Search

You may also like

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends
Neiegkeeten Stories

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends

Vum 14. bis de 17 Mäerz 2019 gëtt an der

Jo wat dann elo?
Neiegkeeten Stories

Jo wat dann elo?

Ee Méindeg hunn d‘Piraten an der Chamber eng Drénglechkeetsfro un

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer
Neiegkeeten Stories

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer

Am Kontext vun de Moossnamen, déi d’Regierung duerch d’Pandemie vum

Eng kuerzweileg Trilogie

Plainte, Perquisitioun, Demissioun… dem Frank Engel seng Eegenaart huet him net profitéiert

Eng kuerzweileg Trilogie

Um Freideg huet den CSV-Nationalvirstand seng Memberen informéiert, datt de President Frank Engel säi Parteimandat fir den Ament roue léisst. D‘Vizepresidentinnen Elisabeth Margue an Stéphanie Weydert géifen dem President seng Aufgabe kommissaresch iwwerhuelen. Dës „Paus“ gëllt viraussiichtlech just bis zum CSV-Kongress de 24. Abrëll.

De Grondsteen op deem de parteiinternen Dissens fousst, gouf scho viru Jore vum President selwer geluecht. Erënnere mir drun, dat de Frank Engel, nodeems dann och 2018 d‘Chamberwahle vun der sougenannter Gambia-Koalitioun „gewonne“ goufen, säin Interessi fir d‘Leedung vun der Partei ugemellt hat, a sech géint dee vun der CSV-Fraktioun privilegiéierte Serge Wilmes behaapte konnt.

Wéi sech dunn déi CSV-Deputéiert am Mee 2019 net fir d‘EU-Walen opgestallt hunn, wouduerch si ëm 16% aknécken an ee Sëtz am EU-Parlament verléieren, hat de Frank Engel de Schoss héieren… Et ass him wuel nach gelongen der Fraktioun ee „Richtungswiessel“ bei der Verfassungsreform op d‘A ze drécken. Seng Propos eng Ierfschaftssteier anzeféieren (August 2020), ee weidere Streech.

An der Fraktioun gouf de Widderstand ëmmer méi grouss. Do fillt ee sech dem Walprogramm, an nëmmen dem Walprogramm verflicht, esou wéi dësen um CSV-Kongress 2018 beschloss ginn ass. Virun ee puer Wochen, et gëtt esou lues de Bléck op de Kongress vum 24. Abrëll geriicht, huet de Frank Engel sech als Successeur vu sech selwer ugebueden. Bis dohi stoungen seng Chance gutt.

Eng ustrengend Woch

Wann ee bis déi lescht Woch nach vun engem „Sträit bannent der Famill“ ausgaangen ass, an een eigentlech erwaart hätt, datt sech de Schlagaustausch hannert zouen Diere géif vollzéien, esou sollt een dës Woch eppes besserem beléiert ginn. Elo ass et richteg, datt esouguer an der Bistumszeitung d‘Freed grouss war, iwwert en anere Sujet dierfen ze schreiwen, wéi iwwert de Coronavirus.

Richteg ass allerdéngs och, datt se bei Mediahuis op Revanche aus waren, nodeems de Frank Engel seng philosophesch Gedanke mat reporter.lu, an net mat de Journaliste vum Wort gedeelt hat. Fir dem Frank Engel nohalteg d‘Loscht op Politik an domadder politesch Mandater ze versoen, huet d‘CSV-Fraktioun en Dënschdeg de Parteipresident beim Parquet denoncéiert. Wat sinn d‘Virwërf?

Dem Frank Engel gëtt eng fiktiv Beschäftegung, Fälschung a Gebrauch vu Fälschunge virgeworf. Esou soll den CSV-President laut enger investigativer Recherche vu reporter.lu tëscht Juni an Dezember vun der „CSV Frëndeskrees Asbl“ eng Remuneratioun an héicht vu 40.000 Euro erhalen hunn. Dat fir en „Optrag“ deen de fréieren EU-Parlamentarier net zefriddestellend erleedegt hätt.

Bei dësem Optrag wier et drëms gaangen engersäits déi „spendabel Frënn“ nees méi no un dëse Frëndeskrees ze bréngen, dee gläichzäiteg ze erneieren a schliisslech an eng Stëftung ëmzebauen. Duerch d‘Reform vun der Parteiefinanzéierung wier dëse Projet d‘Baach agaangen. Interessant hei och de Constat, datt déi allermannste vun dësem Frëndeskrees solle Kenntnis gehat hunn.

Alles huet säin Zweck

De CSV Frëndeskrees Asbl ass uerdnungsgemäss am Handelsregëster agedroen asetzt sech aus Membere vum CSV-Nationalcomité zesummen. D‘Asbl ass de Proprietaire vum Haus op N° 4 Waassergaass, wou d‘Partei hiert Generalsekretariat huet. Datt d‘Asbl Proprietaire vum Haus ass, huet domadder ze dinn, datt Parteien zu Lëtzebuerg net déi Rechtsperséinlechekeet besëtzen.

Et heescht zudeem, datt de Loyer deen d‘Partei an „aner“ Locataire bezuelen, déi eenzeg Recette ass déi d‘Asbl ze verbuchen huet. Ganz esou onbekannt, kann dëse Frëndeskrees also net gewiescht sinn. Laut dem Frank Engel war zudeem mat der Asbl vereenbaart ginn, datt sollt him déi wichteg Transformatioun net geléngen, déi geleeschten Iwwerweisunge géife rembourséiert ginn.

Vun „dësem Accord“ awer wousst d‘CSV-Fraktiounspresidentin näischt, an si ass, Grad wéi aner Membere vun der Fraktioun och Deel vun dësem ominéise Frëndeskrees. Si berechtegt hire Schratt mat der noutwenneger Transparenz an der Politik an dem Fait datt een haut näischt méi ënnert den oft beméiten Teppech kiere kann. De President hätt d‘Partei an eng onméiglech Situatioun bruecht.

Am Zweiwel fir den Ugekloten

Esou Turbulenzen ee knappe Mount virum nationale Kongress, si net nëmme Gëft fir d‘Stëmmung bannent der Partei, de Lokalsektiounen an de sëlleche „Kreesser“ an/oder „Associatiounen“ déi der Partei ugehéieren, mee besonnesch Verwirrend, wa se vun der Fraktioun ausgeléist ginn. Woubäi et bestëmmt besser Grënn dofir huet, wéi déi dréngend benéidegt „Erneierung“ a „Verjéngung“.

De Beschëllegte selwer bleift sech trei, versteet och net wat u sengem Aarbechtsvertrag mam CSV Frëndeskrees Asbl sollt Gesetzeswiddreg sinn. D‘Asbl war an den 80er zum Zweck vun der Immobiliëverwaltung gegrënnt ginn, hätt an de lescht Joren nach just um Pabeier bestanen an et hätt zudeem och keng Generalversammlunge méi ginn. Hie wollt nees eppes fir „Uerdnung“ suergen.

Um 8. Mäerz hätt et dann op dränge vun de Comitésmemberen aus der CSV-Fraktioun hin dës Generalversammlung ginn. Wat den Aarbechtsvertrag betrëfft, esou hunn dësen, ausser dem Interesséierten, och den deemolege Generalsekretär Felix Eischen an de Caissier André Martins ënnerschriwwen. Vun do aus ze behaapten „näischt gewosst ze hunn“ jo wuel eppes gewot.

D‘Justiz ermëttelt

Esouvill emol zu der Chronologie bis zum Donneschdegowend. Um Freideg awer ass et dann eppes schëtzeg virugaangen. Hat de Frank Engel am Virfeld vun der Perquisitioun vum CSV Frëndeskrees -Sëtz vun enger Demissioun/Récktrëtt ofgesinn, huet hie missen agesinn dës Schluecht wuel net méi als Parteipresident gewannen ze kënnen. Woubäi Demissioun trëfft et an dësem Kontext net ganz.

Nodeems de Parquet dann ee Freideg och d‘Perquisitioun vum Siège vun der Asbl an der Stater Waassergaass per Communiqué confirméiert huet, goung et net anescht, wéi all seng Ämter an der Partei op Äis ze leeën. An elo huet de Frank Engel een zolitte Problem. D‘Justiz, esouwäit se eis net Lige strooft, ass net bekannt Ermëttlungen zügeg ofzeschléissen. D‘Zäit spillt hei géint de Bekloten.

An och wann de Frank Engel eiser Justiz vertraue kann, Liicht an dës ganz Affär ze bréngen, bis zum Kongress bleift hie e beschëllegten, an d‘Parteibasis dierft net erpicht sinn de Risk anzegoen, ee méiglecherweis Schëllege Kandidat un d‘Spëtzt ze wielen. Et wier folgerichteg net verkéiert, wann zumindest de Versuch géif geléngen, d‘Ëffentlechkeet aus dem Familljesträit erauszehalen.

Mam Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère / mopien.lu (Archiv)

Related topics CSV, CSV Frëndeskrees Asbl, CSV-Fraktioun, Frank Engel, Justiz, Parteivirsëtz
Next post Previous post