Search

You may also like

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir
Neiegkeeten

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60
Neiegkeeten

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Fir dem Client uerdentlech Déngschtleeschtunge bidden ze kënnen ass et

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg
Neiegkeeten

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg

Den Iechternacher Trifolion mécht op zwee nei musikalesch Evenementer opmierksam,

Fräiheet fir Palestina

Eng Demo fir ee gerechte Fridden am Noen Osten

Fräiheet fir Palestina

Et war annoncéiert, d‘Wieder verstänneg an awer hu sech – jee no Source – bis zu 250 Mënschen dem Appell vum Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Osten (CPJPO) ugeschloss. Si haten sech um Glacis getraff a sinn am Cortège op den Hamilius gezunn, wou et kulturell encadréiert Plaidoyere fir eng friddlech Léisung vum israelesch-palestinensesche ginn huet.

Wann een ënnert de Participanten eng gewëssen emotional Rou gespiert huet, esou ass déi net der tëschenzäitlech ageriichter Wafferou geschëlt. Dësen nämlech, esou de Claude Gregoire vun der CPJPO, léist déi bestoend Problemer net, an d‘Zivilbevëlkerung zu Gaza steet weiderhin ënnert der Bedreeung duerch den aggressiven Noper. Zudeem huet et ze vill Konflikter, a Momentopnamen déi eis ëmmer nees déiselwecht grausam Biller virun Ae féieren, verblatze vill ze séier.

Ee weidere Militant weist drop hin, datt wann a Russland, oder wei méi Rezent, en oppositionelle Journalist a Wäissrussland, mat eppes onkonventionelle Mëttel, vun den Autoritéite verhaft gëtt, da sëtzen d‘EU-Ausseminister stonnelaang zesumme fir iwwer Sanktiounen a Mesuren ze beroden. A mat Israel, ee Land zu deem se scheinbar eng besonnesch Bezéiung hunn, geet een anescht ëm.

Datt d‘Aart a Weis wéi sech déi Europäesch Unioun als Ganzes, d‘Memberlänner fir sech geholl an leider och d‘Bierger, sech dësem Konflikt géinteniwwer positionéieren, net derzou bäidréit eng jo awer gewollten diplomatesch Léisung zouzeféieren, ee weidere Problem. De gréisste bleift awer hei d‘Relioun. Op radikal orthodoxesch Judden oder déi radikalislamesch Hamas, enger vun dëse Parteie geléngt ëmmer, duerch Provokatioun, erausgefuerderter Gewalt, all Versuch ze verhënneren.

Foto: © CPJPO

Related topics Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Osten, CPJPO, Fräiheet fir Palestina, Fridden, Israel, Palestina
Next post Previous post