Search

You may also like

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!
Kultur Neiegkeeten

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!
Kultur Neiegkeeten

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!

Virgëschter huet déi Europäesch Kommissioun mat Drock op déi rechtspopulistesch

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen
Kultur Neiegkeeten

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen

Leschte Samschdeg huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht d’Blécker op sech

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik um 27. Februar 2020

Vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik um 27. Februar 2020

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten änneren sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mir lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.

No ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019) ass dës neikabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 60erJore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.

A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbannen sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Alles am Bléck

D’Kulturfabrik invitéiert den 27. Februar 2020 op déi satiresch Chronik „Fréier wor alles“. D’Diere maachen um 20:00 Auer op. Ticketen ginn et fir 10 € ënnert reservation@steinsel.lu oder Telefonsnummer 332 139 1.

Related topics Cabaret, Fréier wor alles, Jhemp Hoscheit, Satire, Steesel, Theater, zäithistoresche Réckbléck
Next post Previous post