich vun der Gläichberechtegung am Groussherzogtum dach scho méi fortschrëttlech, wéi an anere Länner, esou gëtt et och hei am Land Verbesserungspotential. D’Fuerderunge bezéie sech heibäi op all Geschlechter – et geet schliisslech net eleng ëm d’Fra, mee ëm d’Gläichberechtegung. Um Fraestreik gouf sech dofir agesat fir:

  • D’Verkierzung vun den Aarbechtszäiten: Vollbeschäftegt Fraen a Männer verbréngen nämlech oft méi, wéi déi gesetzlech festgeluecht 40 Stonnen um Büro. Kënnt een no iwwer 8 Stonnen Heem, stinn Haushaltsaarbechten un. Do gëtt souwuel vu Koppelen a Famillen, wéi och vun eleng erzéiende Mënschen gefuerdert, dass si Disziplin an ee gudden Zäit-Management opweise kënnen. Fir d’Kontroll iwwert déi eegen Zäit zeréckzegewannen, muss d’Politik onbezuelt Care-Aarbecht unerkennen, se reduzéieren an ëmverdeelen.
  • Gerechtegkeet an der Paie: Och wann een eng voll Tâche huet, kann een zu Lëtzebuerg an Aarmut liewen. Oft gëtt et de Mindestloun, a wann ee sech dozou entscheet, just hallef ze schaffen, fir sech besser ëm d’Famill këmmeren ze kënnen, gëtt et schwéier iwwert d’Ronnen ze kommen. Gefuerdert gëtt eng direkt Erhéijung vum soziale Mindestloun an d’Loungläichheet fir Männer a Fraen.
  • Congé Parental fir béid Elterendeeler: Wëll d’Reegelung vun der Elterenzäit um traditionelle Familljemodell vu Mann a Fra berout, si Persoune mat anerer Orientéierung an/oder Geschlecht vu bestëmmte Rechter ausgeschloss. De „Pappecongé“ bedréit 10 Deeg a bezitt sech op de männleche Partner. Gefuerdert gëtt dëse Congé op 3 Méint (Vollzäit) eropzesetzen a mat vollem Lounausgläich ze verbannen. Ma, dat soll sech generell op de Co-Elterendeel bezéien, onofhängeg dovun, ob ee sech als männlech, weiblech, trans an/oder net-binär definéiert.
  • Bezuelbare Wunnraum: Den Accès op bezuelbaren a konforme Wunnraum ass ee Grondrecht fir jiddwereen. Dëse Beräich verstäerkt awer oft d’Diskriminéierung an d’Ongläichheeten, woubäi sech oft op déi ethnesch Hierkonft, d’Hautfaarf, den Alter, eng Behënnerung, déi sexuell Orientéierung a Geschlechtsidentitéit bezu gëtt. Dofir muss abordabele Wunnraum entstoen, een Instrument zur Kontroll vun den Uewergrenze vum Loyer agefouert ginn an der Diskriminéierung en Enn gesat ginn.

Weider Detailer zu de Fuerderunge fannt Dir op fraestreik.lu.

D’Haaptstad dréit Mof

Ugefaangen huet den internationale Fraendag mam Online-Evenement, bei deem méi zur Geschicht vun dësem Aktiounsdag zu Lëtzebuerg erzielt, an een interaktive Quiz zu feministesche Succèsen um Programm stoungen. Dës Weidere gouf méi zur aktueller Situatioun am Beräich vun der Gläichstellung erkläert an d’Fuerderungen nach emol ervirgehuewen.

Besonnesch emotional waren d’Textbeiträg vum Jennifer Lopes (Afrofeministin) an dem Lara Well (Queerfeministin), déi duerch hir extrem perséinlech Nott beréiert hunn. Musikalesch gouf d’Evenement vum Jana (Frontfra vu „Francis of Delirium“) an der Actrice an Artistin Fabienne Hollwege begleet. Iwwer 150 Persounen hunn heirun deelgeholl.

Weider goung et Mëttes mam Skate Workshop. Organiséiert vun de Sisters of Shred sollt dës Aktioun am Skatepark et allen Interesséierten erméiglechen sech um Briet auszeprobéieren a sech mat anere Participanten auszetauschen.

Fraestreik 2021
Fraestreik 2021 © Martine de Lagardère/moien.lu

Um fréien Owend stoung schliisslech déi grouss Demo un, bei deem iwwer 1.000 Persounen vun der Stater Gare bis op d’Plëss gezu sinn, Solidaritéit a politeschen Engagement bewisen hunn. Ugefouert gouf de Fraestreik vum LesboQueer Pink Block, gefollegt vum Block vun de Schwaarze Fraen an de Women of Colour. Och e Grupp u Kënschtlerinnen, sou wéi Memberen vu Vélorution hu sech der Demo ugeschloss.

Beim Aarbechtsministère gouf de risege Grupp vun der Gläichstellungsministesch Taina Bofferding an den Aarbechtsminister Dan Kersch empfaangen. Si hu sech d’Fuerderungen ugeschlauschtert, de feministeschen Engagement gelueft a bestätegt dës Fuerderungen ze ënnerstëtzen. Ma, ob deem wierklech esou ass, wäert sech da wuel an den nächste Méint erausstellen.

An der Nuecht op e Méindeg hunn déi sougenannt Colleuses Anti-Féminicides an der Haaptstad d’Messagen unhand vu Schrëftzeeche verbreet an op de Streik a seng Uspréch opmierksam gemaach.

Den 8. Mäerz
Fraestreik 2021 © Martine de Lagardère/moien.lu

Op der Plëss ukomm, huet d’Artisin Alex Mckell de Portrait vun der US-amerikanescher Biergerrechtlerin Angela Davis fäerdeg gestallt. Mat Riede vun der Plattform JIF, enger Danzperformance vum Lucy Medusa an engem „Spoken Word“ vum Fatima Rougi huet den offiziellen Deel vum Aktiounsdag säin Enn fonnt.

Elo gëllt et weiderhin hannert de Fuerderungen ze stoen an dofir ze kämpfen, dass dorobber eng politesch Aktioun follegt.

De Fraestreik ass eng Initiative vun der Plattform JIF. Memberen heivunner sinn ASTI, de Centre LGBTIQ+ CIGALE, CID | Fraen an Gender, de Conseil National des Femmes du Luxembourg, CSF, déi gréng, déi jonk gréng, déi Lénk, Femmes en détresse, Femmes socialistes, Finkapé – Réseau Afrodescendant Luxembourg, OGBL Equality, Pink Ladies – Queer Women Luxembourg, Planning Familial, Time for Equality an engagéiert Privatpersounen.

Opmaacherbild: Fraestreik 2021 © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Bezuelbare Wunnraum, Care-Aarbecht, Chancëgläichheet, Dan Kersch, Elterecongé, Fraestreik 2021, Gläichberechtegung, OGBL, Pink Ladies, Plattform JIF, Plëss, Skate Workshop, Stater Gare, Taina Bofferding
Next post Previous post