Search

You may also like

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef
International Neiegkeeten

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef

Zwee Deeg no der Explosioun um Hafen vu Beirut weist

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher
International Neiegkeeten

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher

Um Freideg hunn d’Ministesch Lydia Mutsch (Chancëgläichheet) an de Minister

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Zanter dem 16. September 2019 gëtt et an der Minettemetropol

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen

Zanter dem 18. Abrëll herrscht an de Virstied vun der Haaptstad eng Aart Ausnamezoustand. Ee Phenomen deen sech op aner Groussstied wéi Stroossbuerg ausgedehnt huet. An de sozialen Netzwierker zirkuléiere Biller vu brennenden Autoen an Dreckskëschten. Besonnesch haart getraff sinn d‘Banlieue vu Paräis. Clichy, Garenne, Nanterre a Villeneuve gëllen als Brennpunkt.

Säitens den Autoritéite ginn d‘Faiten als „Eenzelfäll“ duergestallt, bei deenen et vereenzelt zu Gewaltuwennung soll komm sinn. Den entstanene Schued wier verhältnesméisseg geréng, an d‘Ausschreidunge wieren net mam „Opstand vun de Banlieuen“ ze vergläichen, déi Frankräich zu Ufank vum Joerdausend kannt huet. Deemools war d‘Regierung schwéier ënner Drock geroden.

BanlieuenD‘Ausschreidunge ware sengerzäit deraart aus dem Rudder gelaf, datt d‘Regierung gezwonge gi war aus Sécherheetsgrënn den Ausnamezoustand ze verhänken. Deen – Pandemie oblige – huet et schonn, an elo stellt sech natierlech och d‘Fro, ob sech d‘Spannungen an de Banlieuen och wéinst den Ausgangsspären entlueden hunn. Fir de Stadpresident vu Stroossbuerg wier et eng Erklärung.

De méiglechen Ausléiser

Zu Villeneuve-la-Garenne war et an der Nuecht zum 19. Abrëll zu engem Accident komm, wéi ee jonke Mann op engem Motorrad (Typ Motocross) ouni Helm ënnerwee war. Wéi dësen op eng Kräizung duergefuer ass, stoung do en Auto vun der Police. En war en „zivilt“ Gefier firwat de Motard d‘Polizisten net erkannt huet, dunn awer vun enger „oppener Dier“ ausgebremst gouf.

Laut der Märei gëtt dat an engem Saz duergestallt: „D‘Gefier vun der Police war vir. De Moto ass mat héije Vitesse ugefuer komm, d‘Dier vum Auto ass opgaangen“. Duerch de Schock ass de Mann duerch d‘Luucht geschleidert ginn an hat sech en oppene Broch zougezunn an huet nach missen an der Nuecht operéiert ginn. Stellt sech elo d‘Fro: „Huet de Polizist mat Absicht d‘Dier opgemaach?

Banlieuen

D‘Inspektioun vun der Police (IGPN) ass mat enger Enquête beoptraagt ginn, nodeems den Affekot vum Motard eng Plainte deponéiert huet. De Mann vun 30 Joer ass der Justiz net onbekannt: 14 Condamnatiounen déi vu Drogenhandel iwwer Widderstand géint d‘Police, Gewaltuwennung bis hin zu Erpressung ginn, an dem Mann och schonn eng Rei „Auszäiten“ am Prisong abruecht hunn.

A well deem alles net genuch ass, gouf de Mann schonn dräimol wéinst Verstéiss géint d‘Mesuren (Ausgangsspär) verbaliséiert. Dës weidere steet hien zanter dem 16. Mäerz ënnert „contrôle judiciaire“, wëll hie mat engem Beil Morddreeunge géintiwwer Beamten zum Ausdrock bruecht huet. De ganze Virfall gouf „gefilmt“ an et koum nom „Accident“ zu éischte Gewaltausbréch.

Erfollegräich Hetz am Internet

De Motard, dee jo Erfarung ëm Ëmgang mat der Police huet, huet nach vum Krankebett, seng „Roserei“ iwwert d‘sozial Reseaue verbreet. Messagen déi an de Banlieue vum Hexagon gehéiert goufen, wouduerch et zu engem Flächebrand komm ass. D‘Prefektur huet de Beamten d‘Consigne ginn „all Kontakt“ mat jugendlechen ze vermeide wa keng direkt Gefor fir Drëtter besteet.

Zu Stroossbuerg, wou d‘Gewalt an de Banlieuen och Omnipresent ass, versicht een ze verhënneren datt sech den „Opstand“ op aner sensibel Quartieren ausbreet. Aus enger Note vum Präfekt ass ze enthuelen: „Déi lokal Delinquenten, frustréiert sech net hiren illegale Geschäfter (Drogen) kënnen zouzewenne wäerten näischt ausloosse fir de ‚Buzz‘ ze maachen, Zeréckhaltung ass erwënscht“.

Banlieuen

D‘Gewerkschaft vun der Police „Unité SGP“ huet dës Consignen denoncéiert. Hei géi zweeërlee Moss ugeuerdent. Wann d‘Police de jonken Delinquenten, déi fir d‘Gewalt verantwortlech sinn, net dierf net dierf „ze no kommen“, kënnen déi net verbaliséiert ginn, wéi dat fir den einfache Bierger, dee sech net un d‘Ausgangsspär hält, de Fall ass. Esou kéint een d‘Uerdnung net oprecht erhalen.

mat indymedia/par/sxb

Foto: A gewësse Banlieuen ass et net de Covid19 deen déi gréisste Gefor ass. © Jean Louis (via Twitter)

Related topics Banlieuen, Covid19, Drogenhandel, Gewalt, Opstand
Next post Previous post