Search

You may also like

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis
International Money Neiegkeeten

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis

Am Interview mat der ARD, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“
International Money Neiegkeeten

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“

Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den

Spuenien: Iwwer 600 Migranten e Méindeg aus Séinout gerett
International Money Neiegkeeten

Spuenien: Iwwer 600 Migranten e Méindeg aus Séinout gerett

Iwwer 600 Migranten an engen 20 „Nossschuelen“ sinn e Méindeg

money

Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz

Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz

Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt Warschau net gewëllt ass, op d‘EU-Direktiv zum detachéiere vun Aarbechter zréckzekommen.

„Mir wäerten eis Positioun bis dat Läscht verdeedegen, well et eng Positioun ass déi am Interesse vun de polneschen Aarbechter ass“, Beata Szydlo der Press.

Eng Deklaratioun déi zu engem Zäitpunkt stattfënnt, wou den Emmanuel Macron en Tournée duerch Ost-Europa mécht. Eng Tournée bei där de franséische President Partner sicht fir ebe grad, déi Direktiv nei ze iwwerdenken.

1996 agefouert, erlaabt dës Direktiv enger EU-Entreprise, seng Aarbechter an anere Länner vun der EU ze detachéieren. Dobäi ginn d‘Kotisatioune (sozial Laaschten) vun den Aarbechter am Ursprongsland bezuelt.

Domadder ass d‘Aarbechtskraaft vun de polneschen Aarbechter immens bëlleg a stellt a ville Länner eng onfair Konkurrenz duer. E Punkt deen de franséische President besonnesch rose mécht, well hien et als ongerecht vis-à-vis vu senge Landsleit betruecht.

Géint eng Reform

Et ass awer scho richteg ze bemierken, datt Polen dat Land ass, wat am meeschte vun der Direktiv profitéiert. Verständlech allerdéngs och, datt Polen sech dëse Virdeel wëll erhalen an op der Däiwel komm eraus verdeedegt.

Gutt eng hallef Millioun Polen gi vu polneschen Entreprisen am EU-Ausland beschäftegt. No Däitschland, ass Frankräich mat 286.000 am Joer 2015 deklaréierten Aarbechter, dat zweet Land wou d‘Salariéen aus Polen esou opgeholl ginn.

Ënnerstëtzt vun Éisträich an Däitschland, plädéiert Frankräich fir eng Revisioun vun der Direktiv. Esou sollt beispillsweis d‘Openthaltsdauer vu 24 Méint, op 12 Méint erofgesat ginn. Am Kader vu senger Tournée, fir eng Gesetzestextännerung ze erreechen, huet de Macron awer Polen a Ungarn ausgelooss. Déi zwee Länner, déi vum aktuelle System maximal profitéieren.

mat AFP

Related topics Aarbechter, Beata Szydlo, Emmanuel Macron, EU, Polen
Next post Previous post