Search

You may also like

Méi Eltere, manner Staat
International Neiegkeeten

Méi Eltere, manner Staat

Eltere sinn ass schwéier. Dat ass net nëmmen en 08/15

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel
International Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel

Déi erneit Hëtztwell déi Europa erleit, ass zweiwelsfräi en Zeeche

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
International Neiegkeeten

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!

Um Freideg Owend huet déi britesch Band Bastille mat hirer

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister

No de „giele Gileten“ sinn et elo d‘Polizisten déi Fuerderungen hunn

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister

Hien huet d‘Kris vun de giele Gileten nach net iwwerstanen, datt sech eng nei ukënnegt. Elo muss de franséischen Inneminister, Christophe Castaner, en neit Feier läschen: d‘Poliziste prouwen den Opstand a fuerderen „ e Retour op den Investissement“ no hirer massiver Mobiliséierung.

Mat senger éischter „interner“ Kris konfrontéiert säit hie virun zwee Méint de Ministère iwwerholl huet, huet de Christophe Castaner en Dënschdegowend d‘Vertrieder vun den dräi Gewerkschaften, déi an der Police representativ sinn – Alliance, Unité-SGP-FO an Unsa-Police – zu Beauvau missen empfänken. No dräi Stonnen hunn d‘Gespréicher misse suspendéiert ginn, haut geet et weider.

„Et ass näischt ofgebrach ginn. D‘Gespréicher si just ënnerbrach ginn, well de Minister muss en Arbitrage ufroen“ heescht et säitens dem Jean-Claude Delage, Generalsekretär vun „Alliance“. Bis dohinner huet d‘Gewerkschaft Unité-SGP-FO sech dem Mouvement, dee vun Alliance ënnert dem Motto „Mir maachen d‘Kommissariater zou“, initiéiert gouf, ugeschloss.

Alliance huet all d‘Poliziste vu Frankräich opgeruff, d‘Kommissariater nëmme bei Urgencen ze verloossen. „Si blockéieren d‘Kommissariater net, well si e gutt Versteesdemech vum ëffentlechen Déngscht hunn“, hat den Inneminister virun der Entrevue mat de Gewerkschafte wësse gelooss. „Ech denken net datt eis Poliziste giel Gilete sinn“, esou dem Christophe Castaner seng Meenung.

Säit elo enger Woch hunn d‘Gewerkschaften den Drock op d‘Regierung erhéicht, no engem ganz „ustrengende“ Mount, wou d‘Beamten sech hu missen der Mobiliséierung vun de giele Gileten unhuelen. Eng Belaaschtung déi mam Attentat vu Stroossbuerg net manner ginn ass. E Méindeg gouf beschloss den Toun ze hiewen, an d‘Exekutive zur Verantwortung ze drängen.

Millioune fir d‘Iwwerstonnen ze bezuelen

Fir déi (berechtegt) Roserei vun de Polizisten an de Grëff ze kréien, huet d‘Regierung schonn emol eng Prime vun 300 Euro proposéiert. Déi soll alle Beamten zougestane ginn, déi bei den Aktioune vun de giele Gileten am Asaz waren. En entspriechenden Amendement ass nach dës Nuecht vun der Assemblée, am kader vun der „loi finances 2019“ zum Vott gestallt an ugeholl ginn.

Dës Prime soll un 110.000 Polizisten a Gendaarmen ausbezuelt ginn, wat enger Zomm vu ronn 33 Milliounen Euro entsprécht. De Prinzip vun dëser Prime hat de President schonn den 3. Dezember annoncéiert. An der Marge vun de gewerkschaftlechen Aktiounen, gëtt et de Mouvement „gyros bleus“ dee sech an de sozialen Netzwierker verbreet. D‘Stëmmung bei de Beamten ass schlecht…

Wéi d‘Situatioun um Terrain, a méi prezis der Police ausgesäit, dat ass der Regierung säit Juli voll a ganz bekannt. Do war de parlamentaresche Rapport iwwert den „Zoustand vun de Sécherheetskräfte a Frankräich“ virgeluecht ginn. Déi sëllechen Ausenanersetzunge mat de giele Gileten, hunn net derzou bäigedroen, datt d‘Situatioun verbessert hätt. D‘Stëmmung ass um Déifpunkt ukomm.

Den Inneminister, beméit nees eppes ewéi Rou an dat ganzt ze bréngen, huet och annoncéiert, datt hien sech dem „Retard beim ausbezuele vun den Iwwerstonnen“ unhuele wëll. „D‘Regierung ass aktuell de Polizisten e Gesamtbetrag vun 275 Milliounen Euro, nëmme fir Iwwerstonne schëlleg, an dat net eréischt säit kuerzem, mee schonn zanter Joerzéngten. Deem wëll ech mech unhuelen“.

Wéi hien dat wëll hikréien erschléisst sech eis net. De Budget bitt séier wéineg Spillraum fir esou „Extravaganzen“ an et dierf een déi sëlleche Konzessiounen net vergiessen, déi de Staat de giele Gileten zougestanen huet. Déi eleng bréngen déi ëffentlech Konten an d‘schleideren. „Ech ka mer déi 275 net aus dem Aarm rëselen (…) et wäert Woche brauchen dat Geld ze fannen“.

mam Gregory Daniel an dem Charlotte Hill/AFP

Foto: De franséischen Inneminister, Christophe Castaner, huet gëschter Owend mat de Vertrieder vun den Police-Gewerkschaften iwwer Verbesserungen an d‘Ausbezuele vu Milliounen un Iwwerstonnen diskutéiert. D‘Gespréicher sollen haut am Nomëtteg weidergefouert ginn. © Lionel Bonaventure/AFP

Related topics blo Gileten, Christophe Castaner, Frankräich, giel Gileten, gyros bleus, Inneminister, Iwwerstonnen, Police
Next post Previous post