Search

You may also like

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU
Meenung Neiegkeeten

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU

D’Hauspräisser am europäesche Raum si, wéi och an der EU,

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!
Meenung Neiegkeeten

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!

Dëse Samschdeg verwandelen sech d’Rotondes an eng Spillothéik! Famille, Kanner,

Albin Kurti gewënnt Parlamentswalen am Kosovo
Meenung Neiegkeeten

Albin Kurti gewënnt Parlamentswalen am Kosovo

Fir déi meescht Kosovaren haten d‘Parlamentswalen dës Kéier méi vun

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg

Ob een et ka knuppe loossen oder och net, dat entscheeden nach ëmmer d‘Gemengen

Legal – Illegal – Schäissegal: Knupperten a Freedefeier zu Lëtzebuerg

Jiddereen dierf esou domm si wéi e wëll (oder kann) a mat sengem Geld maache wouzou hie Loscht huet. Et soll och keen dohier kommen an anere virschreiwen, wat Sënnvoll ass, well nach si mir eng fräi Gesellschaft an där jidderee maachen a loosse kann, wat hie wëll a wéi hien et fir richteg hält.

Dat festgestallt, dierf nach drop higewise ginn, datt de Sujet „Knupperten a Freedefeier“ zuweilen d‘Gesellschaft spléckt. Woubäi dat och deels eise Gemengepappen a -Mamme geschëlt ass, déi iergendwéi net Androck maachen, d‘Zeeche vun der Zäit erkannt ze hunn. A wou jiddereen seng eegen Zëppche kacht, dierf sech net gewonnert ginn, wa kee sech un d‘Virgabe gebonne fillt.

Esou gëtt et an der Stad Lëtzebuerg esou eppes wéi „Toleranz“, vu datt déi wou sech e Freedefeier gënne wéilten – laut §33 vum generelle Policereglement – dozou vun der Buergermeeschtesch eng Autorisatioun missten ausgestallt kréien. D‘Lydie Polfer huet schonn zanter Jore keng Demande fir esou en Zweck kritt, an awer „knuppt“ all Joers fir Sylvester. Als Stater ass een eben tolerant…

An der zweet gréisster Stad vum Land, huet de Buergermeeschter Georges Mischo eng eppes méi kloer Linn. Um Territoire vun der Stad Esch si Knupperten an/oder Freedefeier strikt verbueden. Dat engersäits aus verständleche Sécherheetsbedenken an anersäits wéinst dem Déiereschutz. Och hei wäert sech awer nees keen un d‘Virgab halen, de Risk erwëscht ze ginn tendéiert jo géint Null.

Zu Déifferdeng, wou déi (nei) gréng Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch nach net weess ob si schonn d‘Mandat ausfëllt oder nach net ukomm ass, sinn d‘Knupperten an d‘Freedefeier tëscht 23.55 an 0.15 Auer „toleréiert“. D‘Buergermeeschtesch déi Klimaplang, Ëmwelt- an Déiereschutz politesch „vertriede“ soll, appelléiert u „gudd Noperschaft“. Dat kann ee kengem erklären…

Diddeleng mécht et den Escher no an huet och den Asaz vu Feierwierkskierper a soss Knupperte verbueden. Déi Péitenger si zwar och géint d‘Geknupps an eng generell Autorisatioun gëtt vum Buergermeeschter Pierre Mellina ausgeschloss. Zu Suessem wëll een och kee Geknupps an esou gëtt hei de Leit un d‘Häerz geluecht sech mat bestoenden Alternativen ze familiariséieren.

Si wëllen net op de Business verzichten

Wann et keng „kloer Linn“ gëtt beim Ëmgang mat Knupperten a Freedefeier, well all Gemeng dat no eegenem Gusto ka festleeën, da kann ee sech liicht Virstellen, datt dat mam Respekt vum Policereglement net wiesentlech anescht behandelt gëtt, wéi drop ze waarden, datt et „gréng“ gëtt iert een iwwert d‘Strooss geet. An et geet hei och ëm de Kommerz an dat „grousst“ Geld.

Elo ginn déi Geschäftsleit déi dës Artikele verdreiwe vun der Aarbechtsinspektioun (ITM) zwar kontrolléiert an et sollen och keng pyrotechnesch Artikelen u Mannerjäreger verkaf ginn, mee d‘Land ass kleng an d‘Ausland esou no. Wann da gewosst ass, datt de Resident am Schnëtt bis zu 150 Euro fir „Dreck a Gestank“ iwwreg huet, weess ee firwat d‘Geschäftsleit dru festhalen.

Interessant heibäi: bei deenen Enseigne wou mir eis erkënnegt hunn, wéi eng „Produiten“ virgezu ginn, hunn eis d‘Vendeure/Vendeuse verséchert selwer guer keen Interessi un den Artikelen ze hunn. Et wier awer ee profitabelt Geschäft, well hei d‘Gewënnmarge nach entspriechend héich ugesat ka ginn. Si bedaueren awer, datt een direkt hannert der Grenz „méi staark“ Produite kritt.

A wann et och richteg ass, datt et zu Lëtzebuerg éischter Seelen zu Onglécker mat Knupperten a Freedefeier komm ass, esou ass et genee esou richteg drop hinzeweisen, datt e Policereglement net d‘Léisung eleng ka sinn. Et bréicht een och d‘Personal déi d‘Anhale kontrolléiert. Et ass awer och kee Buergermeeschter bereet seng kommunal Agenten op Silvester domat ze beoptragen.

Gesetzer a Reglementer déi vu kenger Instanz iwwerwaacht ginn, si ville Rabbel- a Klatzkäpp Grond genuch sech driwwer ewech ze setzen. De Risiko sech un der Pyrotechnik ze blesséieren ass erwisenermoosse méi grouss, wéi vun den Zankerten den Dicks gebéit ze kréien. Dorausser ergëtt sech: wann et „eescht gemengt“ wier, hätt et längst eng Decisioun op Regierungsniveau ginn.

Foto: Wien 150 Euro fir Knupperten iwwreg huet, sollt sech net iwwert 3 bis 5 Cent Accisen op de Pëtrolsproduiten iergeren. Iwwregens, mat 150 Euro fir d‘Kriibsfuerschung, Déierenasyler oder ee soziale Projet, kann et virkommen datt een ee Freedefeier an den Häerzer entzünt. Mee gutt mat der Léift fir säi „Nächsten“ ass et zu Lëtzebuerg elo och net grad wäit hir… (Pixabay)

Related topics Déierschutz, Ëmweltschutz, Freedefeier, ITM, Knupperten, Policereglement
Next post Previous post