Search

You may also like

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn
International Meenung

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn

Bei eisen däitschen Nopere stiechen déi als „Jamaika-Sondéierungsronn“ genannte Koalitiounsgespréicher

Däitschland tëscht Frust a Roserei
International Meenung

Däitschland tëscht Frust a Roserei

De konservative Gesondheetsminister huet gëschter eppes vun „Tage der Zuversicht“

Millioune Mënsche vun Hongersnout bedreet
International Meenung

Millioune Mënsche vun Hongersnout bedreet

Um Sëtz vun der UNO zu New York ass een

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela

Solidaritéit mat der bolivarescher Revolutioun an dem venezuelanesche Vollek

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela

Mir veruerteelen d‘Eskalatioun vun der Amëschung an dem Versuch vun der Erpressung vun der europäescher Unioun, géint déi bolivaresch Revolutioun am Venezuela am Zesummenhang an ofgestëmmt mam Putsch an der Autoproklamatioun vun engem Marionette-President, organiséiert an ugeuerdent vun der Trump-Administratioun.

Déi an arroganter Verletzung vum Vëlkerrecht an der Ënnergruewung vun der verfassungsméisseger Uerdnung vum Venezuela, de Stuerz vum legitimme vum Vollek gewielte President Nicolas Maduro zum Zil huet. Mir weisen déi inakzeptabel Erklärung vun der europäescher Unioun zréck, déi domatter dreet e President unzëerkennen, deen eng Schëpfung vun den USA ass.

Grad esou wei et 2001 de Fall beim Putsch war, oder déi vun den USA organiséiert terroristesch Aktivitéiten, déi wirtschaftlech, finanziell, politesch an diplomatesch Blockad, wéi och déi illegal beschlagnahm vu Verméigen a finanzielle Ressourcen. Wat dann och déi eigentlech Ursaache vun de wirtschaftleche Problemer vum Venezuela sinn, an déi d‘Leit ze erdroen hunn.

Mir wennen eis géint d‘Eskalatioun vun der Aggressioun géint de Venezuela, begaangen duerch d‘USA mat der Ënnerstëtzung vun der europäescher Unioun, an der sougenannter ‚Lima-Grupp‘, déi eenzeg en Ugrëff op d‘Souveränitéit an d‘Rechter vum Venezuela ofgesinn hunn. Et ass en Ugrëff op dat venezuelanescht Vollek a seng Ressourcen, hei virun allem de Pëtrol.

Mir fuerderen en Enn vun der Amëschung an der Aggressioun géint déi bolivaresch Revolutioun am Venezuela an d‘Uechtung vun der Souveränitéit an der Onofhängegkeet vum Land! Mir ruffen op zur Solidaritéit mat der bolivarescher Revolutioun an dem Vollek vu Venezuela!“

gezeechent:

Kommunistesch Partei Belsch
Kommunistesch Partei Groussbritannien
Kommunistesch Partei in Dänemark
Däitsch Kommunistesch Partei
Kommunistesch Partei Finnland
Franséisch Kommunistesch Partei
Kommunistesch Partei Griicheland
Kommunistesch Partei Irland
Aarbechterpartei Irland
Italien
esch Kommunistesch Partei
Partei
vun der Kommunistesch Neigrënnung – Europäesch Lénk (Italien)
Kommunistesch Partei (Italien)
Kommunistesch Partei
Lëtzebuerg
Kommunistesch Partei
vu Malta
Nei Kommunistesch Partei vun Holland
Portugi
sesch Kommunistesch Partei
Kommunistesch Partei
Suenien
Kommunistesch Partei
de spuenesche Vëlker
Kommuniste Katalo
unien
Galizesche Nationalistesche Block
Union
vum Galizesche Vollék
Kommunistesch Partei
vu Böhmen a Mähren (Tschechien)
Ungar
esch Aarbechterpartei
Fortschr
ëttspartei vum Wierktätege Vollek (Zypern)

aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Related topics Demokratie, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Putsch, USA, Venezuela, Verfassung
Next post Previous post