Search

You may also like

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck
International Neiegkeeten

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten…

Och zu Ettelbréck steet de virgeluechte Behandlungszenter
International Neiegkeeten

Och zu Ettelbréck steet de virgeluechte Behandlungszenter

Zanter gëschter 14 Auer huet, no der LuxExpo um Kierchbierg

POST: Erneierung vum Kollektivvertrag
International Neiegkeeten

POST: Erneierung vum Kollektivvertrag

Zesumme mam LCGB, OGBL an der Associatioun „Syndicat des P&T“

Franséische Premierminister suergt fir gemëschte Gefiller

Impfstrategie, Fuesvakanz, Homeoffice… eis Noperen erwaart esou Muenches

Franséische Premierminister suergt fir gemëschte Gefiller

De franséische Premierminister Jean Castex huet seng Pressekonferenz a Begleedung vun enger Rei Ministeren ofgehalen. Den Toun war ferm, wéi hien sech zur Evolutioun vun der Pandemie, de wuel noutwennege Mesuren an de Fortschrëtter bei der Impfung geäussert huet. Geséchert ass, datt et hei just eng weider Etapp ass, an de Wee nach ee wäiten ass.

Am Schnëtt registréieren eis franséisch Noperen ëm déi 20.000 Covid19-Neiinfektiounen, 1.600 Hospitalisatiounen an 320 Stierffäll den Dag. Den Drock op de Gesondheetssystem ass enorm a vill Spideeler hu längst d‘Enn vun deem wat mënscheméiglech ze leeschten ass erreecht. Sechs vun zéng Patienten déi op den Intensivstatiounen opgeholl ginn, sinn Covid19-Patienten.

Wann d‘Situatioun besuergnesereegend ass, esou wier se laut dem Regierungschef nach ëmmer besser wéi bei villen Noperen. Et hätt een an de leschte Woche keng signifikativ Zounam ze bekloen, woubäi déi brittesch Variant, mee och de südafrikaneschen a brasilianesche Koseng vum Covid19 um Territoire géifen ëm sech gräifen. De B117 mécht 14% vun den Neiinfektiounen aus.

Trotz dëser jo awer ugespaanter Situatioun wier en drëtte Confinement awer den Ament net op der Dagesuerdnung. Ee Lockdown kéint nëmmen als leschte Recours agesat ginn, an d‘Situatioun ass zur Stonn nach ëmmer eppes besser wéi am Oktober. Dat bei enger gläichbleiwender Testfrequenz. De franséische Premier huet awer keng Zweiwel opkomme gelooss, datt hie seng Verantwortung ze huele weess, sollt et noutwenneg ginn. Et wier imminent wichteg sech elo un d‘Reegelen ze halen.

Méi impfen!

Wärend de franséische President Emmanuel Macron senge Landsleit versprach huet, dat jiddereen dee wëll bis zum Summer kéint geimpft sinn, huet säi Premier ugekënnegt, datt de Rhythmus eppes beschleunegt wäert ginn. Dat besonnesch bezunn op déi dräi Gruppen déi prioritär sinn: déi Leit iwwer 75 Joer, Mënsche mat enger schwéierer Pathologie an natierlech d‘Fleegepersonal.

An der Konsequenz sollt dat zu méi Kapassitéite féieren. Iwwert déi nächst Deeg, sollen nei Terminer fir 1,7 Millioune Leit an d‘Wee geleet ginn. De Jean Castex huet nach emol insistéiert, datt déi zoustänneg Autoritéiten an ausféierend Organer (vun der Impfung) dee vun den Hiersteller festgeluechten zäitlechen Ofstand tëscht de Vaccinatiounen (3 bis 4 Wochen) strikt anhalen.

Wat de Vaccin vun AstraZeneca betrëfft, dee grad vun den zoustännegen Autoritéite fir Frankräich zougelooss ginn ass, soll ab muer verofreecht ginn. Als éischt sollen och hei d‘Leit aus dem Gesondheetssecteur hir Dos erhalen, da Mënsche vu 50 bis 65 Joer, déi eng Comorbiditéit opweisen an uschléissend all déi aner Leit aus dëser Alterskategorie. 4 Milliounen Impfungen, dat ass d‘Zil datt sech déi franséisch Regierung bis Enn Februar gestallt huet. Experten halen dat fir méiglech.

Télétravail elo!

Ee weideren Appell gëtt un d‘Employeuren am Land. Si solle gefällegst jiddereen dee kann a wëll an den Homeoffice schécken. Hien ass veriergert doriwwer, datt zanter Joresenn de Recours op den Télétravail nees massiv ofgeholl huet, besonnesch an deenen Entreprise wou dat méiglech wier. Dat ass eng inakzeptabel Situatioun. Och d‘Entreprise missten, elo Verantwortung iwwerhuelen. Och d‘Aarbechtsministesch Elisabeth Borne huet en Appell un d‘Entreprise geriicht, aktiv ze ginn.

An dann ass do nach d‘Fuesvakanz. An dësem Kontext erwaart sech de Regierungschef vu senge Landsleit déi „gréisste Virsiicht“ fir Kontaminatiounen ze vermeiden. „Loosst iech testen, an isoléiert iech beim geréngsten Zweiwel. D‘Gestes Barrière uwennen a sech un d‘Reegelen halen, wier nach ëmmer déi gréisste Sécherheet. Auslandsreesen, och an déi franséisch Kolonien, bleiwe verbueden, dat och fir dës Iwwerséiterritoiren ze schützen, esou de Jean Castex.

No der Fuesvakanz sollen dann och d‘PCR-Tester an de Schoulen an Universitéite méiglech ginn. De Gesondheetsminister Olivier Veran huet allerdéngs betount, datt et sech hei net ëm sougenannt Schnelltester handelt. Et soll awer eng nei Technik benotzt ginn: d‘Analys vum Spaut. Déi wier däitlech méi agreabel, a géif esou besser vun de Kanner a Jugendlechen ugeholl ginn.

mat indymedia/par

Illustratioun: © La Coccinelle / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Frankräich, Jean Castex, Olivier Veran, Situatiounsiwwersiicht
Next post Previous post