Search

You may also like

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?
International Neiegkeeten

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?

D‘Mesuren déi vun der belscher Noutstandsregierung ënnert der Leedung vum

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht

Fir de Fridden an der Welt
International Neiegkeeten

Fir de Fridden an der Welt

Wëll de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) seng däitsch Homologin

Frankräich vertraut op Atomkraaft

Wärend anerwäerts d‘Atomkraaftwierker vum Netz ginn, verlängert den Elysée d‘Lafzäit vu sengen

Frankräich vertraut op Atomkraaft

Eis franséisch Nopere bezéie ronn 70% vun hirem Stroum aus der Atomkraaft. Atomkraaftwierker hunn eng bestëmmte Liewensdauer, zumindest war dat emol esou festgeluecht ginn. An eigentlech sollt fir déi meescht no 30 Joer Schluss sinn. Frankräich hat d‘Liewensdauer vun den eelste Wierker vun 30 op 40 Joer gehuewen, elo kommen nach emol 10 Joer derbäi.

Dës Decisioun kënnt net onerwaart. Schonn am Abrëll zejoert, hat déi franséisch Regierung de Wee fir eng Lafzäitverlängerung fräigemaach. En Donneschdeg huet dann elo déi franséisch Autoritéit fir Nuklear-Sécherheet (ASN) confirméiert, datt och déi 13 Atomkraaftwierker, déi schonn iwwer 40 Joer a Betrib sinn, weider solle bedriwwe ginn. Si wiere sécher, a wichteg fir d‘Klimaneutralitéit.

Et gëtt dann awer de Bedreiwer schonn nach ee puer Virschrëfte gemaach. Fir d‘Verlängerung vun der Notzung zougestanen ze kréien, ginn d‘Bedreiwer ugehalen, eng ganz Rei u Reparaturen an Upassunge virzehuelen, fir Accidenter un den 32 eelste Reakteren an der Unioun ze evitéieren… Déi meeschte ginn allerdéngs vun der EDF (Electricité de France) déi a Staatsbesëtz ass bedriwwen.

Vun dëser Mesure ass ënnert anerem och d‘Atomkraaftwierk zu Bugey (ëstlech vu Lyon) betraff. Dat war Enn de 70er Joer un d‘Netz gaangen. Mee och d‘Zentrale vun Dampierre (Paräis) an/oder Tricastin (Avignon), déi ugangs den 80er a Betrib geholl goufen, solle 50 Joer laang Stroum fir d‘Fransousen hierstellen. Bei den Noperen, stéisst dës Decisioun op zolidd Onverständnis.

Déi haten sech am Kontext vum Atomkraaftwierk zu Fessenheim (Dräilännereck am Elsass) wéinst de Geforen a Bedenken duerchgesat a Paräis gezwongen de Buttek zouzemaachen. Fessenheim ass am Juni 2020 endgülteg an definitiv ofgeschalt ginn. Däitschland an d‘Schwäiz hate wéinst de stännege Pannen an der Atomzentral, massiv Drock ausgeüübt. Cattenom dogéint bleift um Netz.

mat indymedia/par

Foto: E Killtuerm vun der Atomzentral zu Cattenom. © Thomas Millot / unsplash

Related topics ASN, Atomkraaft, Atomkraaftwierk, Frankräich, Lafzäitverlängerung
Next post Previous post