Search

You may also like

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.
International Kultur

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.

D’Flame schéngen ee ganze Kontinent ageholl ze hunn: Déi australesch

Wa se schaffen… da looss se schaffen
International Kultur

Wa se schaffen… da looss se schaffen

Wie ma sengem Auto an d‘Stad fiert a mengt et

Weltgesondheetssommet zu Genève (Kommentar)
International Kultur

Weltgesondheetssommet zu Genève (Kommentar)

Et ass wierklech deen zanter zwee Joerzéngte wichtegste Weltgesondheetssommet, well

Frankräich trauert ëm säin Johnny

Frankräich trauert ëm säin Johnny

An de Nuecht vum Dënschdeg op ee Mëttwoch ass den Johnny Hallyday, de gréisste Rock Star, dee Frankräich jee kannt huet, am Alter vu 74 Joer verstuerwen. E béist erwäche fir Millioune Fans. De Longekriibs war um Enn dee stäerksten.

„Den Johnny Hallyday ass fort. Ech schreiwen dës Wieder ouni drun ze gleewen. An awer ass et esou, mäi Mann ass net méi. Hie verléisst eis dës Nuecht wéi hie lieweslaang gelieft huet, mat Courage n Éier“, schreift seng Fra Laeticia an engem Communiqué.

„Bis zur leschter Sekonn huet hien dëser Krankheet, déi hien zanter Méint opgefriess huet, de Kapp gewisen. Hien huet eis allen e puer schéi Liewenslektioune ginn. En Häerz datt esou staark geschloen huet an deem Rocker, dee säi ganzt Liewen ouni Konzessioun fir säi Public, fir déi wou hie gären haten, do war“, esou d‘Laeticia.

Wéi den Johnny Hallyday, gebuer Jean-Philippe Smet, virun engem Mount hospitaliséiert ginn ass, war unzehuelen, datt et mat der Legend op Enn geet. D‘Star huet awer no sechs Deeg am Spidol entscheet Heem ze goen, sech op Marnes-la-Coquette zréckzezéien.

D‘Unzeeche waren däitlech

Doheem ukomm, war näischt méi gewuer ze ginn. Ech schlecht Zeeche wann e bedenkt, datt seng Fra Laeticia ëmmer beméit war, berouegend Noriichten iwwert d‘sozial Netzwierker erauszeginn. Dat war esou säit Mäerz wou den Johnny bekannt ginn hat, datt hie Kriibs hätt.

E Kriibs deem him schonn am November 2016 diagnostizéiert ginn ass. E Kriibs allerdéngs, deen dee Mënsch, vun deem d‘Fans geduecht et wier net kleng ze kréien, a vu sengem Frënd dem Eddy Mitchell „Robocop“ genannt ginn ass, innerhalb engem Joer zerfriess huet.

Awer den Johnny Hallyday huet gekämpft, sech der Krankheet gestallt. Och bei der Tournée vun de „Vieilles Canailles“, mat senge Frënn Eddy Mitschel a Jacques Dutronc, huet hien nach e gudde, vitalen Androck gemaach. Mat der schwéierer Chimio hat hien ze kämpfen, mee säi public huet him d‘Kraaft ginn.

Net méi fäerdeg ginn ass dogéint säin 51. Album. A 57 Joer Carrière, huet deen, wou ëmmer „d‘Idol vun de Jonke“ wäert bleiwen, iwwer 100 Millioune Placke verkaf an d‘Zäiten duerchreest. Vun der Gebuert vum Rock, iwwer de „Yé-Yé“ zum Varieté vun den 80er Joer fir dann nees zu de Wuerzele vum Rock an dem Blues zréckzefannen.

Den Johnny vu sech selwer

Onvergiess seng Hits: „Le Penitencier“, „Noir c‘est Noir“, „Retiens la Nuit“, „Que je t‘aime“, “Gabrielle“, La musique que j‘aime“, „Ma Gueule“, “Quelquechose de Tennessee“, „Alumer le feu“, „Marie“… Mee den Johnny hat och ëmmer e gudde Sproch op Lager, a seng Citatiounen si memorabel.

„De Johnny Hallyday ze sinn ass e Beruff. An dee maachen ech mat vollem Eescht, a gi mäi Bescht fir de Leit eng Freed ze maachen. Mee wann ech net schaffen, da sinn ech de Jean-Philippe Smet. Ech geléiert déi zwee ausenaner ze halen, och wann et laang gedauert huet. Ech si vun Natur aus discret, ech schwätzen net gäre vu mir. Alles wat ech weess, ass datt ech net esou sange kéint wann ech dat Liewen net gelieft hätt“, esou de Rocker 2014 am Télérama.

„Et kann een dëse Beruff net maache, wann een normal ass. Et ass scho méi laang datt ech mech net ewéi déi aner fillen. Et muss mir scho schlecht goe fir ze wëssen datt et mir kéint besser sinn“, 1998 am Monde.

„Ech weess, datt ech keen Idiot sinn, mee ech weess awer och datt ech deen Androck einfach vermëttele kann, well ech Dommheete maachen, Tuddelen a säit et mer säit enger gewësser Zäit egal ass“, aus senger Autobiographie (PLON – Dans mes Yeux 2013)

Éischt Reaktiounen

Als eent vun den éischten, huet d‘Céline Dion op den Doud vum Johnny Hallyday reagéiert. „Ech sinn traureg den Doud vum Johnny Hallyday erfueren ze hunn. Hie war eng Gréisst vum Show Business, eng echt Legend“, esou d‘Sängerin via Twitter.

Och de Michel Polnareff huet sengem „Held“ äddi gesot: „Ech spieren eng grouss Trauer, mee och eng gewësse Befreiung, well hien hute schrecklech gelidden. An et gesäit net gären déi leiden déi ee gären huet“, esou de Polnareff. „Hien wäert ëmmer bei eis sinn (…) Hie war ëmmer en Held. Et ass e vun deenen déi eis inspiréiert hunn, en hat e staarke Charakter, Hie war e grousst Virbild fir eis all“.

Den Johnny Hallyday, ee nationaalt Symbol. Aus dem Elysée, dann och den Hommage vum President Emmanuel Macron: „Vum Johnny Hallyday vergiesse mir weder de Numm, d‘Schnëss, d‘Stëmm a scho guer net de Repertoire, dee mat senger gewalteger Lyrik a Sensibilitéit, haut ganz a voll der Geschicht vun der franséischer Chanson gehéiert. Hien huet e Stéck Amerika an eisen nationale Panthéon bruecht“.

mat AFP

Foto: Den Johnny Hallyday am Abrëll 1969 am Plais des Sports zu Paräis. © Derrik Ceyrac/AFP

Related topics Frankräich, Johnny Hallyday, Musék, Rock'n Roll
Next post Previous post