Search

You may also like

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
International Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?
International Neiegkeeten

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?

Et gëtt Saachen, do wonnert sech de Journalist an et

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
International Neiegkeeten

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)

„D‘Frae sinn am Aarbechtsberäich nach manner siichtbar wéi d‘Männer!“

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)

D‘Presidentin vun der Vereenegung „Femmes pour le dire, Femmes pour agir“ (FDFA) a Personalcheffin, Brigitte Bricout, ënnersträicht déi „duebel Diskriminatioun“ déi vun de Frae mat engem Handicap muss erdroe ginn.

Si wiere fir d‘Gesellschaft „onsiichtbar“, esou déi dréche Feststellung. Dobäi gëtt um haidege Méindeg, déi europäesch Woch fir d‘Beschäftegung vun de Persoune mat spezifesche Besoine lancéiert. Mir hunn eis mam Brigitte Bricout ënnerhalen…

Firwat ass d‘Thematik vun de Fraen, am Kader vun dëser Sensibiliséierungswoch, ervirgedoe ginn?

BB: Well si als Frae mat engem Handicap eng duebel Diskriminatioun erdroe mussen, notamment um Aarbechtsmaart. Aus enger rezenter Enquête geet ervir, datt den Handicap déi éischt Ursaach fir d‘Diskriminatioun op der Aarbechtsplaz ass. 43% vun de Frae mat engem spezifesche Besoin, hunn uginn, op hirer Aarbecht erniddregt ze ginn.

Eng Fra mat engem Handicap, wéi all déi aner Fraen och, muss sech op en duebelt Gläichgewiicht bezéien, finanziell a perséinlech. An dozou dréit eng bezuelten Aarbecht bäi. Leider muss betount ginn, datt Frae mat engem spezifesche Besoin, nach Manner beschäftegt ginn, wéi dat de Fall bei de Männer ass. De Kontext ass schwiereg: de Chômagetaux fir Mënsche mat Handicap bedréit 19%.

Dofir fuerdere mir, datt een op eng spezifesch Aart a Weis deem Rechnung dréit, wat d‘Fraen hei an dësem Kontext ze erdroen hunn. Dofir brauch et gutt an offiziell Statistiken, déi sech gegendert op d‘Astellung an dem Erhalen an Aarbecht, vu Persoune mat engem Handicap, bezéien.

Et ass och fir d‘Gesellschaft representativ: Wéi oft gesäit een eng Behënnert Fra op der Televisioun, an der Politik, der Kultur? Nee, hei ass et esou, datt et just am Sport ee puer Damme gëtt, déi aus der Norm falen. Et ass et den Handicap, gesinn duerch de Prisma vum Kampf an der Performance. Datt ass alles zimlech wäit ewech vum Alldag vu ville Fraen…

Dir sidd an enger Situatioun vun „Handicap“, an hutt awer eng zolidd Carrière am Beräich vun den Human-Ressource gemaach. Wat wier äre Rot?

BB: D‘Schoul ass den éischte Schutzwall géint de Chômage, well nach ëmmer vill ze vill Mënsche mat engem spezifesche Besoin, net bis zum Bac (Ofschloss) studéieren. Hei mussen déi richteg Konditioune fir d‘Begleedung vun dëse Kanner, déi wiesentlech méi komplex Situatioune wéi hir Komerode begéinen, geschafe ginn.

Déi „Gesond“ sollten sech bewosst ginn, datt eng Persoun mat engem Handicap ëmmer duebel esou haart muss schaffen, fir erfollegräich ze sinn. Ech selwer hu mech misse mat Hänn a Féiss wieren, fir an der „normaler“ Schoul dierfen ze bleiwen. Deemools wollten si mech, wéinst dem Handicap an engem „spezialiséierten Etablissement“ ënnerbréngen.

Handicap

Am Sport unerkannt, begleet an ënnerstëtzt. Firwat ass dat fir Frae mat engem spezifesche Besoin, net och an der Aarbechtswelt esou?

Ech hat als Kand Polio (Kinderlähmung) an hunn ëmmer gehippt. An der Schoul sinn ech dowéinst ëmmer gehänselt ginn. Net ze vergiessen, datt an de 60er Joeren, d‘Meedercher hu missen eng Jupe undoen, an all Mënsch konnt esou mäin atrophescht Bee gesinn. Eréischt wéi et och Meedercher erlaabt war Boxen unzedoen, konnt ech mäin Handicap eppes verstoppen.

An esou wéi d‘Schoul, ass och d‘Entreprise e „feindlecht Gebitt“. D‘Entreprise leet Prozesser fest, managt Mënschen, ass strikt Profitorientéiert, sicht d‘Kompetitioun. Vun Natur aus, ass eng Entreprise net un den Handicap ugepasst, a vill Efforte, ginn hei och keng gemaach. Fir Fraen ass et déi duebel Strof. Entreprise sinn net ausgeluecht behënnerte Fraen Opstigschancen unzebidden.

Wéi kënnen d‘Entreprisen haut der Verflichtung nokommen, mindestens 6% handicapéiert Mataarbechter ze beschäftegen?

BB: D‘Entreprise dierf net dovunner ausgoen, hir Problem geléist ze hunn, just well si eng Persoun mat spezifesche Besoinen agestallt huet. Si huet de Problem beschtefalls da geléist, wann d‘Persoun autonom gëtt, sech integréiert huet. Gutt „Gefiller“ si feel un der Plaz. Et muss ee sech Zäit loossen a ginn. Fir datt et ka klappe brauch et Begleedung an entspriechend forméiert Manager.

Maache mir eis och näischt vir: eng Behënnerung kann eng Relatioun ënner Spannung setzen. Déi „gesond“ Welt huet kee Bewosstsinn wéi schwéier et scho fir e Liewenspartner, Gesëschter oder Frënn ass, mat enger handicapéierter Persoun ze liewen.

Am Beruffsliewen ass et nach eppes méi komplizéiert. Ech setze mech dofir an, fir eng Formatioun a Begleedung an enger Equipp, engem Service ze erméiglechen. Et ass un der Zäit sech vun de Stereotyppen ze verabschiden. Et ass un der Zäit mam Gedanken opzehalen, datt alles ëmmer an iwwerall, nëmmen eppes mat „Kompetenz“ ze dinn huet.

mam Jessica Lopez/AFP

Foto: Si gi meeschtens vu staatlechen Administratioune „benotzt“, d‘Frae mat engem Handicap. Am Privatsecteur, ass een net „agestallt“ op esou Mataarbechter. A wann een eng Aarbecht kritt, kann ee bei der Pai oft nëmmen de Kapp rëselen.

Related topics Aarbechtslosegkeet, Aktiounswoch, Behënnerung, Brigitte Bricout, Handicap
Next post Previous post