Search

You may also like

Rapp a Klapp am Jemen
Neiegkeeten

Rapp a Klapp am Jemen

Déi jemenitesch Provënz Marib verfüügt iwwer grouss Pëtrolsreserven, firwat een

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen
Neiegkeeten

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen

Nodeems d‘Riichter zu Karlsruhe sech géint den Europäesche Geriichtshaff gestallt

Taiwan ëmmer méi isoléiert
Neiegkeeten

Taiwan ëmmer méi isoléiert

Scholde bei de Chinese maachen, datt ass ee riskant Geschäft,

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

Aus enger Etüd vum nationale statisteschen Institut geet ervir datt d‘Grenzgänger aus der Belsch an Däitschland besser bezuelt ginn

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

An der leschter vum STATEC verëffentlechter Etüd geet ervir, datt déi franséisch Grenzgänger zu Lëtzebuerg iwwert d‘Joer manner Geld verdéngen, wéi dat de Fall fir déi Belsch (+10.500 Euro) oder Däitsch (+8.300 Euro) Frontalieren de Fall ass. D‘Berechnung bezitt sech op d‘Joresakommes ouni d‘Cotisatiounen an d‘Sozialkeesen déi zu Laaschte vum Patron ginn.

Dat wier zolidd ongerecht, firwat de STATEC och séier erkläert wiem oder wat dat geschëlt ass. Et hätt domatter ze dinn, datt et verschidde Spezialiséierunge géif ginn déi esouwuel Lännerspezifesch wéi Secteur gebonne sinn. Eis franséisch Nopere wieren deemno méi present an de sougenannten Niddreglounsecteuren, wéi beispillsweis an der Gastronomie an/oder dem Eenzelhandel.

Laut STATEC wieren déi franséisch Grenzgänger och méi jonk, stinn also quasi um Ufank vun hirer berufflecher Carrière. Vun den 192.070 Frontaliere stellen d‘Fransousen d‘Majoritéit (52%). Eis Noperen aus der Belsch (24%) an Däitschland (24%) deelen sech de Rescht ënnert enaner op. Hei gëtt och notéiert, datt den Taux vun de Grenzgänger aus de genannte Länner stabil bleift.

Interessant nach d‘Remark, datt 1.501 Residenten als Grenzgänger an engem vun de genannte Länner sengem Beruff nogeet. Eigentlech wieren et de plakegen Zuelen no ze beuerteelen, därer awer 12.783. Dat huet domatter ze dinn, datt alles wat bei den europäeschen oder internationalen Institutioune beschäftegt ass, de Statut vum „travailleur frontalier“ ugespéngelt kritt.

Related topics Diskriminatioun, Frontalieren, Grenzgänger, Joresgehalt, Statec
Next post Previous post