Search

You may also like

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net
International Neiegkeeten

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net

Si ginn der Welt stéiss déi dës net brauch an

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen
International Neiegkeeten

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen

Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech

A wou komme mir dann hir?
International Neiegkeeten

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land

Frankräich: De schlechten Ëmgang mam Fleegepersonal

Mat engem ronnen Dësch soll bei eisen Noperen d‘Gesondheetswiesen nei opgestallt ginn – leider dierf d‘Fleegepersonal net matschwätzen

Frankräich: De schlechten Ëmgang mam Fleegepersonal

Iwwer Wochen a Méint ass all Owend am Frankräich dem Fleegepersonal Applaus gespend ginn. Elo stinn dës „Helden“ op der Strooss de Polizisten a Gendaarme géinteniwwer, hale Plakater mat Revendicatiounen héich oder schwenken Transparenter. E Bild dat sech queesch duerch den Hexagon zitt an d‘Fuerderunge sinn iwwerall déi selwecht. D‘Äntwert: Tréinegas a Gewalt…

Spéitstens zanter der sanitärer Kris, misst et och deem dommsten an der franséischer Regierung opgefall sinn, datt een Onzefriddenheet an Uspréch net mëttels Applaus begéine kann. Elo stinn d‘Zeechen op Konfrontatioun, well déi „wäiss Blousen“ schénge gewëllt esou laang ze kämpfen, bis d‘Autoritéiten hire Revendicatiounen entspriechen. Opginn ass kee Bestanddeel vun der DNA.

FleegepersonalGefuerdert ginn nieft méi Personal an engem Loun deen der Aarbecht, der Verantwortung an den Uspréch gerecht ass, ausräichend Aarbechtsmaterial a méi Better. Wärend der Kris hätt een ënner Drock d‘Zuel vun der Better op de Noutfall- an Intensivstatiounen erhéicht, esouguer méi Personal war op emol „disponibel“. Elo ginn d‘Better ofgebaut an d‘Leit mat engem Merci heem geschéckt.

Kee „weider esou“

Dat wëllen d‘Infirmièren an d‘Aide-Soignanten net. Wärend der Kris gouf séier ersiichtlech, datt et net genuch Personal a Better huet, fir d‘Patiente mënschewierdeg opzehuelen an ze fleegen. Leit sinn op de Gäng „geparkt“ ginn, Material huet vir an hanne gefeelt. Dat war wuel scho virun der Covid19-Pandemie esou de Fall, de Coronavirus awer huet de System endgülteg iwwerfuerdert.

Et ass op „Uschlag“ geschafft, deels Onvirstellbares geleescht ginn, mee besser gouf et net. Et heescht, de ganze System wier vill ze hierarchesch, déi ganz administrativ Tâche géifen ze vill Zäit beusprochen, déi dann an der Fleeg feelt. An da kommen och nach stänneg nei Aufgaben derbäi.

FleegepersonalBeispill Mulhouse: Well un allen Ecker an Enner muss gespuert ginn, gouf am Spidol d‘Ekipp, déi sech ëm d‘Maintenance vun de Gefierer gekëmmert huet entlooss. Et war dunn um Fleegepersonal sech selwer ëm den Entretien an d‘Propretéit vum Gefier ze këmmeren. Wéinst de Mesuren, déi mat der sanitärer Kris agefouert goufen, hu Leit Autoe gebotzt déi anerwäerts gebraucht goufen.

Fir de „Kader“, op elo Dokteren oder administrativ „Manager“ eng „Selbstverständlechkeet“. Kee Wonner, datt déi nieft de Fonctionnairen aus dem Gesondheetsministère, keng Loscht hunn sech mam Pöbel un de Verhandlungsdësch ze setzen. An esou sinn d‘Vertrieder vum Fleegepersonal och net ageluede ginn. Wéi d‘Zukunft ausgesäit, kann een net ziilféierend mam Foussvollek beroden.

mat indymedia/par/sxb

Foto: Zu Stroossbuerg, wéi a ville franséische Groussstied, huet d‘Fleegepersonal manifestéiert. Si fuerderen eng Revalorisatioun (méi Loun) a méi Mëttel (Material, Better, Personal). D‘Regierung soll Versteesdemech gewisen hunn a kënnegt ee ronnen Dësch iwwert d‘Zukunft vum Secteur un. Leider gëtt d‘Basis, also d‘Vertriedung vum Fleegepersonal vun dëse Gespréicher ausgeschloss. © The Wave Artist

Related topics Fleegepersonal, Frankräich, Gesondheetssystem, Protest, Revalorisatioun, ronnen Dësch
Next post Previous post