Search

You may also like

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen
Neiegkeeten

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen

Eng laangjäreg Fuerderung an d’Beméiung vun der ULC hisiichtlech enger

Amerika an de Mythos vum „onpolitesche“ Sport (Analys)
Neiegkeeten

Amerika an de Mythos vum „onpolitesche“ Sport (Analys)

Allerdéngs ass 2020 net 2017, wou den Donald Trump carrement

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Wann et haut net wéi eigentlech geplangt zur Sëtzung vum

So-So-Solidaritéit mat de Fraen op der ganzer Welt!

Den éischten nationale Frastreik zu Lëtzebuerg feiert säi Succès

Iwwer 2000 Fraen – an ëm 200 solidaresch Männer – haten sech um vergaangene Samschdeg op der Plëss zesummefonnt, fir gemeinsam um Lëtzebuerger Fraestreik deelzehuelen. Gekleet a Mof an equipéiert mat Schëlter ass fir eng gläichberechtegt Gesellschaft, Fraerechter an eng fair Verdeelung vun der Care-Aarbecht, also alles wat am Alldag un onbezuelter Hausaarbecht ufält, demonstréiert ginn.

Um 15 Auer war de Startschoss: Mat diverse Riede gouf dem Publikum uerdentlech ageheizt. Speziell fir dësen Dag ass d’Solidaritéitsgefill duerch d’Choreographie un violador en tu camino gestäerkt ginn. Kee Wonner, datt vill virwëtzeg Gesiichter hire Bléck op d’Demonstranten, mat hire Banner, Schëlter an dat knallegt Mof geriicht hunn. Wann et drëm geet, déi strukturell an institutionell Gewalt wierkungsvoll ze bekämpfen, dann ass all Beweegung, déi d’Opmierksamkeet op sech zitt, ee Schrëtt zur Verbesserung.

Fraestreik

© Plattform JIF – fraestreik.lu

Am Laf Nomëtteg hu sech ëmmer méi Persoune spontan zur mofer Mass dozou gesellt a sinn den Tour vun der Plëss, laanscht d’Chamber an d’Gëlle Fra bis hin zu de Rotondes matgaangen. Ma, bei der zweete „Haltestell“ hat een eng méi wëlles. A véier Sproochen – et sollt jo schliisslech jiddwereen et verstoen – huet een déi wichtegst Fuerderungen ausgeruff. Heizou gehéieren:

  • Gläichberechtegung vun de Geschlechter fir ee gutt Liewe vu jiddwerengem;
  • Eng gerecht Verdeelung vun der Care-Aarbecht;
  • D’Recht op Wunne fir jiddwereen;
  • D’Hausse vum Netto-Mindestloun an d’Verréngerung vun Aarbechtszäite bei gläicher Paie.

Op Wonsch vun den Organisateuren hunn d’PolitikerInnen op déi siichtbar Plazen an den éischte Reie verzicht.

Fraestreik

© Plattform JIF – fraestreik.lu

Nächst Zil war d’Gëlle Fra. Hei waren et virun allem d’Fraen aus dem Botzsecteur, déi mat enger Danz-Aktioun kloer zum Ausdrock bruecht hunn, datt och si Dignitéit verdéngt hunn. „Kuckt eis! Héiert eis! Mir sinn net onsiichtbar! Ouni eis versenkt Dir am Dreck! Respektéiert eis, wéi mir et verdéngt hunn!“ ass hir Devise. Ganz vir bäi waren déi Fraen, déi mir oft, sief et duerch d’Hautfaarf, sexuell Orientéierung oder hire Beruff, ignoréiert an zeréckgedrängt ginn.

Iwwert d’Passerelle vum Pont Adolphe huet ee sech schliisslech op de Wee a Richtung Rotondes gemaach, wou déi grouss After-Streik-Party op d’Fraen a solidaresch Männer gewaart huet. De Succès vum Samschdeg Owend, deen nach net d’Enn vun der Aktioun war, sollt nämlech deementspriechend mat engem Patt a gudder Stëmmung gefeiert ginn. Ënnert dem Motto „Who cares? We care!“ ass um Sonndeg een oppent Evaluatiounstreffen organiséiert, wéi och d’Theaterstéck Footnotes opgefouert ginn.

D’Plattform JIF2020, déi sech ëm d’Organisatioun vum éischte Lëtzebuerger Frastreik gekëmmert huet, besteet aus der Handelskummer, CID | Fraen an Gender, dem Nationale Rot vun de Lëtzebuerger Fraen, CSF, déi gréng Genderrot, déi jonk gréng, déi Lénk, Femmes en Détresse, de sozialistesche Fraen, Finkapé, KWENI, Laika, Lëtz Rise Up, dem OGBL, Time for Equality, der Unioun vun de Lëtzebuerger Fraen, Golden Z Luxembourg, Movimiento Democrático de Mujeres-Hipatia Luxemburgo, dem Planning Familial, Cigale an engagéierte Privatpersounen.

D’Fuerderunge goufen zudeem schonn ënnerschriwwe vu Greenpeace Lëtzebuerg a Frères des Hommes.

Weider Fotoen fannt Dir uewen an der Billier-Galerie. Merci un Plattform JIF – fraestreik.lu fir d’Material.

Related topics Botzfra, Care-Aarbecht, Chamber, Demonstratioun, Fra a Mann, Fraestreik 2020, Gëlle Fra, Gläichstellung, Haushalt, Place d'Armes, Plattform JIF, Rotondes, Streik
Next post Previous post