Search

You may also like

surprise
EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens
International Neiegkeeten

EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens

Grousse Kino zu Bréissel dëse Freideg an dat fir um

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus
International Neiegkeeten

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter
International Neiegkeeten

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter

Nodeems den Donald Trump an de Raum gestallt huet, datt

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen

Bei eise franséischen Noperen si bannent 24 Stonnen iwwer dausend Neiinfektioune festgestallt ginn. Grond genuch fir de President eng Drénglechkeetssëtzung vum nationale Verdeedegungsrot anzeberuffen. De Premierminister huet méi a verstäerkt Kontrollen op de Fluchhäfen annoncéiert.

Obwuel eis Nopere wesentlech manner Mënschen testen, klëmmt d‘Zuel vun den Neiinfektiounen nees rapid. Fir deem entgéintzewierken, sinn d‘Schutzmoossnamen nees däitlech verstäerkt ginn. Um Freidegmuere war de Premier Jean Castex mat den Transport- a Gesondheetsminister um Fluchhafe Roissy, wou si dann elo och ugekënnegt hunn, datt et obligatoresch Tester muss ginn.

Voyageuren aus 16 Länner (dorënner: Algerien, Brasilien, Indien, Israel, Madagaskar, Panama, Peru, Serbien, Südafrika, Tierkei, USA a eng Rei Länner aus dem arabesche Golf) mussen sech teste loossen, wann si op engem franséische Fluchhafen ukommen. Dës Mesure gëllt esouwuel fir d‘Fransouse wéi fir d‘Auslänner. De System gëtt ab dem 1. August iwwerall ugewannt.

Ab dësem Stéchdatum, muss jiddereen deen aus engem vun den opgelëschte Länner areest, en negativen Test virweisen oder et geet automatesch an den Test. Wien do „positiv“ ass, muss a Quarantaine. Zudeem gëtt bei jidderengem d‘Temperatur gemooss. Zu dësem Zweck ginn thermesch Kameraen agesat. Dës Mesure gouf vun der Gewerkschaft SNPNC begréisst.

mat indymedia/par

Illustratioun: Ab dem 1. August mussen sech Reesender, wann si aus engem Land mat héije Covid19-Infektiounszuele kommen, engem Test ënnerzéien. © Kevin Bosc / unsplash

Related topics Covid19, Emmanuel Macron, Fluchhafen, Frankräich, Jean Castex, Kontrollen, nationale Verdeedegungsrot
Next post Previous post