Search

You may also like

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
International Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020
International Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020

Zousätzlech zum Programm am Kader vun „En Dag an der

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“
International Neiegkeeten

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“

Dësen Evenement gouf duerch d’Covid-19-Pandemie ofgesot! D’Evenement E Laf fir

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss

Bei enger Groussdemo zu Paräis ass et op en Neits zu heftege Konfrontatioune komm

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss

De Protest géint den Artikel 24 vum Sécherheetsgesetz, war zu Paräis am Nomëtteg friddlech un de Start gaangen. Et sollt sech leider net laang halen… Dosende Vermummter hunn d‘Poliziste mat Géigestänn an „anere“ Geschosser ugegraff, Barrikaden a Gefierer a Brand gestach, d‘Fënstere vun de Geschäfter ageschloen. D‘Äntwert: Knëppel an Tréinegas. 42 Persoune goufe verhaft.

Fréi um Nomëtteg hat sech d‘Demonstratioun „Marsch vun der Fräiheet an der Gerechtegkeet“ am Oste vun der franséischer Haaptstad gebilt. Ënnert de Participante ware vill jonk Mënschen an och gewerkschaftlech Aktivisten. Scho bei der Zesummestellung vum Cortège, gouf skandéiert: „Macron et geet duer!“ an „Sécherheetsgesetz: Nee! Nee! Sozial Sécherheet: Jo! Jo!“.

Sécherheetsgesetz

Wann et dobäi bliwwe wier, hätt et tatsächlech eng „friddlech“ Demo kënne ginn. Mee et sollt sech anescht entwéckelen. Am Verlaf vum Nomëtteg hu sech vermummte Randaléierer dem Protest ugeschloss an et ass séier zu zolitten Ausenanersetzunge mat der Police komm. De Cortège hat grad emol 500 Meter hannert sech bruecht. Wéi eng 100 „Black-Block“ Membere lassgeluecht hunn.

Et goufen Autoen a Camionnetten a Brand gestach, d‘Fënster vun de Geschäfter ageschloen an eng Bankfilial ass carrement dem Buedem gläich gemaach ginn. Op der ganzer, fir d‘Demonstratioun ugemellte Streck huet et wuertwiertlech „geflaamt“. Eréischt géint der Owend huet sech d‘Lag zu Paräis nees berouegt. Domadder huet de Protest seng Ziler net erreecht, a Froe stellen sech och.

Geféierlech Minoritéiten

Mat esou engem Beholl, kann een de franséischen Inneminister Gérald Darmanin net emol Lige strofen, wann dësen sech iergert an notéiert: „D‘Randaléiere zerfachen d‘Land“. Dobäi ass et net „Frankräich“ wou protestéiert: laut den offiziellen Zuelen hunn sech am ganze Land (67 Milliounen Awunner) 52.000 Mënschen dem Protest ugeschloss, ronn 5.000 dovunner waren zu Paräis.

Et ass dann och net eleng zu Paräis zum Geklapps tëscht Polizisten an Demonstrante komm. Och zu Nantes huet der anstänneg op d‘Sabbel ginn. De Bilan um Samschdegowend ass erniichterend. Et sinn nees Mënschen op „béide Säite“ blesséiert ginn am ganze Land goufe 64 Persoune verhaft, 42 dovunner eleng an der Haaptstad. Dobäi léisst dës Gewalt net een eenzege vun de Problemer.

Déi awer brauchen dréngend eng Léisung. Zum Protest opgeruff hat ee Kollektiv aus Journalisten, Gewerkschaften, Afferverbänn a Mënscherechtsorganisatiounen. Demonstratiounen hat ausser zu Paräis an Nantes och zu Lille, Lyon an Toulouse ginn. Dobäi hat d‘Regierung an der Woch schonn annoncéiert, datt ee sech nach emol dem ëmstriddenen Artikel 24 géif unhuelen an iwwerschaffen.

Onverständnes oder schlecht erkläert?

An dësem geet et ëm d‘Beschränkung – bis hin zum Verbuet – Opnamen (egal op Video oder Foto) vu Polizisten/Gendaarmen am Asaz ze maachen. Domadder sollen d‘Beamten an hir Famillje besser virun Iwwergrëff, Harcèlement a Bedreeungen am geschützt ginn. Dat gëllt esouwuel fir dat „echt“ Liewe wéi de fir de virtuelle Raum. Woubäi et net deen eenzege Punkt ass, deen an der Kritik steet.

Esou gëtt an dësem héich an der Kritik stoende Sécherheetsgesetz och festgehalen, datt d‘Police d‘Videoiwwerwaachung vun Demonstratiounen op en neie Level hiewe soll. Nieft de sougenannte „Body-Cams“ sollen elo och verstäerkt Drone bei „Versammlungen“ dierfen agesat ginn. Esou soll ee bessere Schutz vun de Sécherheetskräfte méiglech sinn, soen zumindest d‘Policegewerkschaften.

Sécherheetsgesetz

Bleift nach drop hinzeweisen, datt de President Emmanuel Macron beméit war senge Landsleit um Freideg ze erkläre wei et weider geet. Hien huet nach emol verséchert, datt et och muer nach erlaabt ass, Polizisten/Gendaarmen am Asaz ze filmen an an de sozialen Netzwierker ze verëffentlechen. Et misst awer och eppes géint d‘Opriff zur Gewalt géint Beamten am Netz gemaach ginn.

De President huet och annoncéiert, datt dat anert Joer eng Onlineplattform soll ageriicht ginn, op där d‘Bierger Iwwergrëff, Diskriminatioun an „aner“ Verstéiss duerch Polizisten/Gendaarme melle kënnen. Dës Plattform soll vum „Défenseur des Droits“ (Staat) an de kompetenten Organisatioune (beispillsweis LICRA) geréiert ginn. Dat gëtt dann awer vun der Policegewerkschaften denoncéiert.

mat indymedia/par

Illustratioun: Offiziell tëscht 52.000 a 55.000 Demonstranten, laut den Organisateure 500.000! Do kann een net méi zortéieren…

Related topics Artikel 24, Frankräich, globaalt Sécherheetsgesetz, Krawall, Policegewalt, Pressefräiheet, Protest
Next post Previous post