Search

You may also like

Filmer, déi Nostalgie opbréngen – Loscht der Realitéit ze entfléien?
Meenung

Filmer, déi Nostalgie opbréngen – Loscht der Realitéit ze entfléien?

Verschidde Filmer koumen net aus der Moud, egal wéi al

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Meenung

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?
Meenung

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?

Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen

Meenung

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen

Zu Frankfurt war et dëse Weekend alles anescht als roueg. Op der Buchmesse si lénks a riets unenee geroden. D’Veranstalter vun der Messe stelle sech dohannert, d’Meenungsfräiheet ze schützen. An dach huet et e komesche Bäigeschmaach, wa bei sou engem kulturellen Event esou vill politiséiert gëtt. Dobäi ass dat u sech dat normaalst vun der Welt.

Et gëtt vu villen d’Meenung gedeelt, datt Kënschtler am allgemengen, a Schrëftsteller am konkreten, net politesch Positioun ze bezéien hunn. Dëst huet een zu Lëtzebuerg beispillsweis gesinn, wéi sech Kënschtler fir de „Jo“ beim Referendum staark gemaach hunn. D’Kommentaren op Facebook haten deemools eng eendeiteg Sprooch geschwat.

Datt Schrëftsteller net politesch ze sinn hunn, ass eng veraalte Virstellung. Déi och ni gestëmmt huet. Kënschtler kënnen net anescht, wéi iergendwou och politesch ze sinn.

Dobäi gëtt gäere vergiess, datt Konscht sou oder sou politesch ass. Si vermëttelt egal wéi iergendwou och ëmmer d’politesch Positioun vum Kënschtler. An dee befënnt sech net an enger Blos, oder engem schallisoléiertem Raum, wann en seng Wierker kreeéiert. E léisst dat alles mat a fléissen, mol méi oder manner oppen. Bicher sinn, fir de Juergen Booss am Spiegel Interview ze zitéieren, ëmmer politesch.

Dat stëmmt deementspriechend och fir Verleeg. Déi kënne sech op eng politesch Richtung konzentréieren, grad esou wéi Zeitungen. Et verwonnert also net, datt och Verleeg vun den Neie Rietsen (Alt-Right) op esou enger Buchmesse vertruede sinn. Wat nei ass, ass déi nei an oppe Konfrontatioun, déi een erliewe konnt.

Neo-Nazien däerf ee keng Plaz iwwerloossen. All Quadratmeter, deen hinnen gi gëtt, verschaaft hinne Legitimitéit, egal wéi vill een op Meenungsfräiheet pocht.

Mee wéi soll een domatter ëmgoen? Reegelrechte Neo-Nazien eng Plaz ze loossen, wou se sech Legitimitéit verschafe kënnen, ass op alle Fall keng Optioun. Mee et gëtt ëmmer de Problem vun der Trennschäerft: Ab wéini ass een ze wäit Riets, fir net méi do ausstelle ze kënnen? Do ginn d‘Meenungen duerchaus auserneen, an et ass net méi wéi logesch, datt een, deen ideologesch méi lénks ausgeriicht ass, éischter di rout Kaart zitt.

Ze soen, datt een sech guer net do säitens der Messe amësche wëll ass awer Nonsense. An deenen, déi protestéieren einfach d‘Schold ze ginn, grad esou. De Protest ass schliisslech och en Ausdrock vun der Meenungsfräiheet. Op mannst sinn sech déi meescht eens, datt Gewalt keng Léisung kann duerstellen, an dach blécken ech do mat Suergen op d‘Buchmesse vum nächste Joer.

[megapoll id="5"]

Foto: AFP PHOTO / dpa / Boris Roessler / Germany OUT

Related topics Alt-Right, Frankfurter Buchmesse, Literatur, Nei Riets, Politik
Next post Previous post