Search

You may also like

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung
Fail International Neiegkeeten WTF

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett
Fail International Neiegkeeten WTF

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour
Fail International Neiegkeeten WTF

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour

De Grupp Rodenbourg, haaptsächlech als Concessionaire vu Peugeot bekannt, verkeeft

dislikesurprise

Frankräich: M6 keeft RTL

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp M6 no engem Opkaf gëtt deen den 1. Oktober effektiv. Dobäi gi 50 Aarbechtsplazen ofgebaut, mee et soll keng Entloossunge ginn. Dat huet de Christopher Baldelli, responsabel vum Pole Radio am Figaro matgedeelt.

„Et sinn am Projet keng Entloossunge virgesinn. Allerdéngs gi grouss Synergië virgeholl, déi kuerzfristeg zum Ofbau vun 30 bis 50 Aarbechtsplaze féiere mee net zu Entloossungen“, esou de President vum Virstand vun RTL an engem Interview deen haut verëffentlecht gëtt.

„Ech denken, datt de Sozialplang dee mir virleeë ganz adaptéiert ass“ esou de President deen ënnersträicht, datt de Plazenofbau „duerch déi natierlech Ofgäng generéiert gëtt, déi dann zu der Reorganisatioun féieren“.

Stäerkste Mediegrupp vum Hexagon

„Mat dëser Operatioun schafe mer dee gréissten a stäerkste Grupp dee gläichzäiteg Televisioun a Radio mécht“, esou de Baldelli deen als Vizepresident an de Grupp M6 integréiert gëtt. Do iwwerhëlt hien d’Verantwortung fir de Radioen an d’Informatioun.

Duerch d’Verknäppe vun der Nummer 1 an der franséischer Radio-Welt (RTL, RTL2 a Fun Radio) dee 25 % vum Reklammemarché unzitt, mam Televisiounsgrupp M6, deen och a senger Spart gutt 25% Maartundeel am Beräich vun de Reklammen huet, gëtt de Grupp M6 déi stäerkste Mediegrupp am Hexagon.

Mat dësem Opkaf vun enger Valeur, déi bei ronn 200 Millioune läit, iwwerhëlt M6 d’Kontroll iwwert d’Radioe vun RTL-Grupp Frankräich mat hirer Publicitéitsregie an den Internetaktivitéiten. De Grupp gesäit Synergien am numeresche Beräich, während d’Publicitéitsregie vum Radio an der Tëlee solle fusionéieren.

Vun enger Täsch an déi aner

De lëtzebuergesche Grupp RTL-Grupp, selwer eng Filial vum däitsche Bertelsmann, ass allerdéngs och den Haaptaktionär vun M6. Dat mat 48,26% vun de Parten. Praktesch gesi keeft een sech hei selwer op. D’Societéit vun de Journalisten (SDJ) vun RTL hat ugangs September dës Transaktioun veruerteelt.

Dobäi gëtt hei de Facto nëmmen zesummegeluecht wat iergendwéi schonn zesummegehéiert huet. Am Beräich vun de Reklammen awer, kann den „neie“ Grupp mat enger konsolidéierter Publicitéitsregie seng Positioun um Marché stäerken. Op der aner Säit gëtt d’Informatioun op alle Niveaue gläichgeschalt.

mat AFP

Foto: De Logo um Haaptquartéier vun RTL zu Neuilly-sur-Seine bei Paräis (hei en Archivbild vum 10. Mäerz) dierft trotz dem Opkaf net verännert ginn. (© Thomas Samson/AFP)

Related topics Bertelsmann, Christopher Baldelli, Frankräich, M6, RTL
Next post Previous post