Search

You may also like

Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken
Neiegkeeten

Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken

Am streng reliéise Saudiarabien soll et ab 2018 Fraen erlaabt

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an
Neiegkeeten

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an

De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei setzt sech resolut

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel
Neiegkeeten

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel

De President vum Europarot, Donald Tusk, straalt Optimismus aus a

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of

Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert feierlecht Verspriechen ofginn. A Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch ass fir eng 34. Kéier dës feierlech Zeremonie organiséiert ginn,

Nodeems déi 19 fräiwëlleg Zaldoten, déi um 13. September hiren Eed ofginn hunn, elo offiziell d’Basisformatioun vu 4 Méint ofgeschloss hunn, gi si wärend 36 Méint op déi nächst Phas vun der militärescher Formatioun virbereet.

Bei senger Ried huet de Fran4Ois Bausch ënnerstrach, datt hien aktiv mat der Arméi an de Syndikater zesumme schafft, fir d’Statuter vun der Arméi ze verbesseren an ze moderniséieren. Duerch dës Ännerungen am Gesetz soll d’Karriär vum fräiwëllegen Zaldot nach méi attraktiv gemaach ginn. „Dës weidere ginn ab Januar 2020 d’Modalitéiten zur Selektioun vun de fräiwëllegen Zaldoten ugepasst. Esou ginn déi schrëftlech Virtester duerch psychotechnesch Tester ersat“, erkläert de Minister.

Am Kader vun der feierlecher Zeremonie kruten d’Membere vun der Lëtzebuerger Arméi, sou wéi d’Membere vun der auslännescher Arméi, déi am Joer 2018-2019 am Lëtzebuerger Kontingent matgewierkt hunn – dorënner zu Mali, Litauen an am Afghanistan – eng Medaile zur Unerkennung iwwerreecht.

Related topics Fräiwëlleg Zaldoten, François Bausch, Lëtzebuerger Arméi, Vereedegung
Next post Previous post