Search

You may also like

D‘CSV huet en neie President an der Persoun vum Frank Engel
Money Neiegkeeten

D‘CSV huet en neie President an der Persoun vum Frank Engel

Zwee Kandidaten, ee Mandat. Dat war et wat beim CSV-Kongress

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch
Money Neiegkeeten

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch

Datt mir als Gesellschaft virun Aarmut a Misär d‘Ae verschléissen

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall
Money Neiegkeeten

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Datt säitens dem Regime vu Pyonyang bis haut keen eenzegen

money

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng Geschäftsraim vum „Office HLM“ (Verwaltung vu Wunnenge mat moderatem Loyer N.v.d.R.) zu Colombes an den Hauts-de-Seine gelount huet, muss elo plënneren. Dëst well d‘Konditioune vun der Pacht net agehale goufen. Dat huet um Méindeg d‘Zivilgeriicht vun Nanterre beschloss.

D‘Societéit „Colombes habitat public“ (CHP), vum Office HLM dee vun der Buergermeeschtesch Nicole Goueta (LR) presidéiert gëtt, hat am November 2015 als Verpachter decidéiert dem Locataire, „Anadolu Distribution“, deen ënnert der Enseigne „Good Price“ säi Geschäft bedriwwen huet, ze kënnegen. Dat well sech de Locataire net un d‘Konditioune vun der Pacht gehalen huet.

Laut dem Office HLM, sinn d‘Geschäftsraim awer zur Notzung fir en „Allgemenge Liewensmëttelhandel“ verlount ginn. Well awer d‘Geschäft weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkaaft huet, sinn d‘Konditioune vun der Pacht net agehale ginn. Esou de Standpunkt vum Verpachter.

Relioun ass schlecht fir d‘Geschäft

Deem Argument ass d‘Zivilgeriicht vun Nanterre nokomm an huet a sengem Uerteel gemengt, datt d‘Societéit Anadolu Distribution net de „Besoine vun de Leit am Quartier Rechnung dréit (…) de gréissten Undeel u Produiten, déi zum Verkaf ugebuede gi sinn, wiere konfessionell Wueren aus dem Orient“, esou den Extrait aus dem Jugement, deen der AFP virläit.

Fir den Olivier Virolle, Generaldirekter vun CHP, ass d‘Uerteel eng Bestätegung. „Awunner vun de Colombes sinn sech op d‘Märei beschwéiere komm, well se net méi fonnt hunn u wat se gewinnt waren a wat se och wollten“, erkläert den Olivier Virolle, deen dann och bestätegt, datt et schonn Interessente gëtt déi d‘Geschäft wëllen iwwerhuelen.

„D‘Geschäft hat kee Rayon, an deem et Wäin oder soss Alkohol ginn hätt“, esou d‘Geriicht an „d‘Gesellschaft, déi Locataire ass, huet Gebiet-Tableauen ugebueden, déi an arabescher Sprooch geschriwwe sinn“.

Eng Siicht, déi d‘Affekotin vun Anadolu net deele kann a schonn Ufank Oktober bei enger éischter Audienz gekontert hat: „De Wäin ass net Bestanddeel vun den allgemenge Liewensmëttel. Et ass datt wat een e Complement nennt, also besteet keng Obligatioun“.

Net genuch Auswiel

Fir dann awer nach de Nowäis als „Allgemenge Liewensmëttelhandel“ ze erbréngen, hat d‘Societéit Anadolu Distribution en Huissier beoptraagt, festzestellen, datt am Geschäft och Produite verkaf gi sinn, déi net „Halal“ sinn.

E Constat déi vum Geriicht als net „genuch“ unerkannt ginn ass fir sech géint d‘Feststellung, aus där ervirgeet, datt deen Haaptundeel vun de Wueren „Halal“ oder zumindest „exotesch“ waren, a wéi gesot de Wäin an alkoholescht Gedrénks gefeelt hunn.

Zudeem hat „Colombes habitat public“ feststelle gelooss, datt et am Geschäft e Rayon ginn huet, deen exklusiv orientalescht Geschir, an e Rayon deen exklusiv frësch Produite mat der Bezeechnung „Halal“ oder och nach dekorativ Wueren, déi mat de Schrëften aus dem Koran versi waren, zum Verkaf ugebueden huet.

D‘Geriicht huet deemno misse feststellen, datt „d‘Vente vu Produiten net fir d‘Allgemengheet, mee wuel awer enger spezifescher Clientèle, als restriktiv muss ugesi ginn an deemno net der Notioun vum allgemenge Liewensmëttelhandel entsprécht. Anadolu Distribution muss also elo d‘Plaz raumen an huet och nach d‘Käschte vun der Prozedur ze bezuelen, déi sech op ëmmerhin 4.000 Euro belafen.

mat AFP

Illustratioun: A Geschäftsraim déi ee vun der ëffentlecher Hand lount, dierf e wuel och Wuere verkafen déi „Halal“ sinn, mee wann et bal nëmmen dës gëtt, entsprécht et net méi de Konditiounen déi an der Pacht festgeluecht sinn. Dat huet d‘Geriicht vun Nanterre och esou gesinn. © Philippe Huguen/AFP

Related topics Anadolu Distribution, Colombes habitat public, Liewensmëttelhandel
Next post Previous post