Search

You may also like

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg

E Mëttwoch huet de Logementsminister Henri Kox sech mat de

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité
Neiegkeeten

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité

Et gouf eppes driwwer nogeduecht, wéi een dat mat den

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen
Neiegkeeten

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen

  Datt et Weltwäit net gutt ëm d‘Beie bestallt ass,

Méi Fräiheeten an der Stad

Ännerunge fir den Accès zu de sportlechen a kulturellen Infrastrukture vun der Stad Lëtzebuerg

Méi Fräiheeten an der Stad

D’Wieder gëtt gutt, déi sanitär Gesondheetskris schéngt sech esou lues ze berouegen, ma dann ass et och Zäit déi sportlech a kulturell Infrastrukture vun der Stad Lëtzebuerg un dës nei Situatioun unzepassen. Déi nei sanitär Moossname sinn zanter dem 13. Juni 2021 a Kraaft getrueden.

Kulturell Infrastrukturen:

D’Ëffnungszäite vun der Villa Auban si vu Méindes bis Sonndes vun 10 – 18 Auer, Freides souguer bis 21 Auer. Dënschdes ass de Musée zou. De Moment kann een dës Ausstellunge besichen:

E Spadséiergang duerch d’Konscht. Biller a Skulpture vum 17 bis 19 Joerhonnert. D’Ausstellung ass permanent. Fir d’Elise, d’Sammlung Hack an d’Konscht a Paräis wärend der Belle Époque. D’Ausstellung ass ab dem 3. Juli zougänglech.

Weider Informatioune fannt Dir hei: www.villavauban.lu

D’Ëffnungszäite vum Lëtzebuerg City Museum si vun Dënschdes bis Sonndes vun 10 bis 18 Auer, Donneschdes ass bis 20 Auer op. Méindes ass de Musée zou. De Moment kann een dës Ausstellunge besichen:

  • The Luxembourg Story. Eng permanent Ausstellung iwwert méi wéi 1.000 Joer Stadgeschicht.
  • LU 82.1.2_296. Duerchsicht d’Archive vun der Stad Lëtzebuerg! D’Ausstellung ass nach bis de 27. Juni zougänglech.
  • “Gleef dat net…!.” Verschwierungstheorië gëschter an haut. D’Ausstellung ass nach bis de 16. Januar 2022 zougänglech.

Och an de Stater Theateren ass méi lass, de genee Programm vum Juni a Juli fannt Dir hei: www.lestheatres.lu

De Maskeschutz ass nach ëmmer obligatoresch, d’Sëtzplaze ginn esou arrangéiert, datt se eng Distanz vun 2 Meter bei 360 Grad respektéieren. Fir d’Besicher ass eng hydroalkoholesch Léisung disponibel. De Limitt vun de Kapazitéite läit bei 300 Persounen an dem Grousse Sall, am Studio sou wéi am Kapuzinertheater gëllt eng maximal Kapassitéit vu 60 Persounen. Vestiairen a Bar sinn zou, eng Reservéierung iwwer Telefon +352 4708951 oder Email info@luxembourg-ticket.lu ass obligatoresch.

D’Cinemathéik an der Stad proposéiert all Dag um 19 Auer eng Seance, Samschdes lafen se um 17 an 20 Auer. Sonndes ginn um 15, 17:30 an 20 Auer Seancë proposéiert. Opgepasst! Ab dem 1. Juli ännert sech eppes – weekends gi keng Seancë proposéiert.

Méi Informatiounen iwwert de Programm fannt Dir hei: www.cinematheque.lu

Och am Conservatoire ännert sech sou Muenches, et ginn erëm Eenzelstonnen sou wéi Gruppenënneriicht ugebueden. Natierlech mussen déi sanitär Sécherheetsmoossnamen agehale ginn, d’Schouljoer 2020/2021 gëtt ouni gréisser Verännerungen ofgeschloss. Déi meeschte Veranstaltungen, Concerten an Bildungsprojete si fir 2021/2022 geplangt, well de Conservatoire just eng Kapassitéit vun 92 Leit ophuele kann.

Weider Informatioune fannt Dir hei: www.conservatoire.lu

Fotothéik: Et ass net méi noutwenneg e Rendez-vous fir e Besuch an der Fotothéik ze huelen. D’Ëffnungszäiten si vu Méindes bis Freides vu 7:30 bis 12 Auer a vun 13:30 bis 17 Auer.

Den Zougang zu der Cité Bibliothéik ass op 44 Leit beschränkt, de Maskeschutz bleift obligatoresch. Aarbechtsplaze fir Schüler an den Internetzougank sinn erëm (mam néidegen Ofstand) disponibel. Och den Zougang zum Zäitschrëfteberäich wäert nees (mat Hänn-Desinfektioun) méiglech sinn. Wann d’Summervakanz eriwwer ass, ass Zäit fir den nächste Schratt – kleng Schoulklassen (bis 12 Kanner) kënnen dann nees opgeholl ginn.

Fir d’Kanneranimatioun déi Samschdegmoies stattfënnt ass eng Umeldung néideg. Hei gi just 10 Kanner ugeholl.

An den Archive vun der Stad Lëtzebuerg ass den Zougang zum Liessall nëmme mat Rendez-vous méiglech (max. 1 Besicher). D’Ëffnungszäiten si vu Méindes bis Freides vun 8:30 bis 12 Auer a vun 13:30 bis 16 Auer.

Sportlech Infrastrukturen

Zanter dem 16. Januar 2021 fannen d’Coursen “Sport fir jiddwereen” erëm statt, dobäi gëllen déi sanitär Sécherheetsmoossnamen. Zanter dem 3. Mee (a bis de 15. Juli) fannen och erëm Coursen dobanne statt. Dovunner ausgeschloss sinn d’Coursen Aqua Gym a Mëttesgymnastik. Den Zougang zu den ëffentleche Schwämmen ass begrenzt, Reservéierungen (mat Zäitfënsteren) sinn obligatoresch. Vestiairen esou wéi Dusche ginn no all Notzung gebotzt.

Ëffnungszäiten an all aner Informatioun zu den ënnerschiddleche Schwämme fannt Dir hei: https://www.vdl.lu/fr/visiter/loisirs-et-sports/infrastructures-sportives/piscines

De Skatepark Hollerech an de Bike Park Boy Konen si wéi gewinnt op, och hei muss sech un déi sanitär Moossname gehale ginn.

D’Redaktioun wënscht Iech e schéine Summer!

Related topics Covid19-Gesetz, Kultur, sanitär Mesuren, Sport, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post