Search

You may also like

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll
International Neiegkeeten

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll

Nodeems de Vaccin vu Pfizer/Biontech op der Insel seng Noutzouloossung

Frankräich virum Lockdown
International Neiegkeeten

Frankräich virum Lockdown

Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch
International Neiegkeeten

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Mat engem Baseballschléier ass ee Samschdeg den Elie Rosen, Virsëtzende

Covid-19: Wat spillt Frankräich fir ee Spill?

Covid-19: Wat spillt Frankräich fir ee Spill?

En Donneschden, 25. Februar 2021 huet déi franséisch Regierung sech op enger Pressekonferenz geweigert, e Confinement auszeschwätzen, wärend de Kampf géint de Virus alles anescht wéi erfollegräich bleift. Dat ass eng Strategie, déi net nëmmen am Hibléck op d’Entscheedunge vun den Nopeschlänner, mee och am Hibléck op laangfristeg Iwwerleeungen eng Erausfuerderung duerstellt.

Wann een sech weigert eng Wonn ze versuergen, infizéiere mir dann net de ganze Kierper? Dat wäert all Dokter Iech soen. All seriéis Kränkt oder Verletzung muss och seriéis behandelt ginn. Nëmme Paracetamol huelen, ass keng brillant Iddi, wann een en Gehirtumor huet. A wann een déi komesch Strategie vum Macron analyséiert, schéngt d’Analogie net ganz wäit vun der Wourecht ewech ze sinn.

Frankräich huet op en Neits decidéiert ofzewaarden. Op eng Verbesserung vun de Resultater ze waarden. Drop ze waarden, datt et net méi sou vill Infizéierter gëtt. Op eng Baisse vun de beluechte Spidolsbetter ze waarden. Kuerz gesot, op ee Wonner ze waarden.

Enn 2020, wärenddeem d’Chrëschtdeeg an enger düsterer Atmosphär stattfonnt hunn, huet sech jidderee gesot, datt hier Partyen nëmme wootlech sinn – an datt no engem strenge Januar d’Liewe säi Cours erëm ophëlt. Dat ass eng logesch Erwaardung, well allgemeng unerkannt gouf, datt d’Schrauwen eng leschte Kéier ugezunn musse ginn, fir eng aggressiv Impfcampagne ze starten.

An da kann ee méiglecherweis am zweete Quartal vum Joer 2021 e Comeback zu enger normaler Gesondheet fërderen. Dat schéngt dem President net ze schmaachen. Obwuel déi nei Varianten an der Belsch, Däitschland oder England d’Ronn maachen, entscheet hien sech, datt d’Ausgangsspär ënnert de selwechte Konditioune wéi virun zwee Méint ass. Déi sinn awer onwierksam.

Déi wéineg Mesuren, wéi d’Fermeture vun 12.500 m² groussen Akafszentre sinn bal net ze gleewen.

Wärend ons stänneg gesot gëtt, datt de Problem d’Distanz tëscht de Mënschen ass, ass elo d’Gréisst vun de Gebaier e Grond sech Suergen ze maachen. De Saz dee Regierungsmemberen an de leschte Méint dacks gesot hunn, ass: Mir hoffen op ee Réckgang vun den Zuelen, mee d’Resultater fërdere keen Optimismus.

Mat enger Ausgangsspär, déi Mënschen a Super-Marchéen nëmmen dat agglutinéiert wann si hier Aarbecht verloossen, oder enger feelender Verflichtung zum Télétravail, déi sou maachbar ass, an enger Impfcampagne déi sou lues ass an e Manktem un Organisatioun opweist – wéini a mat welche Mëttele kéinten d’Zuelen esou erofgoen, datt si als zefriddestellend ugesi ginn? Et kommen all Dag Infektiounen dobäi. Lues, awer sécher.

De Krich géint de Virus a seng Variante besteet aus Néierlagen, ouni eng Hoffnung um Horizont ze gesinn, d’Verdeedegungsstrategie ännert guer a glat näischt. Wärend Europa eng Harmoniséierung vun de Moossname fërdert, fir datt d’Englänner no enger dynamescher Impfcampagne an enger drastescher Aschränkung d’Enn vu Frankräich gesinn, sinn si vun hirer Strategie entschloss.

A wéi tragesch Geschichten iwwer Amputatiounen oder Brandwonnen, oder d’Entwécklung vu schwéiere Krankheeten ouni Behandlung, sollte mir eis drop virbereeden am Mäerz ze gesinn, wéi de klenge franséische Patient an d’Spidol ageliwwert gëtt. An dat fir eng Zwangsaweisung.

En Text vum Tendai Michot / mental.lu

Opmaacherbild: © Visuals / Unsplash

Related topics Ausgangsspär, Confinement, Covid-19, Frankräich, Krich géint de Virus, Mental.lu, Neiinfektiounen, Zwangsausweisung
Next post Previous post