Search

You may also like

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent
International Neiegkeeten

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent

De Sebastian Fitzek ass wuel allen Thriller-begeeschterte Persoune bekannt. Datt

money
Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt
International Neiegkeeten

Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt

De Mëttelstandsminister huet gëschter am Wirtschaftsministère de Kompetitivitéitsbilan 2019 virgeluecht,

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de

Frankräich igelt sech an

Frankräich igelt sech an

Wéinst héijen Infektiounszuelen an der Bedreeung duerch d‘Covid19-Mutatiounen, maachen eis franséisch Noperen d‘Grenzen dicht. All d‘Grenzen? Nee nëmme fir d‘Bierger aus Länner déi net zu Europäescher Unioun gehéieren. Och sinn d‘Autoritéiten opgefuerdert d‘Anhale vun allen am Kontext vun der Pandemie beschlosse Mesurë strengstens ze iwwerwaachen.

D‘Grenzschléissung gëllt vun haut Sonndeg 31. Januar 6 Auer un. Esou huet et de Premierminister Jean Castex annoncéiert. Hien huet awer duerchblécke gelooss, datt Mënsche mat engem trëftege Grond kéinten eng Ausnam gemaach kréien. Et sinn, ausser der Grenzschléissung, nach weider gréisser Aschränkunge beschloss ginn. Déi betreffen an éischter Linn den Handel.

Grouss Surfacë mat iwwer 20.000 Quadratmeter mussen hir Dieren zoumaachen, well d‘Regierung erkannt well hunn, datt sech vill ze vill Leit an den Akafszenter ophalen. Dat géif d‘Kontaminatioun fërderen, firwat eng Schléissung onëmgänglech ass. Zudeem soll, esou de Premierminister, iwwerall den Télétravail – wann et technesch méiglech ass – zur Flicht ginn. Och do soll et Kontrolle ginn.

Frankräich

Hien huet drop higewisen, datt Police a Gendarmerie den Uerder hunn, mat allen hinnen zur Verfügung stoende Mëttel, géint Verstéiss virzegoen. Et gouf nach emol ënnerstrach, datt mat der Spärstonn um 18 Auer, och gemengt ass, datt d‘Leit um 18 Auer an hirer Wunneng sinn, an net eréischt um Wee dohinner. Akafe, Sport oder Spadséieren ass da gläichfalls ënnersot.

Mam Hond erausgoe bleift erlaabt, a wie schaffe muss dierf selbstverständlech och déi véier Wänn verloossen. Bei eisen Noperen hunn sech zanter Ausbroch vun der Pandemie, iwwer 3 Millioune Mënsche mam Coronavirus infizéiert. Offiziellen Zuelen no, si ronn 75.600 Mënschen un de Folge vun der Infektioun verstuerwen. Den Ament stierwen am Frankräich all Dag iwwer 350 Leit.

mat indymedia/par

Related topics Covid19-Pandemie, Frankräich, Grenzschléissung, Jean Castex, Premierminister, Spärstonn
Next post Previous post