Search

You may also like

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz
International Neiegkeeten

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz

Ouni Iwwerraschung, dofir mam gläiche politeschen Dissens, ass um Freideg

Sommet tëscht US-President an nordkoreanesche Leader elo awer?
International Neiegkeeten

Sommet tëscht US-President an nordkoreanesche Leader elo awer?

De Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet
International Neiegkeeten

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet

Wéi de Prozess déi lescht Woch, géint déi ugeklote SREL-Mataarbechter:

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?

De franséischen Reparatur-Index: Och en nohaltege Mechanismus fir Lëtzebuerg?

Zënter dem 1. Januar 2021 si Produzente vun Elektroproduiten a Frankräich dozou verflicht, op hire Wueren de sougenannte Reparatur-Index unzeweisen. Ähnlech wéi den NutriScore op Liewensmëttel oder och den Energielabel zur Kennzeechnung vum Energieverbrauch, soll dëse Wäert dem Verbraucher schnell an einfach uweisen, ob de Produit am Fall vun engem Schuet ka reparéiert ginn.

Ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft huet déi franséisch Regierung am Joer 2018 säi Fuerplang (FREC) presentéiert, dee mat am Ganze 50 Moossnamen zur Offallvermeidung a Ressourcëschounung bäidroe soll. Am Ofschnëtt vum „bessere Konsum“ ass den 10te Punkt d’Obligatioun fir Produzenten mam Reparatur-Index ze informéieren.

Och am Artikel 16 vum Gesetz vum 10. Februar 2020 zum Kampf géint d’Verschwendung an am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft festgehalen ass dës Verflichtung festgehalen. Wie sech net drun hält, deem dreet eng Strof tëscht 3.000 a 15.000 €.

Back to the roots

Mat Hëllef vum Reparatur-Index soll de Verbraucher schnell an einfach aschätze kënnen, ob, wéi einfach a wéi eng Deeler vum jeeweilege Produit kënne reparéiert ginn. Eleng d’Kennzeechnung ass obligatoresch – ob ee Produzent seng Wuer elo ëmbaut oder anescht designt, bleift him iwwerlooss.

Well den Index awer zur Kafentscheedung bäidréit – de Mënsch ass schliisslech ee Gewunneschtsdéier an huet e sech bis mat engem Apparat ugefrënnt, géif en dëse gären laangfristeg benotzen – gräift en héchstwahrscheinlech éischter op déi Wuer zeréck, déi net ewechgehäit muss ginn, soubal eppes dru futti ass.

Dëst ass fir de Produzent en Ureiz dozou, säi Produit esou „reparéierbar“ wéi méiglech ze gestalten an am beschte Fall och Ersatzdeeler zur Verfügung ze stellen. E weidere Virdeel: Huet sech d’Gewunnecht vum „reparéieren amplaz ewechgeheien“ bis an der Gesellschaft duerchgesat, ginn och Aarbechtsplaze geschafen. Schliisslech muss jo ee sech ëm d’Reparatur këmmeren.

Iwwerhaapt, wat ee méi iwwert Nohaltegkeet nodenkt, wat een ëmmer méi zum Entschloss kënnt, dass mir zu de Gewunnechte an der Liewensweis vun eise Virfaren zeréckgoe mussen. Deemools sollten d’Produiten laang halen, et huet ee probéiert alles ze verwäerten a virun ze benotzen. Et gouf einfach op laang Siicht gekuckt, produzéiert, kaaft a konsuméiert.

Reparatur-IndexFeuille de route économie circulaire

Wéi gesäit dee Reparatur-Index aus?

Unhand vun engem Symbol, verschidde Signalfaarwen an engem Wäert vu maximal 10 Punkten (1 fir geréng Reparaturméiglechkeet, 10 fir gutt an einfach reparéierbar) soll direkt op den éischte Bléck Alles zur „Reparaturfreedegkeet“ gesot sinn.

Reparatur-Index

Berechent gëtt de Wäert unhand vu 5 Haaptkritären a sengen Ënnerkritären. Dës setze sech folgendermoossen zesummen:

  • Zougang zu Informatiounen: Dëse Kritär bezitt sech dorobber, wiem wéi eng Informatiounen iwwert wéi een Zäitraum zur Verfügung stinn. Heizou gehéiere beispillsweis Gebrauchsanweisungen, Informatiounen zu Feelermeldungen a -codes oder och Schemaen vun den elektresche Schalttafelen;
  • Einfachen Demontage: Heibäi gëtt den Opwand (gemooss an Aarbechtschrëtt) vum Demontage an dem Zesummebauen gekuckt. Dës weideren gëtt och berécksiichtegt, wéi vill Geschir ee fir d’Reparatur benéidegt;
  • Zougang zu Ersatzdeeler: Ofhängeg vun der Verfügbarkeet, der Dauer vun der Verfügbarkeet an der Liwwerzäit kann d’Bewäertung gutt oder manner gutt ausfalen;
  • Präis vun Ersatzdeeler: Wat de Präis vum deiersten Ersatzstéck a Relatioun zum Maartpräis vum Produit zum Zäitpunkt vun der Berechnung méi niddreg ass, wat et eng besser Punktzuel gëtt;
  • Produktspezifesch Eegenschaften: Beim Smartphone wier dat beispillsweis d’Verfügbarkeet vu Software-Updates.

Fir den Ufank wäert de Reparatur-Index just op Smartphones, Laptops, Wäschmaschinnen, Fernseher a Méimaschinnen, spéider op allen Elektroproduiten ze fanne sinn.

Am Kader vun de verschidde Moossnamen, déi aktuell zu Lëtzebuerg getraff ginn, fir sech a Richtung Kreeslafwirtschaft hinzebeweegen, wier esou ee Reparatur-Index, sou wéi een Halbarkeets-Index och eng Iddi. Madamm Dieschbourg, Här Turmes, wat sot Dir?

Opmaacherbild: Bildmontage mat Foto vum © Anton Maksimov Juvnsky / Unsplash


Heizou kéinten Iech folgend Artikelen interesséieren:

Related topics a Feuille de route économie circulaire s, Aarbechtsplazen, Demontage, Elektroproduiten, Ersatzdeeler, Franséische Reparatur-Index, FREC, Kreeslafwirtschaft, Laptop, Nohaltegkeet, Reparéierbar, Smartphone, Wäschmaschinn
Next post Previous post