Search

You may also like

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“
International Neiegkeeten

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“

17 sozial-, wirtschaftlech-, ëmwelt- a friddenspolitesch Ziler sinn an der

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll
International Neiegkeeten

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll

Déi lénk rifft déi ganz Bevëlkerung op, sech muer Samschdeg

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!
International Neiegkeeten

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung

Nom Dout vum Ahmaud Arbery am Februar 2020 koum dem Ashley Scott d’Iddi, datt déi Schwaarz Bevëlkerung eng sécher Plaz gebuede kréie muss, op där sech jiddwereen mat Respekt begéint. Esou huet déi jonk Fra d’Freedom Georgia Initiative gegrënnt, duerch déi eng „entspanend, erzéieresch a kulturell Destinatioun fir schwaarz Famillen an der afrikanescher Diaspora“ opgebaut soll ginn.

De 25 Joer jonken Ahmaud Arbery ass Ufank des Jores am Glynn County (Georgia) beim Joggen erschoss ginn, den George Floyd ass am Mee a Minneapolis duerch Policegewalt erstéckt an eréischt viru kuerzem ass den Jakob Blake zu Kenosha 7 Mol hannerrécks ugeschoss ginn: E Protest reit sech un den Nächsten, mee weder um Niveau vun der Police, nach vun der Politik gëtt eppes géint Rassismus gemaach. „Mir hu mat institutionelle Rassismus ze dinn. Mir hu mat déifgrënnege Problemer ze dinn, déi méi verlaangen, wéi just op de Stroossen ze protestéieren“, erkläert d’Ashley Scott.

Freedom Georgia Initiative

The Freedom Georgia Initiative

Am ganze Chaos aus Rassismus, Pandemie an Onstabilitéit stellt d’Freedom Georgia Initiative eng Fläch vun 96,71 Acres, also e bësse méi wéi 39 Hektar Land zu Toomsboro (Georgia) zur Verfügung. Als innovativ Gemeinschaft – de Kollektiv besteet mëttlerweil schonn aus Entrepreneuren, Dokteren, Veteranen, Kënschtler, Gäertner a ville weidere Persounen aus de verschiddenste Beräicher – huet ee wëlles eng eegen Stad opzebauen, déi och zukünftege Generatiounen Sécherheet, Wäerter a Besëtz bitt.

Als Immobilienagentin krut d’Ashley Scott en Abléck an d’Pläng vun der neier Stad, déi nieft Stonecrest entstoe soll. Dëst Wëssen huet déi engagéiert Fra als Inspiratioun genotzt fir en eegene Raum opzebauen. De Wëllen fir e frësche Start an engem gebrachene System eng Sécherheet opzebauen ass grouss. Wéi sech de Projet an Zukunft virun entwéckelt kann een elo matverfollegen.

The Freedom Georgia Initiative

Un dësem Weekend feiert d’Initiativ de Projet

Ënnert anerem huet d’Initiative schonn de Black Achievement Fund installéiert, fir esou hiert finanziellt Zil vun enger Milliard Dollar ze erreechen an d’Stad opzebauen. Un dësem Weekend ass den Big Black Campout geplangt, bei deem eng Panoplie u Kënschtler a Museker optriede wäert. Et erhofft een sech eng fantastesch Stëmmung.

Related topics afrikanesch Diaspora, Afroamerikaner, Ashley Scott, Big Black Campout, Black Achievement Fund, gebrachene System, Georgia, Land, nei Stad, Respekt, Schwaarz Bevëlkerung, Sécherheet, systematesche Rassismus, The Freedom Georgia Initiative, Toomsboro, Wäerter, Zukunft
Next post Previous post