Search

You may also like

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon
Neiegkeeten

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon

D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun
Neiegkeeten

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun

Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren
Neiegkeeten

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren

De „Mieterschutz Lëtzebuerg“ hat et sengerzäit begréisst, datt d‘Regierung beschloss

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

Bei Rekord-Enthalung

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

De President vu Frankräich kann ouni gréisser Schwieregkeete säi Programm an Ugrëff huelen. Den zweeten Tour vun de Legislativen huet dem Emmanuel Macron eng vun de gréisste parlamentaresche Majoritéite vun der fënnefter Republik zougestanen.

Bei den esouwäit definitive Resultater erreeche „la République en Marche“ (REM) an säin Alliéierte MoDem 351 Sëtz. Dat si wäit méi wéi déi einfach Majoritéit vun 289. Eelef Sëtz fir d’Fransousen am Ausland ginn haut offizialiséiert. Allerdéngs hunn sech beim zweeten Tour nach manner Leit genéidegt gefillt hir Stëmm ofzeginn (57% Abstentioun géint 51,3%), wéi am éischten Tour.

Ee klénge Presseiwwerbléck

D’Zeitung „Libération“ notéiert: „Just eng Rekordenthalung werft ee Schied op eng Victoire déi kee Kommentator ugangs der Campagne antizipéiert huet. Hierkomm vu néierens, ass de Macron haut iwwerall.“ De „Figaro“ kommentéiert: „Bei zwou Walen a véier Tier, huet d’Revolutioun ‘en Marche’ un déi kee wollt gleewen, Frankräich wéi een Tsunami iwwerrullt.“

An der konservativer „La Croix“ gëtt och vun engem „Verblatzte Succès just duerch d’Enthalung“ an déi lénk Dageszeitung „L’Humanité“ titelt: „Risenerfolleg an eidel Urne fir de Macron“

Regierung bestätegt

Wéi d’Traditioun et no enger Ofstëmmung bei Legislative wëll, sollt den Premierminister Eduard Philippe haut oder muer d’Demissioun vu senger Regierung areeche fir direkt eng nei ze bilden. Déi dierft sech eigentlech kaum vun der bestoender ënnerscheeden. Déi sechs Minister sinn all gewielt ginn an domadder eigentlech bestätegt.

Vun den 351 Sëtz fir dPresidentschaftsmajoritéit entfalen der 41 op de liberal-konservative MoDem vum François Bayrou, déi esou een onofhängege Grupp kënne bilden. D’Allianz tëscht de Republikaner (LR) an der UDI kënnt hirersäits op 131 Sëtz. D’Sozialiste sinn wéi net anescht ze erwaarden ënner gaangen a kommen nach op just 29 Sëtz, géintiwwer den 284 an der Virrechter Assemblée.

Den éischte Sekretär vum PS, de Jean-Christophe Cambadélis huet dat katastrophaalt Resultat bestätegt a gläichzäiteg seng Demissioun aus der Parteileedung bekannt ginn. Verständlech, wann ee bedenkt, datt de PS nach hannert dem schonn desastréise Resultat vun 1993 (57 Sëtz PS mat Gläichgesënnten) ukomm ass.

Front National kënnt op aacht Sëtzer

Net vum PS opgestallt, awer och net vum REM a Fro gestallt, huet de Manuel Valls an enger opgeluedener Stëmmung bekannt ginn erëmgewielt ze sinn. Dat mat 139 Stëmme méi wéi seng Konkurrentin Farida Amrani vun der „la France insoumise“ (LFI). Déi huet allerdéngs och d’Victoire beusprocht an ee Recours ugekënnegt.

D’Populiste vervéierfachen hir Sëtzer, mee et geet net duer fir ee Grupp ze stellen.

Op nationalem Niveau erhält den LFI 17 Sëtz an d’Kommunisten (PC) der zéng. Zu Marseille huet de Jean-Luc Mélenchon ee parlamentaresche Grupp ugekënnegt, dat ouni d’Kommunisten ze ernimmen. De „Front National“ kënnt op aacht Sëtz an d’Marine Le Pen zitt mat sengem Compagnon Louis Aliot an de Palais Bourbon. D’Populiste vervéierfachen hir Sëtzer, mee et geet net duer fir ee Grupp ze stellen. Op der streideger Insel Korsika huet et och eng Premiere ginn. Hei goufen déi dräi Nationaliste: Michel Catellani, Jean-Félix Acquaviva an de Paul-André Colombani bestätegt.

Ee puer ausscheedent Kandidaten hunn et zu gudder läscht dann awer nach gepackt: esou de Fraktiounschef vum PS, Olivier Fauree; de Kommunist André Chassaigne; a bei de Konservativen, den Eric Woerth an Eric Ciotti. Och de President vun der UDI, de Jean-Christophe Lagarde ass knapp erëmgewielt ginn.

Am Schutz vum REM, sinn déi fréier Minister Stéphane Le Foll a Sylvia Pinel och bestätegt. Fir déi aner Minister ënnert dem Hollande war Feierowend. Déi gréng (Europe Ecologie Les Verts) kréie mam Eric Alauzet grad emol ee Vertrieder an d’Assemblée.

Domadder huet de President Macron d’Hänn fräi fir säi Programm ëmzesetzen.

Domadder huet de President Macron d’Hänn fräi fir säi Programm ëmzesetzen. De nächste politesche Rendez-vous gëtt et Enn September, da gëtt de Senat zur Hallschent erneiert. Deen ass aktuell riets-konservativ. D’Assemblée ass vu Grond op erneiert: mat 223 Fraen, virdrun 155, ass se der Paritéit mi no.

mam Marc Préel an Baptiste Pace/AFP

Foto: De Kandidat fir déi korsesch Nationaliste Michel Castellani (Mëtt) ganz zefridde mam Ausgang vun de Walen am zweeten Tour. (© Pascal Pochard-Casabianca/AFP)

Related topics Emmanuel Macron, En Marche, EU, Frankräich
Next post Previous post