Search

You may also like

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu
International Neiegkeeten

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu

Gëschter huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun an

Den Amerikaneschen Albdram
International Neiegkeeten

Den Amerikaneschen Albdram

Et ass Wahlkampf an den Donald Trump versprécht sengen Unhänger

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn
International Neiegkeeten

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn

Um Mëttwoch sinn am Inneministère 11 nei Buergermeeschter an 23

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss

E 29 Joer jonke Fransous huet zu Colombes (Hauts-de-Seine) huet zwee Motarde vun der Police, déi an der Paräisser Banlieue am Begrëff waren en Gefier a säi Chauffer ze kontrolléieren, mat voller Absicht ugestouss. Bei senger Verhaftung soll de Mann d‘Situatioun a Palestina als Motiv, genannt hunn…

Fir d‘Police am Frankräich ass et generell „net einfach“, mee an de leschte Woche ginn si nees méi a méi zur Zilscheif. Esou gëschter am Nomëtteg, wou zu Colombes, direkt géinteniwwer vum Rugby-Stadion „Yves-du-Manoir“, wou d‘Beamten eng Verkéierskontroll duerchgefouert hunn, ee schwaarze BMW hinnen entgéint koum, an am leschten Ament mat voller Absicht a se gerannt ass.

Polizisten

© Synergie Officiers

Beim Zesummestouss, gouf ee Polizist deraart schwéier um Kapp blesséiert, datt hien nodeems en an D‘Spidol iwwerstallt ginn, huet missen an de kënstleche Koma versat ginn. Säi Kolleg ass mat Frakturen u Been a Becken an d‘Spidol komm. De Chauffeur vum BMW, e Fransous vun 29 Joer, konnt nach op der Plaz vun der Police festgeholl ginn. Un der Absicht bestinn och keng Zweiwel.

Zum enge soll de Mann bei der Festnam de Beamte gesot hunn, datt hien an d‘Poliziste gerannt wier, als „Revanche fir d‘Situatioun a Palestina“. D‘Enquêteure vum Parquet vun Nanterre, déi op d‘Plaz beuerdert goufen, hunn am Auto vum Täter ee Messer an ee Bréif fonnt, an deem den Auteur vun de Faite säi Gest erkläert. Elo gëtt gepréift ob et ee Fall fir den Antiterror-Parquet ass.

Polizisten

D‘Stëmmung géint d‘Police a Frankräich schéngt en neien Déifpunkt erreecht ze hunn, wéi dësen Tweet androcksvoll ënnersträicht. An dëser Tweets, wéi och offälleg Remarken op Facebook huet et masseg ginn.

Fir de Mann, deen der Police leider net onbekannt ass, bis ewell awer net wéinst „terroristeschen Aktivitéiten an/oder Kontakter“ opfälleg war, heescht elo an Untersuchungshaft Äntwerten op d‘Froe vun den Enquêteuren ze hunn. Nach huet de Parquet vun Nanterre den Dossier an der Hand, mee sollt sech den Terrorverdacht verhäerten, iwwerhëlt den Antiterror-Parquet d‘Enquête.

De Präfekt vun der Paräisser Police, Didier Lallement, huet via Twitter de blesséierte Polizisten seng Undeelnam ausgedréckt, an de Polizisten, déi den Auteur vun der Dot interpelléiert hunn, e grousse Merci ausgedréckt. D‘Buergermeeschtesch vu Colombes, Nicole Goueta, huet sech op d‘Plaz beginn, an huet en enger éischter Stellungnam bestätegt, datt kee Motiv ausgeschloss gëtt.

mat indymedia/par

Foto: © Synergie Officiers

Related topics Colombes, Frankräich, Hauts-de-Seine, Police Municipale, Police Nationale, Terror
Next post Previous post